I am active on Bluesky now. Please follow me there for updates. Looking forward to staying connected.
Lex Delles
Lex Delles (born 28 November 1984) is a Luxembourgish politician serving as Minister for the Economy, SMEs and Energy since 2023. A member of the Democratic Party (DP), he is also Minister for Tourism since 2018 and previously served as Mayor of Mondorf-les-Bains and as a member of the Chamber of Deputies. More on Wikipedia
-
Lex Delles
@LexDelles
-
Lex Delles
@LexDelles
Interessanten Abléck an d’Welt vun der Robotik op eisem Besuch bei der japanescher Firma FANUC mam Ierfgroussherzog zu Conter. Am Logistikzenter krute mir eng Demonstratioun vun hirem kollaborative Roboter, dem CObot, deen mat Mënschen zesummeschaffe kann. @CourGrandDucale
-
Lex Delles
@LexDelles
#pressekonferenz Mat eisem Programm ‘Astronaut for a Day’ wëlle mir de Schüler*innen tëscht 13 an 18 Joer d‘Méiglechkeet ginn, déi spannend Beruffer aus dem Weltraumsecteur 🌠 kennenzeléieren.
Aschreiwung bis Enn Mäerz op : www.astronautforaday.lu👩🚀
@MeischClaude @GeorgesMischo -
Lex Delles
@LexDelles
Mir hunn e Plang, fir d’Entwécklung vun eise wirtschaftlechen Aktivitéitszonen an Aklang mat der ekonomescher an nohalteger Entwécklung vun eisem Land ze bréngen👉gd.lu/8GVwWc
-
Lex Delles
@LexDelles
Informellen EU-Conseil zu Warschau: e Bannemaart, dee funktionéiert, ass d'Grondviraussetzung fir e staarkt Europa an enger Welt, wou de fräien Handel ëmmer méi a Fro gestallt gëtt.
#conseilcompétitivité #conseilaffairesétrangères
@steph_sejourne @Xavier_Bettel -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Appel à projet : Ënnerstëtzung vun Entreprisë bei der Finanzéierung vu Luedstatiounen 🚗🔋.
📅 Eisen Opruff fir Projete leeft vum 3. Februar bis den 3. Juni 2025. Méi Informatiounen : gd.lu/9lvVtM -
Lex Delles
@LexDelles
Nohaltegen Tourismus ass fir eis eng Prioritéit. Zesumme mam #sergewilmes, dem Oekozenter Pafendall a provelo.lu hu mir haut wichteg Labelen un 22 touristesch Acteure verginn. All d’Informatioune 👉gd.lu/2lNRnq
-
Lex Delles
@LexDelles
Regulatoresch Oplagen dierfe fir eis Betriber keng onnëtz zäitlech Belaaschtung sinn. Wéi d’Presidentin vum Europaparlament, @RobertaMetsola gëschter um Neijoerschpatt vun der @Fedil_Lux ënnerstrach huet, brauche mir eng effizient a logesch Regulatioun,
Lex Delles
@LexDelles
déi et de Betriber erlaabt, sech op hir Käraktivitéiten ze fokusséieren. Am Wirtschaftsministère bleift déi administrativ Vereinfachung weiderhin eng Prioritéit.
-
Lex Delles
@LexDelles
Wéinst dem Tëschefall zu Müden op der Musel an Däitschland, war ech zesumme mat der Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten @Yuriko_Backes haut op de Mäerterter Hafen, fir d'Ausmooss vum Schued an d‘Bedenke vun de Bedreiwer vum Hafen zu Lëtzebuerg ze verstoen.
Lex Delles
@LexDelles
Via de Comité de conjoncture wäert de Wirtschaftsministère déi betraffe Betriber ënnerstëtzen.
-
Lex Delles
@LexDelles
#pressekonferenz #tourismus
Mat den Acteuren um Terrain hu mir en neit Nohaltegkeetskonzept am Tourismus ausgeschafft, fir Lëtzebuerg als nohalteg Destinatioun am Häerz vun Europa ze positionéieren.
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Le concept pour un tourisme durable repose sur 4 piliers – écologie🌱, social👤, culture🏰et économie📈– qui visent à préserver les ressources naturelles, renforcer l'inclusion sociale, valoriser le patrimoine culturel et garantir la pérennité économique👉gd.lu/6Rb6VN
-
Lex Delles
@LexDelles
Um Conseil Energie zu #bréissel steet d’#geothermie haut um Programm:D’Hëtzt aus der Äerd ass eng erneierbar Energiequell, déi onofhängeg vum Wieder ëmmer disponibel ass. Um Ministerrot sinn mir eis eens,datt d'Geneemegungsprozedure fir dës « Äerdenergie » musse beschleunegt ginn
-
Lex Delles
@LexDelles
🇦🇹🤝🇧🇪🤝🇨🇭🤝🇩🇪🤝🇫🇷🤝🇱🇺🤝🇳🇱🤝🇪🇺 Um Pentalateral Energy Forum schaffen mir mat 6 Partnerlänner dorun, eis Stroummäert nach besser ze verbannen an handfest Léisungen ze fanne fir kompetitiv Stroumpräisser 🔌 fir d'Leit an d’Betriber ze fërderen.
Lex Delles
@LexDelles
Dofir hunn mir der neier @EU_Commission haut 2️⃣ Joint Statements iwwerginn, mat Recommandatioune fir dës Ziler z’erreechen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Wichtege Schrëtt an der Zesummenaarbecht tëscht Lëtzebuerg an den USA : mam @SenBillNelson, Chef vun der @NASA, hu mir haut en Ofkommes ënnerschriwwe fir eis Zesummenaarbecht an de nächsten 10 Joer am Weltraum ze verstäerken.
Lex Delles
@LexDelles
Den Accord spigelt eis gemeinsam Ambitioun erëm, Innovatioun ze fërderen an zur nohalteger Entwécklung vun de Weltraumaktivitéiten zum Wuel vun der ganzer Mënschheet bäizedroen.
© SIP / Claude Piscitelli -
Lex Delles
@LexDelles
2. Reunioun vum Haut comité pour l’attraction, la rétention et le développement de talents : Presentatioun vun 3 Etuden am Kader vun der Talent Attraction + Oppen Diskussioun iwwert d’Defie + Punkt iwwert den Avancement vum digitale Portail, deen Ufank 2025 lancéiert gëtt
-
Lex Delles
@LexDelles
#pressekonferenz Den #automobilityincubator zu Biissen steet fir de Wee no vir: en Ekosystem,an deem den Austausch an d’Innovatioun tëschent den Entreprisen aus der Automobil Industrie gefërdert gëtt. Et ass och ee Baustee fir um autonome Fuere & nohalteger Mobilitéit ze schaffen
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Op der "China International Supply Chain Expo" zu #beijing krut de Minister @lexdelles ëmweltfrëndlech Technologië ë.a. an der Logistik an an der Supply Chain präsentéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ënnerschrëft vun der Absichtserklärung mam saarlännesche Wirtschafts- an Energieminister #jürgenBarke. Duerch des erweidert Zesummenaarbecht kënne mir de nohaltege Wuesstem fërderen, besonnesch an de Beräicher vum #waasserstoff, der #digitaliséierung an der #kreeslafwirtschaft.
-
Lex Delles
@LexDelles
Besuch bei @Cargolux_Intl mam Ierfgroussherzog Guillaume a mam @Yuriko_Backes , mat Fluchsimulatioun vun enger Boeing✈️.Als #1 Frachtfluchgesellschaft an der EU mat 3150 Mataarbechter zu Lëtzebuerg, huet Cargolux eng laangjäreg Erfarung am Transport vu deene verschiddenste Wueren
-
Lex Delles
@LexDelles
Comptage divisionnaire: E Schratt a Richtung méi bewossten Energieverbrauch an Appartementshaiser.
ℹ️ D'Infoe fannt Dir um Site vun der Klima-Agence : gd.lu/6bj80l -
Lex Delles
@LexDelles
An Zäiten,an deenen erëm vu verschiddene Länner Grenzkontrollen agefouert ginn,ass d’Erënnerung un de Geescht vu Schengen méi wichteg ewéi jee.Een Symbol fir een Europa ouni Grenzen ass d‘MS Princesse Marie Astrid II:viru bal 40Joer gouf um Schëff de SchengenAccord ënnerschriwwen
Lex Delles
@LexDelles
No der Sanéierung an der Lux-Werft zu Niederkassel 🔧, wäert d‘Schëff mat neiem Numm „Prinzessin Marie-Astrid Europa“ ⛴️ am Juni 2025 als schwammende Musée zeréck op #schengen kommen. D’Bewosstsinn fir eis Geschicht an den Zesummenhalt an der #eu musse mir erhalen.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
#hydrogène 💧⚡ #appelàprojets : bis de 15. Februar 2025, kënne Betriber hir Pilotprojete fir Waasserstoff aus erneierbaren Energien, also grénge Waasserstoff, ze produzéieren, bei eis areeche fir eng Hëllef ze kréien. All Informatiounen : gd.lu/8pQjx1
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Hafe vu #barcelona hu mir haut de Flësseggasterminal (LNG) vun Enagas, de Bedreiwer vum 🇪🇸 Gasnetz, besicht. Déi 5 Tanken um Schëff hu genuch Gas fir wärend engem Dag d’Consommatioun vu ganz Spunien ze decken.Den Expert am Gas Enagas huet eis och hire Projet“H2med”virgestallt.
Lex Delles
@LexDelles
Als “Project of Common Interest” vun der #europeancommission definéiert, soll H2med deen éischten Hydrogène Corridor an der #eu ginn. E wichtege Waasserstoff-Projet fir eis Energiequellen an der 🇪🇺 ze diversifizéieren a méi nohalteg ze maachen.
@LUinMadrid @BieverChristia1 -
Lex Delles
@LexDelles
140 Länner beschäftegen sech um “Smart City Expo World Congress” zu #barcelona mat der Fro : wéi kënnen mir eis Stied méi smart an nohalteg maachen, zum Wuel vun der Gesellschaft, der Ëmwelt an de Betriber?
Lex Delles
@LexDelles
14 Exposanten um 🇱🇺 Pavillon entwéckele Léisungen fir des Fro ze beäntwerten, ë.a. mat Technologie fir d’Preventioun vun Héichwaasser💧, dem Monitoring vun der Baamgesondheet 🌳 a Bëschbränn🔥 oder 3D Modeller vu Stied.
-
Lex Delles
@LexDelles
#nsec 🇧🇪🤝🇩🇰🤝🇫🇷🤝🇩🇪🤝🇮🇪🤝🇱🇺🤝🇳🇱🤝🇬🇧🤝🇸🇪🤝🇪🇺
D‘North Seas Energy Cooperation bréngt 9 Länner zesummen, déi sech fir d'Erweiderung vu Wandprojeten an der #nordsee an d'Vernetzung vun eisen Energiesystemer asetzen.Post not available here, view on X
Lex Delles
@LexDelles
✅ eis iwwert Finanzéierungsmechanismen ausgetosch, déi et och Länner ouni Accès un d‘Mier erlaben, sech un Offshore Projeten ze bedeelegen;
Lex Delles
@LexDelles
✅ den Hafe vun Odense besicht, an deem déi weltwäit gréisste Wandturbinne gebaut ginn - dës sinn méi héich wéi den Eiffeltuerm.
#odenserecommendations
#energytransition
@Fedil_Lux -
Lex Delles
@LexDelles
🇩🇰🤝🇱🇺 Mam däneschen Energieminister Lars Aagaard hu mir zu #kopenhagen en MoU ënnerschriwwe fir eis Kooperatioun am Beräich vun den erneierbaren Energien, wéi zum Beispill beim Offshore Wand 🌬️🌊, ze verstäerken.
Lex Delles
@LexDelles
Kollaboratioun um #eu Niveau ass wichteg, fir d'Potenzial vun der Sonn- a Wandenergie do maximal ze notzen, wou d'Sonn schéngt an de Wand bléist.
Lex Delles
@LexDelles
Mir sinn als Land Pionéier an der Finanzéierung vun erneierbare Projeten an Europa an erreechen esou - nieft dem nationalen Ausbau vu Solar a Wand - eis ganz ambitiéis Klimaziler ☀️.
-
Lex Delles
@LexDelles
🌬️Gratulation der #soler, der #sudenergie an der Gemeng #monnerëch zur Aweiung vun hirer Wandanlag zu #steebrécken, déi Stroum fir ronn 2.200 Haushalter produzéiere wäert.⚡️
-
Lex Delles
@LexDelles
☀️🌬️Haut steet den Dag am Zeeche vun der Erneierbarer Energie:
☀️Mam @HansenMartine2 a #sergewilmes hu mir déi éischt Agri-Photovoltaik-Anlag hei am Land zu #kielen ageweit.
Lex Delles
@LexDelles
Mat Agri-Photovoltaik-Anlage gëtt net nëmmen erneierbaren a nohaltege Stroum produzéiert, mee d’Bauere kënnen hir Fläche weiderhi fir d‘Landwirtschaft notze 🌾a mat de Wisseflächen ënnert de Panneauen den Insekteschutz fërdere 🐝 – also en dräifachen Notzen ✅.
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut op den Luxembourg Venture Days vu @Luxinnovation an der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association #lpea: iwwer 2700 ugemellte Participanten a méi wéi 200 Investisseuren, déi Startuppe mat Risikokapital fërderen.
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam Finanzministère schaffe mir och grad un engem Aktiounsplang fir Startuppen. Gutt Iddie brauchen en ënnerstëtzend Ëmfeld, fir verwierklecht ze ginn.
@CourGrandDucale
#sashabaillie #stéphanePesch -
Lex Delles
@LexDelles
Entrevue mam @SenBillNelson, dem Administrateur vun der amerikanescher Raumfaartagence @NASA. Weltwäit bekannt duerch hir Moundlandunge mat den Apollo-Missiounen, schafft d’#nasa och aktuell um Retour op de Mound mam Artemis-Programm.
Lex Delles
@LexDelles
Lëtzebuerg war ee vu deenen éischte Signatairen vun den Artemis-Accorden, déi gemeinsam Prinzippie fir d’Erfuerschung a déi friddlech Notzung vum Weltraum festleeën.
-
Lex Delles
@LexDelles
Gudden Echange mam Generaldirekter vun der europäescher Weltraumorganisatioun @esa, dem Josef Aschbacher. D’#esa entwéckelt Raumfaartechnologien, a leet dobäi e grousse Wäert op eng nohalteg Exploratioun vum Weltraum - esou wéi Lëtzebuerg.
#iac2024 @LuxSpaceAgency -
Lex Delles
@LexDelles
E konkret Beispill vun enger erfollegräicher 🇯🇵 🇱🇺 Kollaboratioun: Visitt vum Lander a vum Rover um Stand vun der Firma #ispace. De Lander transportéiert de Rover #madeinluxembourg op de Mound, deen do Moundsand wäert asammelen 🌑.
@ispace_inc | @LuxSpaceAgency -
Lex Delles
@LexDelles
Mat iwwer 11.000 Fachleit aus 120 Länner ass den International Astronautical Congress #iac zu #mailand dat gréissten Treffen am Beräich vun der Raumfaart 🚀. Um 🇱🇺 Pavillon hunn mir iwwert d'Entwécklungspotenzialer vum Lëtzebuerger Space-Secteur diskutéiert. @LuxSpaceAgency
-
Lex Delles reposted
Austria at EU
@AustriaatEU
Continuing on the right path to climate neutrality
🇦🇹Energy Minister @lgewessler together with Ministers competent for energy from 🇨🇾🇩🇰🇩🇪🇬🇷🇮🇪🇮🇹🇱🇺🇲🇹🇳🇱🇵🇹 propose key actions required to meet 2050 climate targets to the @EU_Commission
www.bmk.gv.at/en/service/press/20241014_renewables.html
#friendsofrenewables -
Lex Delles
@LexDelles
Haut hu mir festgehalen,datt de @VodafoneGroup mat MG Real Estate e neie Logistikhub 2025 zu Beetebuerg baue wäert.Dës zukünfteg Lagerhal vu 26.000 m2 mat nohaltege Standarden,wäert et erméiglechen Technologien, wéi Antennen a Routeren,bannent 24 Stonnen an #europa ze verschécken
-
Lex Delles
@LexDelles
20 EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, bekennen sech gemeinsam dozou, dass si wëllen de Bannemaart verdéiwen – et geet dobäi virun allem ëm méi Choix a besser Präisser fir eis Konsumenten a méi Fairness fir eis national Betriber.
Luxembourg in the EU 🇱🇺🇪🇺
@RPUE_LU
Joint call by 🇱🇺🇨🇿🇦🇹🇭🇷🇨🇾🇩🇰🇪🇪🇫🇮🇩🇪🇮🇪🇱🇻🇱🇹🇲🇹🇳🇱🇵🇱🇵🇹🇷🇴🇸🇰🇸🇮🇸🇪 on priorities for the new @EU_Commission in the 🇪🇺 Single Market.
To increase #competitiveness we need to relaunch the #singlemarket as a matter of priority.
➡️ bruxelles-rpue.mae.lu/fr/actualites/2024/september-20-com… -
Lex Delles
@LexDelles
Insgesamt e positive Bilan fir den Tourismus am Joer 2024,mat ë.a. 1 110 625 Iwwernuechtungen an den Hoteller tëscht Januar a Juli (+5% vs2023).Och an Zukunft wäerte mir den Akzent op d'Qualitéit vun der touristescher Erfarung,d'Inklusioun an d'Erhalung vun eisem Patrimoine leeën
Lex Delles
@LexDelles
Top dräi vun de meescht besichte Platzen 2024 ass :
1. Parc Merveilleux (247 982 Visiteuren)
2. Veianer Schlass (198 895 Visiteuren)
3. Mullerthal Trail (160 269 Visiteuren)
ℹ️👉 gd.lu/5Cp09f -
Lex Delles
@LexDelles
Zu #biissen steet elo dat éischt zirkuläert Parkhaus am Land. Esouwéi Legostécker, kennen d'Putteren an d‘Baumateralien am Parking ëmmer nees op-an ofgebaut ginn. Mat Projete, wéi eisem Parkhaus wëlle mir dem Prinzip vun der Zirkularitéit gerecht ginn👉 youtu.be/ebXbmwx4R9M
-
Lex Delles
@LexDelles
All Timber ass e klengt Konschtwierk,deen eis Geschicht a Kultur reflektéiert & iwwert Generatiounen erhält.Ech hu mech gefreet de Crypto-Timber auszezeechnen,deen als «Schéinsten Timber 2023» gewielt gouf a mat deem d‘@POST_Luxembourg flott illustréiert,datt si mat der Zäit geet
-
Lex Delles
@LexDelles
Op der Journée Portes Ouvertes Luxembourg vun brain&more war et méiglech e Bléck hannert d'Kulisse vu 34 Betriber ze werfen an d‘Mataarbechter kennenzeléieren. Fir dës informativ Veranstaltung z‘ënnerstëtzen, hu mir mam @LeonGloden d'@schlaesserei.lu an biorockwastewater besicht
-
Lex Delles
@LexDelles
Aweiung vum neie @STATEC Gebai "Twist"mam @RothGilles, #elisabethmargue, @Yuriko_Backes a mam fréiere Wirtschaftsminister Henri Grethen. D'Gebai kombinéiert Nohaltegkeet mat engem modernen Aarbechtsëmfeld an erlaabt et dem #statec seng Missiounen a gudde Konditiounen auszeféieren
-
Lex Delles
@LexDelles
Markante Moment gëschter: mam @LucFrieden ware mir bei der Inauguratioun vum Wandpark Nordenergie um #karelshaff dobäi. Ronn 7400 Bierger*innen wäerten duerch des Anlag mat erneierbarer Energie versuergt ginn. D’Vereinfachung vun de Prozedure fir Wandparken ass eng Prioritéit.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat der Ministesch fir Fuerschung an Héichschoul #stéphanieObertin hu mir haut Fuerscher*innen beim Luxembourg Institute of Science and Technology - #list kennegeléiert, déi sech op technologesch Innovatioun konzentréieren. Fuerschung ass ee Motor fir eis Wirtschaft.
Lex Delles
@LexDelles
An deem Kontext hu mir och en Accord-cadre ënnerschriwwe fir d‘Fonctionnement vum European Space Resources Innovation Centre - @ESRIC_lu bis 2029 ze garantéieren.
Lex Delles
@LexDelles
International unerkannt a beim LIST ugesidelt, erfuerscht den #esric d'Notzung vu Weltraumressourcen an hëlleft soumat de Raumfaartsecteur an Europa ze stäerken. @LuxSpaceAgency
-
Lex Delles
@LexDelles
An Zesummenaarbecht mat Socom a mat der Ënnerstëtzung vum @MinEcoLux huet d'#banqueraiffeisen gëschter eng Photovoltaikanlag 100% #madeinluxembourg inauguréiert. Déi 414 Panneauen maachen et méiglech hire Joresverbrauch vun den 73 Opluetstatioune fir elektresch Gefierer ze decken
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam @Xavier_Bettel hu mir eis haut gefreet, d'Acteure vum “Trade and Investment Board” ze rassembléieren. Ënnert der Éierepresidentschaft vum Ierfgroussherzog, bréngt dëst wichtegt Organ Acteuren a Fachleit zesummen, fir déi ekonomesch Promotioun vu #lëtzebuerg ze fërderen
Lex Delles
@LexDelles
Et ass eng Zesummenaarbecht mam Zil gutt Viraussetzungen ze schafen ; souwuel fir Betriber, déi sech bei eis etabléiere wëllen, wéi och Entreprisen, déi international Fouss faasse wëllen.
Lex Delles
@LexDelles
@CourGrandDucale / @MinFinLux / @MinEcoLux / @Luxinnovation / @ccluxembourg / @CdMLuxembourg / @FEDIL
-
Lex Delles
@LexDelles
De @STATEC spillt eng Schlësselroll wat zouverlässeg an objektiv Donnéeën iwwert #lëtzebuerg uginn. No senger fondéierter a laangjäreger Erfarung beim #statec, gratuléieren ech dem Tom Haas zu sengem neie Rôle als STATEC-Direkter a freeë mech op d’Zesummenaarbecht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mir plangen eng Zesummenaarbecht mam #saarland beim Ausbau vum Waasserstoff. De saarlännesche Wirtschafts- &Energieminister #jürgenBarke war haut zu #lëtzebuerg fir iwwert déi verschidde Méiglechkeete vun eiser Kooperatioun ze schwätzen. An e puer Wochen ënnerschreiwe mir en MoU.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Mir hunn zwee Projetsopriff lancéiert fir d'Betriber beim Ausbau vu grousse Photovoltaikanlagen z'ënnerstëtzen👉gd.lu/bsTVBS
Den 19. September ass e gratis Informatiounswebinar vu @Luxinnovation op Englesch dozou gd.lu/6Q8724 -
Lex Delles
@LexDelles
Beweegend Momenter um 82.Joresdag vum Streik vun de Postmataarbechter géint d'Nazi-Besetzung. Mat der Commemoratiounsplak gëtt d’Erënnerung un d‘Postbeamten Nicky Konz a Jean Schroeder héich gehalen. D'Erënnerung un eis Geschicht musse mir och fir zukünfteg Generatiounen erhalen
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun @Paris2024 gouf an der "Maison du Luxembourg" e Networking-Event organiséiert, wou sech lëtzebuergesch a franséisch Entreprisen iwwert nei Kooperatiounsméiglechkeeten ausgetosch hunn. Ech hu Lëtzebueg als Tourismusdestinatioun an als Wirtschaftsstanduert virgestallt
-
Lex Delles
@LexDelles
Ab muer geet de #vëlosummer nees lass 🚴♂️🚴♀️ @Yuriko_Backes @mmtp_lu
ℹ️ 👉 www.velosummer.luThis media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles
@LexDelles
Gratulatioun @ispace_inc fir d'Presentatioun vum Rover #tenacious, deen zu 🇱🇺 entwéckelt gouf. Den Tenacious ass den éischte Rover aus Europa, deen um Mound lande wäert. Dëse Projet illustréiert déi gutt Zesummenaarbecht tëscht 🇱🇺🇯🇵🇺🇲am #space Secteur. @LuxSpaceAgency
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Mir hunn zwee nei Projetsopriff lancéiert fir d'Betriber beim Ausbau vu grousse Photovoltaikanlagen z'ënnerstëtzen👉gd.lu/bsTVBS
Mat @Luxinnovation ginn heizou zwee gratis Informatiounswebinarer organiséiert: den 30. Juli an den 19. September👉gd.lu/6Q8724 -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
mir wëllen d'Betriber dobäi ënnerstëtzen an ëmweltfrëndlech Moossnamen ze investéieren, z.B: Erhéijung vun der Energieeffizienz; Produktioun vun Erneierbaren Energien; Reduktioun vum Waasserverbrauch; Recycling vun Offäll
👉gd.lu/32HhQF
@ccluxembourg @CdMLuxembourg -
Lex Delles
@LexDelles
E weideren innovative Betrib, deen an eisen Ekosystem passt, mëscht seng 🇪🇺Headquarters zu #lëtzebuerg op: #lyten ass ë.a. fir seng modern a liicht Lithium-Sulfur Batterië bekannt, déi z.B. hëllefe kënnen de Mobilitéitssecteur méi nohalteg ze gestalten @Xavier_Bettel @RothGilles
-
Lex Delles
@LexDelles
Klimaschutz ass a bleift fir dës Regierung eng Prioritéit a mir wäerten erneierbar Energië weiderhi massiv ausbauen. Haut hu mir de Plang fir eis ambitiéis Klimaziler ze erreechen ugeholl #pnec
#sergewilmes @STATEC -
Lex Delles
@LexDelles
Konstruktiven an oppenen Echange mam @OGBL_Luxembourg an @LCGB_Luxembourg iwwert d‘Datestrategie fir eis Wirtschaft.
-
Lex Delles
@LexDelles
Gutt Atmosphär, Entrepreneursgeescht a flott Pitchen op der Summerparty vun startups.lu - Luxembourg Startups Association. Mir wäerten de Startup-Ekosystem zu🇱🇺 och weiderhi mat eise Programmer ënnerstëtzen @CourGrandDucale @RothGilles @fernandernster @POST_Luxembourg
-
Lex Delles
@LexDelles
Visitt bei @amazon mat der #luxembourgconfederation.
-
Lex Delles
@LexDelles
#bilan #pme
Presentatioun vum Bilan 2023 vun der "Direction générale PME, Artisanat et Commerce" : mat 5.622 neie Betriber bléift de Secteur vum Mëttelstand dynamesch. Mir schaffe weider un engem attraktiven Ekosystem fir d'Entreprisen. -
Lex Delles
@LexDelles
Produktiven Austausch zesummen mam Minister #gillesroth an de Sozialpartner iwwert lännerspezifesch Recommandatioune vun der Europäescher Kommissioun am Kader vum Semestre européen zu #senneng. @OGBL_Luxembourg
@Cgfp_lu @LCGB_Luxembourg #uel
📸 SIP / Claude Piscitelli -
Lex Delles
@LexDelles
Visitt bei #fourshein mat Presentatioun :
- vum Joresrapport vun @Luxinnovation,
- der Vereinfachung vun de Programmer "Fit 4",
- an Aidë mat Schwéierpunkt op kënschtlech Intelligenz. -
Lex Delles
@LexDelles
#healthtech ass ee vun eise prioritäre Secteuren. Haut hat ech e gudden Echange mam Luc Provost, CEO vun @BMedicalSystems zu #lëtzebuerg.
-
Lex Delles
@LexDelles
Gëschter huet @Artec3DScanners eis hir userfrëndlech 3D Scanner demonstréiert, déi a villen Secteure genotzt ginn, fir praktesch a schnell Objeten ze vermoossen an eng digital Kopie dovun z’erstellen.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
De Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus @LexDelles huet d’Firma #rectilux zu #réimech besicht. Op dëser flotter Visitt, huet de Zylinder-Fabrikant dem Minister seng Produktiounsprozesser gewisen.
-
Lex Delles
@LexDelles
De leschte Week-end war eng Delegatioun vum amerikanesche Kongress op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Eis Zesummenaarbecht am Beräich vum Space war e wichtege Sujet an dësem Kontext. Nieft enger Entrevue mat der @LuxSpaceAgency stung ë.a. en informellt Aarbechtsiessen um Programm.
-
Lex Delles
@LexDelles
Informativ Visitt beim Zementhiersteller #cimalux, mat Echange iwwert Dekarboniséierungsméiglechkeeten vun der Industrie.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ouverture vum #nexus2050 mat inspiréierende Presentatiounen an neien Technologien, ë.a. an de Beräicher #ai, #nohaltegkeet a #cybersécherheet.
@CourGrandDucale @EU_Commission @AnneCalteux @MaisonModerne @Luxinnovation @CityLuxembourg -
Lex Delles
@LexDelles
Austausch tëschent de Spezialiste vum @MinEcoLux aus de Beräicher #space, #digitalisatioun & #healthtech an den Direktere vu @LuxTradeInvest. D'LTIO-Büroe hëllefe Lëtzebuerger Betriber bei der Firmegrënnung am Ausland, wéi och auslänneschen Entreprisen sech zu 🇱🇺 z'etabléieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng sécher a zougänglech autonom Mobilitéit huet d’ Potential de Verkéier ze verbesseren an d’ Kompetitivitéit an de neien Technologien ze stäerken.
Gëschter hat ech eng Entrevue mam James Peng, dem CEO vu @PonyAI_tech. -
Lex Delles
@LexDelles
D’Handwierk leescht e wichtege Beitrag zu eiser wirtschaftlecher Entwécklung a fërdert Innovatioun. Um Summerfest vun der Fédération du Génie Technique konnt ech de Betriber aus de Beräicher Elektro, Sanitär an Informatiounstechnologie Merci soe fir hiren Asaz. @GeorgesMischo
-
Lex Delles
@LexDelles
Gudden Austausch mat de bilaterale Chamberen an de Business Clubs. Si bilden e wichtege Lien zwëschent Lëtzebuerg an hire jeeweilegen Heemechtslänner, andeems si d‘Entreprisë bei hirer Implantatioun zu Lëtzebuerg ënnerstëtzen. @CdMLuxembourg @ccluxembourg
-
Lex Delles
@LexDelles
#talentattraction 1. Reunioun vum “Haut Comité pour l’attraction, la rétention et le développement de talents” : An eisem Aarbechtsgrupp wäerte mir op verschiddenen Axe schaffen, ë.a.: Donnéeën🔎Promotioun📣& Attraktivitéit.
Weider Informatiounen : gd.lu/bBcNHq -
Lex Delles
@LexDelles
Informativen Echange mat der éisträichescher Ambassadrice zu Lëtzebuerg Karin Proidl, iwwert eis bilateral wirtschaftlech Relatiounen an d'Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Tourismuspolitik.
-
Lex Delles
@LexDelles
Interessanten Echange mat den Acteuren aus dem Secteur maritime um 7ten “Gala des Armateurs” vum "Cluster Maritime Luxembourgeois". Lëtzebuerg ass en ideale Standuert fir Entreprisen aus der Schëfffaart a mir wëllen de Secteur och weiderhin ausbauen a fërderen.
-
Lex Delles
@LexDelles
#pressekonferenz #aiden #pnecziler Mir mussen d'Betriber bei der nohalteger & energeetescher Transitioun ënnerstëtzen. De Projet de loi gesäit verschidden Investitiounshëllefe vir, z.B. d'Fërderung fir Energieeffizienz-Moossnamen & emissiounsfräi Gefierer👉gd.lu/1F6Jml
-
Lex Delles
@LexDelles
#wirtschaftsmissioun #japan Mir wëllen eis Zesummenaarbecht bei Weltraumprojete 🛰️verstäerke, ë.a. an de Beräicher vun der Weltraumfuerschung & Notzung vu Supercomputeren. @LuxSpaceAgency an d’Japan Aerospace Exploration Agency (JAXA) hunn en MoC ënnerschriwwen @CourGrandDucale
-
Lex Delles
@LexDelles
#wirtschaftsmissioun #japan
@Xavier_Bettel @CourGrandDucale
📷 Maison du Grand-Duc / Ministère de l‘Economie -
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mat der japanescher Ausseministesch Yoko Kamikawa hunn mir haut eisen Memorandum of Cooperation am Beräich vum Space erneiert 🇯🇵🤝🇱🇺. Mat dësem MoC, wäerte mir d’Kollaboratioun zwëschen eise Länner dynamiséieren 🚀🛰️.
@LuxSpaceAgency @Xavier_Bettel @CourGrandDucale -
Lex Delles
@LexDelles
Op der Wirtschaftsmissioun a Japan mam Ierfgroussherzog a mam @Xavier_Bettel hate mir Echangë mat Keidanren, der japanescher Business Federatioun a mam 🇯🇵Wirtschaftsminister M.Saito iwwer eng verstäerkte Kollaboratioun, ë.a an de Secteure Space&Dateveraarbechtung @CourGrandDucale
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
19,4 Milliounen EUR konnte beim Ofschloss vum Compartiment II vum Start-up-Fong Digital Tech Fund gesammelt ginn. Den DTF huet zum Zil, op d'Finanzéierungsbedierfnesser vun innovativen Entreprisen anzegoen, déi digital Produiten oder Servicer entwéckelen👉 gd.lu/f7sFG9
-
Lex Delles
@LexDelles
#klimapaktdag2024
D’Gemenge spillen eng wichteg Roll an der Energietransitioun: zesumme musse mir eis Efforte verstäerke fir nach méi séier weider ze kommen🤝 -
Lex Delles
@LexDelles
Ech gratuléieren der Firma Poeckes zu hiren 100 Joer. E beandrockenden Meilesteen! Poeckes ass e Familljebetrib an 3. Generatioun, deen et ëmmer erëm fäerdeg bréngt Traditioun an Innovatioun ze kombinéieren. Ech wënschen alles Guddes fir d’Zukunft.
@CourGrandDucale -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Op der Pressekonferenz haut hunn d'Ministeren @LexDelles & @RothGilles, d'Direktesch vum Fonds européen d’investissement Marjut Falkstedt an den Direkter vum Fonds M80 Peter Maenhout, en neit Investissement vum Luxembourg Future Fund 2 (LFF 2) virgestallt👉gd.lu/b7Hft1
-
Lex Delles
@LexDelles
Merci der @concurrence_lux , déi mir hir verschidden Aktivitéitsberäicher virgestallt huet. Als onafhängegen ëffentlechen Acteur, deen am Déngscht vun den Betriber an den Konsumenten agéiert, spillt d’@concurrence_lux eng wichteg Roll fir de Fonctionnement vun der 🇱🇺 Wirtschaft
-
Lex Delles
@LexDelles
Impressionant Visitt bei @ispace_inc mam Grand-Duc. Mir hunn den éischte Rover #madeinluxembourg gesinn, deen op de Mound fléie wäert 🌑
@CourGrandDucale @LuxSpaceAgency
📷ispace -
Lex Delles reposted
Xavier Bettel
@Xavier_Bettel
Fruitful discussions with @ASEAN Ambassadors, together with HRH the Crown Prince and @LexDelles
The traditional #aseanday at @ccLuxembourg provides an excellent platform to strengthen political cooperation and enhance business opportunities between #luxembourg and #asean -
Lex Delles
@LexDelles
Um World Bicycle Day mam @Yuriko_Backes @mmtp_lu #vëlosummer
-
Lex Delles
@LexDelles
#conseilenergie #bréissel Gutt connectéiert Stroumnetzer 🔌an der #eu si wichteg fir eis Versuergungssécherheet an den Ausbau vun erneierbaren Energien☀️. Mir wäerten d‘EU-Koordinatioun beim Ausbau nach verstäerken. @EUCouncil
-
Lex Delles
@LexDelles
Säit haut, kréien d’Betriber, déi hir Demande fir eng Autorisation d’établissement online erareechen, och online Retour vun eis. D’Digitaliséierung an d’Vereinfachung vun administrative Prozeduren ass eng vu menge Prioritéiten. @MinDigital_LU
All Infos 👉 gd.lu/5DgMq0 -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
#appelàProjets #bornesélectriques : eise 5. Appel à projets leeft vum 01/06/2024 bis de 15/10/2024 a riicht sech un #betriber : d’Zil ass et, Investitiounen an den Ausbau vun Opluetinfrastrukturen fir elektresch Gefierer unzereegen 🚗🔌
Méi Infoen ▶️ gd.lu/3sJGRf -
Lex Delles
@LexDelles
Eis Reunioun um #conseilcompétitivté schéckt staark Messagen, wat den Ausbau vum Marché intérieur ugeet. D’"restrictions territoriales de l’offre", déi zu héije Präisser a manner Choix an EU-Länner féiere kennen, musse verbuede ginn.Haut hu mir d’Gespréicher zu #bréissel verdéift
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut huet den EUConseil d’EU-Liwwerkettendirektiv ugeholl. Dës wäert sécherstellen, datt grouss Betriber, och bei hire Fournisseuren ausserhalb vun der #eu, mussen dofir suergen, datt sozial an ekologesch Standarde respektéiert ginn.Mir wäerten un enger séierer Ëmsetzung schaffen
-
Lex Delles
@LexDelles
De #space ass haut zu #bréissel um Programm. #lëtzebuerg positionéiert sech kloer fir eng staark Entwécklung vun der Spaceindustrie an Europa🇪🇺. Grad PME'en a Startup'en brauchen e gudde reglementäre Kader an attraktiv Finanzéierungsméiglechkeeten @EUCouncil @esa @LuxSpaceAgency
-
Lex Delles
@LexDelles
Felicitatiounen dem 🇧🇪- 🇱🇺Astronaut @Raph_Astro fir seng Nominatioun fir e Weltraumfluch op d'“International Space Station“ (ISS). Och wann hie wäert ënnert dem 🇧🇪 Fändel fléien, hëlt hien duerch seng duebel Nationalitéit och e klengt Stéck 🇱🇺an de Weltraum mat.
European Space Agency
@esa
👩🚀👨🚀We have two new astronauts going to space!
@Soph_Astro and @Raph_Astro are the first two astronauts from the ESA astronaut class of 2022 who will embark on long-duration missions to the International @Space_Station currently scheduled for 2026.
🔗 www.esa.int/Science_Exploration/Human_and_Robotic_Explora…
Lex Delles
@LexDelles
Mir hu vill gemeinsam Interesse mat der Belsch am Space an de Raphaël Liégeois ass e Symbol fir eis exzellent Zesummenaarbecht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Um Networking-Event vun #luxembourgconfederation gouf iwwert de Wandel am Commerce geschwat. Ech hunn ënnerstrach, datt de @MinEcoLux d’Commerçante souwuel um Wee an Digitaliséierung begleet, ewéi och eng attraktiv physesch Präsenz vun de Geschäfter fërdert #smepackages 📷Capsule
-
Lex Delles
@LexDelles
Inauguratioun vun der Photovoltaikanlag um Site vu Minett-Kompost mam Serge Wilmes
#sudenergie #minettkompost #minettenergie -
Lex Delles
@LexDelles
Innovatiounspräis am Handwierk mam @RothGilles & @CourGrandDucale & @CdMLuxembourg & #snci & #cocottes & Menuiserie Reckinger & Saturne Technology & Duke Horlogerie & Luxforge & Anigma
-
Lex Delles
@LexDelles
Dank der Solarenergie ass 🇱🇺 um Wee fir seng Klimaziler z'erreechen.D’Gemeng Bartreng spillt eng Virreiderroll an der Energietransitioun andeem si den Ausbau vu lokal produzéierter erneierbarer Energie ënnerstëtzt: all Joer ginn dank dëser Solaranlag ronn 500 Tonnen CO2 agespuert
-
Lex Delles
@LexDelles
Den 9. Juli organiséiert d’Luxembourg Confederation den Event „Le Futur du Commerce“. Hei gëtt iwwert d’Zukunft vum Eenzelhandel diskutéiert an ë.a. de Rôle vun der Kënschtlecher Intelligenz an der Digitaliséierung analyséiert. Weider Informatiounen ënnert confederation.lu/evenement/futur-du-commerce/
-
Lex Delles
@LexDelles
Éischten Echange am Kader vum Haut Comité PME iwwert Moossname fir kleng a mëttelstänneg Betriber ze stäerken.
@ccluxembourg @CdMLuxembourg @FDA_LUXEMBOURG @ConfederationLU #horescaluxembourg -
Lex Delles
@LexDelles
Weltwäit Kosmetikprodukter #madeinluxembourg : interessant Visitt mam @CaroleHartmann bei #cosmolux
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mat der @ConfederationLU ware mir haut de Betrib Emile Frisch besichen. Sur Place, krute mir hiren digitalen Outil de gestion gewisen, mat dem si hir Busflott managen - e konkret Beispill, ewéi d'Digitalisatioun den Alldag am Betrib vereinfache kann🚍
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der Präsentatioun vun den « Chiffres clés de l‘artisanat » vun der @CdMLuxembourg gouf déi wirtschaftlech Situatioun am Handwierk thematiséiert. De @MinEcoLux steet dem Handwierk mat enger Rei u Mesuren an Aidenregimer zur Säit.
-
Lex Delles
@LexDelles
Visitt vum European Space Research and Technology Centre (ESTEC)
@LuxSpaceAgency @EuropeanSpaceA1 -
Lex Delles
@LexDelles
Op der Generalversammlung vun der “Entente Touristique de la Moselle Luxembourgeoise“, hunn ech déi attraktiv Offer vun der Tourismussaison begréisst an dem Max Hengel gratuléiert, deen a sengem Amt als Präsident bestätegt gouf.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Consultation publique sur la protection des indications géographiques pour les produits artisanaux & industriels 🗓️ ouverte jusqu’au 1/07/24. Plus d’infos 👉 gd.lu/8G323N 📝Questionnaire 👉 gd.lu/8FPFSn E-mail ✍️ consultation-opi(at)eco.etat.lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech war frou mam Eugene Tu Direkter vum @NASA Ames Research Center (ARC) iwwer d‘Zesummenaarbecht tëscht 🇺🇸 & 🇱🇺 am Beräich vun de Spaceressourcen ze schwätzen, besonnesch am Kontext vum European Space Resources Innovation Centre @ESRIC_lu🚀.Den ARC ass e wichtege Partner fir 🇱🇺
-
Lex Delles
@LexDelles
An der Diskussiounsronn “The future of the Luxembourg economy” vun @LuxTimes hunn ech ënnerstrach, datt eis Zukunft op enger digitaler a nohalteger Wirtschaft berout. De Wirtschaftsministère begleed kleng a grouss Betriber um Wee vun dëser duebeler Transitioun.
-
Lex Delles
@LexDelles
Enovos huet déi gréisste Photovoltaik-Anlag a ganz Rheinland-Pfalz zu Karlshausen ageweit. Doduerch kënnen hei 60.000 Haushalter a Betriber mat erneierbarem Stroum versuergt ginn. Dëse Projet ass eng erfollegräich däitsch-lëtzebuergesch Zesummenaarbecht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim véierten „appel à projets“ goufen insgesamt 34 Projet’en zeréckbehalen, déi de Bau vu 434 Opluedstatiounen fir Elektroautoen virgesinn. De Succès vun dësem Regime stellt e wichtege Pilier fir d'Dekarboniséierung vun der Mobilitéit duer. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam Premierminister @LucFrieden a mam Finanzminister @RothGilles hat ech haut e konstruktiven Austausch mat de Sozialpartner am Kader vum "Semestre européen 2024". Ech hunn ënnerstrach, datt eis Zukunft op enger digitaler a nohalteger Wirtschaft berout.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Du 16 au 18/04 aura lieu une visite d’Etat du 🇱🇺 en 🇧🇪 #luinbelgium. Dans ce contexte, plusieurs évènements économiques & visites d'entreprises sont prévus à Bruxelles, à Gand & à Liège dans le but d’approfondir les collaborations entre les 2️⃣ pays👉 gd.lu/1J0nHC
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Déi verschiddenst Betriber hunn am Kader vun der nationaler Campagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ vill Efforte gemaach fir Energie a Ressourcen ze spueren. Dozou gehéiert och d’Brasserie Simon. Wat genau dës Mesure sinn, gitt Dir hei am Video gewuer. #klimaagence
This media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles
@LexDelles
Den neie “Luxembourg City Bus Tour” vun sightseeing.lu gouf haut inauguréiert. Dësen Tour bitt déi flott Méiglechkeet, sech d'Stad Lëtzebuerg bequeem unzekucken an dobäi eis Geschicht gemittlech via Audioguide kennenzeléieren.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Am Kader vun der nationaler Campagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ hu vill kleng a grouss Entreprisen Efforte gemaach hire Konsum vu Ressourcen an #energie ze reduzéieren. #ceratizit ass eng vun dësen Entreprisen. Wat genau si alles konnten ëmsetzen, gesitt Dir hei am Video
This media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Ënnerstëtzt Äre Betrib den Entrepreneursgeescht zu #lëtzebuerg oder fërdert Är Initiativ d'Entrepreneuriat?Da maacht mat bei den “European Enterprise Promotion Awards“. All Informatioune fannt Dir hei : gd.lu/cCJjpb
#eepa2024 -
Lex Delles
@LexDelles
Merci der Vereenegung #anesec fir dee flotten “Career Opportunity Day”, bei deem Ekonomiestudenten an Entreprisen zesummebruecht ginn. Des jonk, motivéiert Leit sinn e ganz wichtegen Erfollegsfaktor vun eiser Ekonomie. Als @MinEcoLux freeë mir eis iwwert déi gutt Zesummenaarbecht
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles hat eng Entrevue mat de Vertrieder vu startups.lu, d’Startup- Fédératioun. Zesummen hunn si sech doriwwer ausgetosch, wéi si den Ekosystem weider fërderen kënnen.🔗 www.startups.lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Merci #visitmoselle fir déi flott Presentatioun vum Rapport d’activité 2023 op der Generalversammlung. Déi nei ugekënnegt Projeten op der #musel si Grond fir Virfreed, wéi z.B e neie Confort-Wanderwee zu #gréiwemaacher, d'Renovatioun vum #wäinhaus & de Wine Culture Enjoy.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Am Kader vun der nationaler Campagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ hunn och d’Gemenge vill Efforte gemaach fir Energie a Ressourcen ze spueren. D’Gemeng @acbettembourg konnt eng Rei grouss a kleng Mesuren ëmsetzen. Wat genau si alles konnte maachen, gitt Dir am Video gewuer.
This media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles
@LexDelles
Ech gratuléiere Goodyear fir d'Aweiung vun hirem neie virtuelle Fuersimulator. Mat dësem Projet beweist Goodyear, datt si sech resolut fir d'Digitaliséierung an d'Dekarboniséierung engagéieren an esou en nohaltege Lëtzebuerger Industriestanduert fërderen.
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Zesumme mat #mandyarendt, huet de Wirtschaftsminister @LexDelles un der offizieller Aweiung vum neie Fuersimulator vun der Firma @goodyear deelgeholl. De Fuersimulator ass e ganz modernen Outil, deen d‘kënschtlech Intelligenz notzt,virtuell a nohalteg ass🔗www.goodyear.eu
-
Lex Delles
@LexDelles
Op der « Journée de l’Economie » stoung d’Kompetitivitéit vu #lëtzebuerg am Fokus. D'Stäerke vun der Produktivitéit an der Kompetitivitéit si wichteg fir eng staark Wirtschaft a gutt Aarbechtsplazen.
@ccluxembourg @Fedil_Lux @PwC_Luxembourg @Paperjam_lu @FondationIDEA -
Lex Delles
@LexDelles
Bei der offizieller Aweiung vum neien #tousalon zu Féiz hunn ech meng Gléckwënsch un déi ganz Equipe adresséiert.D’Miwwelgeschäft mat grousser Traditioun ass zënter 1983 zu 🇱🇺 & bitt eng impressionant Pallette u Salonen, Iesszëmmer, Miwwelen, Dekoratioun, Bettwäsch a Gaardemiwwel
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
🇨🇭 🤝 🇱🇺 .@LexDelles huet den Ambassadeur vun der Schwäiz zu Lëtzebuerg, Markus Börlin, empfaangen. Si hunn sech iwwer d‘bilateral wirtschaftlech Relatiounen, besonnesch am Beräich vun den erneierbaren Energien an dem Secteur MedTech-HealthTech, ausgetosch
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles a rencontré les membres de la Camera di Commercio Italo-Lussemburghese lors d’un événement de networking lors duquel il a souligné les liens étroits qui unissent le 🇱🇺 à l’🇮🇹 & remercié la CCIL pour son rôle actif dans ce contexte 🔗 www.ccilux.eu
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Stolindustrie gehéiert zu eiser 🇱🇺 Identitéit a präägt eis Wirtschaft. Et ass mir wichteg, mat de Representantë vum Stolsecteur am kontinuéierlechen Austausch ze stoen. De Moien huet mir den @OGBL_Luxembourg hir Revendicatioune fir déi 🇪🇺 Stolindustrie iwwerreecht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut war ech bei der Generalversammlung vun der #fédérationdesArtisans. Am Kader vun dësem flotten Echange hunn ech ënnerstrach, datt d‘Handwierk e Secteur ass, deen eng Schlësselroll fir eis Wirtschaft an eis Gesellschaft spillt.
-
Lex Delles
@LexDelles
An Zesummenaarbecht mam Fonds national de la recherche a mat @Luxinnovation, hunn ech mam @Yuriko_Backes a mam #stéphanieObertin en Appel à projets fir Fuerschungs- an Entwécklungsprojeten am Beräich vun der #defense lancéiert. All Informatiounen ënnert 👉 gd.lu/1flPc4
-
Lex Delles
@LexDelles
Interessante Besuch bei #ctisystems, e System-Spezialist fir d'Lagerung vu schwéiere Laaschten an automatiséiert Léisunge fir de schwéiere Laaschte-Transport. Besonnesch hir Ënnerhaltsystemer fir Fligere ✈️waren impressionant ze gesinn.
-
Lex Delles
@LexDelles
Flott Visitt bei #faymonville, engem Expert an der 7. Generatioun fir Schwéier- a Spezialtransporter a gudden Echange mat der @Fedil_Lux iwwert de Secteur.
-
Lex Delles
@LexDelles
Zum Ofschloss vun eiser Aarbechtsvisitt a Kalifornien hunn den @Xavier_Bettel an ech Lyten besicht. Dës Entreprise huet eng Lithium-Batterie fir Autoen entwéckelt. Esou Technologien si wichteg fir d‘Decarboniséierung vum Mobilitéitssecteur virunzedreiwen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Impressionant Visitt vum « Ames Research Center » vun der @NASA mam @Xavier_Bettel, wou mir de Kontrollzentrum an de „Moonrover“ 🌑 gewise krute. D’Forschung an der Raumfaart bréngt vill technologesch Fortschrëtter mat sech. Mir freeën eis, eis enk Zesummenaarbecht ze verdéiwen
Lex Delles
@LexDelles
Bei #microsoft hate mir e konstruktiven Austausch iwwer d'Wichtegkeet vun enger verantwortungsvoller #artificialintelligence. Et freet eis, datt d'#post e Memorandum of Understanding mat Microsoft ënnerschriwwen huet, fir hir Partnerschaft am Beräich vun der #ai ze verstärken 🤝
-
Lex Delles
@LexDelles
Gratulatioun der @CdMLuxembourg zu hirem 100. Gebuertsdag. D’Chambre des Métiers ass souwuel fir de Wirtschaftsministère, wéi fir d’Handwierksbetriber en zouverlässege Partner, an ech soen hinne Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht iwwert déi lescht Joren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Een Dag mat produktiven Echangen a Kalifornien:
Zesumme mam @Xavier_Bettel hu mir pony.ai zu Fremont besicht, e Pionéier vun der autonomer Mobilitéit. Mat vill Interessi, konnte mir hir Robotaxien testen an hunn e MoU mat hinnen ënnerschriwwen✍️ #autonomousdriving
Lex Delles
@LexDelles
Mir goufen och vu @Google empfaangen an haten en interessanten Echange iwwert d’Entwécklunge vun der artifizieller Intelligenz an d’Evolutioun um europäesche Marché 🇪🇺.
Lex Delles
@LexDelles
Och bei #nvidia krute mir e flotten Abléck an d'Potenzial vun #ai - eng Technologie, déi eist Liewen esouwuel um ekonomeschem wéi um gesellschaftleche Plang vereinfache kann.
-
Lex Delles
@LexDelles
Besuch bei @PayPal mam @Xavier_Bettel um 1. Dag vun eiser Aarbechtsvisitt a Kalifornie. D’Entwécklungen am #fintech Secteur, Kryptowärungen a kënschtlech Intelligenz waren haut d’Thema. Et freet eis, datt de Leader am Secteur vum digitale Bezuelen seng europäesch Zentral zu🇱🇺huet
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
De 17. Tëschebilan vun de Geschlechtsstatistike bannent Entscheedungsorganer gouf adoptéiert. Méi Informatiounen👉 gd.lu/6qRp21
-
Lex Delles
@LexDelles
Um Energie-Ministerrot hu mir haut iwwert d‘Versuergungssécherheet vun der #eu en Vue vum nächste Wanter geschwat. Ech soen alle
Bierger a Betriber Merci fir hir Efforten, déi eise Gasverbrauch ze Lëtzebuerg reduzéiert hunn an och an Zukunft weider reduzéiere wäerten. #eu2024be -
Lex Delles
@LexDelles
De „Czech Republic-Luxembourg Business Forum“ an der @ccluxembourg ass eng wichteg Networking-Geleeënheet fir 🇨🇿 an 🇱🇺 Betriber aus dem IT-, Cybersecurity- a Spacesecteur. Ech begréissen och den MoU, deen tëschent eise Chamber de commercen ënnerschriwwe gouf🤝
-
Lex Delles
@LexDelles
Gudden Echange mat der Bréifdréieschgewerkschaft iwwert d'Erausfuerderunge vun der Post. 📬✉️
-
Lex Delles
@LexDelles
Et huet mech gefreet de @prezidentpavel, President vun der Tschechescher Republik a seng Fra Eva Pavlová kennenzeléieren, déi op Staatsvisitt zu 🇱🇺sinn. Si gi vun enger 🇨🇿 Wirtschaftsdelegatioun begleet, déi um "Czech Republic–Luxembourg Business Forum" deelhëlt @CourGrandDucale
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mat der #luxembourgconfederation an der @ccluxembourg hu mir haut de "Retail Report 2024" presentéiert. Mat dësem Rapport hu mir zouverléisseg Donnéeën iwwert d’Geschäftslandschaft zu Lëtzebuerg. All Informatioune ënnert 👉retailreport.eco.etat.lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Et freet mech, datt de Gesetzesprojet fir eenheetlech Chargeuren ugeholl gouf. Zukünfteg wäert den Eenheetskabel eist Liewe vereinfachen an den Elektroschrott reduzéieren. Mat dëser 🇪🇺-wäiter Harmoniséierung ginn d’Konsumente & d‘Ëmwelt entlaascht - e weidere Virdeel vun der EU.
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim Thema „Nohaltegkeet am Tourismus“ ginn et vill gutt Pisten a praktesch Beispiller, déi mir identifizéieren a weiderentwéckele wëllen. Bei eisem Workshop mat 60 touristeschen Acteuren,geet et genau dorëms. Déi konkret Iddie vun haut hale mir an eisem Nohaltegkeetskonzept fest
-
Lex Delles
@LexDelles
Gudden Austausch mam japaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg Matsubara Tadahiro iwwert d'Wirtschaftsbezéiungen tëschent Lëtzebuerg a Japan, innovativ Projeten am Space-Secteur an eis Zesummenaarbecht bei der Weltausstellung Expo 2025 zu Osaka. 🇯🇵 🇱🇺
-
Lex Delles
@LexDelles
Visitt bei der Entreprise #gradel zu #elleng, wou ech hir Ateliere besicht hunn, an deene speziell Maschinne fir de Mechaniksecteur & fir d'Loft- an d'Raumfaartindustrie hiergestallt ginn. Besonnesch interessant waren hir Containeren, an deene Satellitten transportéiert ginn.
-
Lex Delles
@LexDelles
E reegelméissegen Austausch mat den 🇪🇺Tourismusministeren ass essenziell, fir sech iwwert innovativ Praktiken auszetauschen, mat deene mir de Tourismussecteur ënnerstëtze kënnen. Haut hu mir iwwert Moossname geschwat, fir déi ökologesch & digital Transitioun ze beschleunegen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Wandenergie musse mir verstäerkt notzen. Via d'North Seas Energy Cooperation schaffe mir mat 8 Länner dorun, en transnationaalt Stroumnetz opzebauen, dat d'Energie vu Wandparken aus der Nordsee bezitt. Beim Ministeraustausch, hunn ech d‘Wichtegkeet vun dësen Efforten ënnerstrach.
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut goufen Hypercharger Bornë vu #losch an #swio zu #bäreldeng ageweit, dorënner déi éischt 400 kW Born am Land. Iwwert 🇱🇺 an 🇪🇺 Subventiounsregimmer, schaffe mir drun, datt d'Netz vun der Luedinfrastruktur dem Verkaf vun Elektroautoen ëmmer e Schrëtt viraus ass.
-
Lex Delles
@LexDelles
Op der #ieaministerial hunn ech mech mat den Energieministeren doriwwer ausgetosch, wéi mir konkret op eng sécher, bezuelbar a propper Energiezukunft hischaffe kënnen. Heifir brauch et eng staark international Zesummenaarbecht, einfach Prozeduren &fortschrëttlech Technologie @IEA
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi 🇪🇺 Länner si staark an der Innovatioun 💡, mee mir packen et net ëmmer d’Produktioun hei ze halen. Den Net Zero Industry Act ass e wichtegt Element fir eng staark europäesch Industrie. Weider Informatiounen : gd.lu/38WKXZ
#conseilcompétitivité @jobrouns1 #eu -
Lex Delles
@LexDelles
En Handwierk wat mech ëmmer erëm op en Neits begeeschtert : Merci der Fédération Horticole Luxembourgeoise fir de flotten Abléck an d’Fleuristen- an d'Gäertner-Handwierk zu #lëtzebuerg an déi schéi Bouqueten💐.
-
Lex Delles
@LexDelles
Merci dem #ilnas,deen mir seng Aktivitéitsberäicher virgestallt huet.Den ILNAS,deen am Déngscht vun der Kompetitivitéit & dem Konsumenteschutz agéiert,kann als Zort "Kontrolleur vun de Kontrolleuren" ugesi ginn & spillt eng wichteg Roll fir de Fonctionnement vun der 🇱🇺Wirtschaft
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles huet den Institut Luxembourgeois de la Normalisation, de l’Accréditation, de la Sécurité et qualité des produits et services #ilnas, deen 2008 gegrënnt gouf & ënnert der Tutelle vum Wirtschaftsministère steet, um Belval besicht
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Promotioun vum nohaltegen Tourismus gehéiert zu de Prioritéite vun der Regierung. Zesumme mam #sergewilmes hunn ech den #ecolabel an de bed+bike-Label🚲 iwwerreecht, déi Touristen, Residenten a Frontalieren op der sich no nohaltegen Tourismusofferen guidéieren📍
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
🇨🇻 🤝 🇱🇺 @lexdelles huet HE Edna Monteiro, d’Ambassadrice vu Cabo Verde zu 🇱🇺, empfaangen. Si hunn sech doriwwer ausgetosch, wéi een déi bilateral wirtschaftlech Relatiounen, besonnesch am Beräich vun den erneierbaren Energien, am Tourismus & am Secteur Maritim verstäerke kéint
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut hate mir e produktiven Echange mam #mouvementecologique iwwert Nohaltegkeet an den Industriezonen, Wärmenetzer an Energiepolitik souwéi de Nohaltegkeetscheck. Dëst sinn zentral Themefelder, op deenen de Wirtschaftsministère haut, wéi och an Zukunft, schaffe wäert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech gratuléieren @StreffLux a #luxport, déi am Kader vum Neijoerschpatt vum @c4l_lux fir hir Efforten am Beräich vun der Dekarboniséierung ausgezeechent goufen.
Lex Delles
@LexDelles
D’Stäerkung vum Logistikstanduert Lëtzebuerg an d’Dekarboniséierung vun de Logistikentreprisen sinn dem Wirtschaftsministère wichteg. An deem Kontext sinn d’Lean & Green Awards eng bedeitend Initiativ, déi eng nohalteg Approche am Logistikberäich fërdert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Merci de Schaarschtechbotzer*innen fir de sympatheschen Austausch an d‘Gléckwënsch fir d‘neit Joer🍀
@gouv_lu -
Lex Delles
@LexDelles
Um traditionelle « Pot des présidents » vun der @CdMLuxembourg an der #fédérationdesartisans hat ech d'Geleeënheet mech mat den Handwierksvertrieder iwwert déi aktuell wirtschaftlech Situatioun auszetauschen. Grad an dësen Zäiten, ass mir den enken Echange mam Secteur wichteg.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam #klimapaktfirbetriber ënnerstëtzt d’Regierung d’Betriber mat konkreten Hëllefsmoossnamen bei der Energietransitioun & dem Klimaschutz🌍Mam Serge Wilmes hat ech en Echange mat de Betriber vu #schëtter & #nidderaanwen iwwert Hëllefe vun der #klimaagence👉www.klimapaktfirbetriber.lu
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Pour février 2024, le comité de conjoncture a avisé positivement 7️⃣6️⃣ demandes prévisionnelles de chômage partiel. Par rapport aux 88 demandes avisées favorablement pour octobre, finalement 5️⃣7️⃣ entreprises y ont eu recours 👉 gd.lu/8jxLL1
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
🇬🇧🤝🇱🇺 @LexDelles huet HE @FleurThomasFCDO , Ambassadrice vu Groussbritannien zu Lëtzebuerg empfaangen. Si hunn de Bilan vun de bilaterale wirtschaftleche Relatioune gezunn an sech iwwert Energiepolitik d'Konsequenze vum #brexit ausgetosch
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Promotioun vun 🇱🇺 als Start-up Nation ass eng vun eise Prioritéiten. E staarken Entrepreneursgeescht belieft eis Wirtschaft & schaaft Aarbechtsplazen. Dës Dynamik war och um Event vum Digital Tech Fund ze spieren👉e Fong deen exemplaresch fir d'Ënnerstëtzung vu Start-upe steet.
-
Lex Delles
@LexDelles
#kënschtlechIntelligenz ass eng villverspriechend Technologie fir d‘Zukunft, déi zur Kompetitivitéit vu 🇱🇺 bäidroe kann. De @MinEcoLux freet sech d'@BGLBNPParibas bei hirem KI-Projet z'ënnerstëtzen, fir de Standuert 🇱🇺 an dësem Beräich op internationalem Niveau ze stäerken.
Lex Delles
@LexDelles
Ech hoffen, datt aner grouss Acteuren sech dozou inspiréiere loossen am Kader vum „Research-Development-Innovation“ (RDI)-Hëllefsregime KI-Projeten ze lancéieren
-
Lex Delles
@LexDelles
Merci dem @LCGB_Luxembourg fir d’Organisatioun vun der Table ronde zum Thema „kënschtlech Intelligenz“. Dës Technologie huet d’Potenzial eist Liewen um ekonomeschem & gesellschaftleche Plang ze vereinfachen. Trotzdeem wäerte mir nieft de Chance, och d’Risiken am Ae behalen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Impressionant Andréck bei #arcelormittal zu Esch-Belval wou ech de Produktiounsprozess vun hiren Palplanche materliewe konnt. Mir haten e konstruktiven Austausch iwwert Innovatioun a Produktivitéit vum Stolsecteur.
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Regierung am Conseil huet decidéiert bestëmmte Baubranche fir eng Period vu 6️⃣ Méint, vu Februar bis Juli 2024, a Kris ze deklaréieren & op Chômage partiel vun konjunkturellen Ursprong zréckgräifen 👉 gd.lu/flJdfp
-
Lex Delles
@LexDelles
D‘Produktivitéit dréit zur Stäerkung vun der Kompetitivitéit vun de Betriber bäi & séchert eise Sozialstaat of. Et ass wichteg, datt den “Conseil national de la productivité” all Joers e Rapport iwwert d’Produktivitéit vun der Wirtschaft publizéiert👉 gd.lu/40Nm4r
-
Lex Delles
@LexDelles
Gratulatioun #solarcells zur Aweiung vun hirer moderner Fabrick zu #hollerech, an der 50.000 Solarpanneau’en am Joer produzéiert wäerte ginn. #photovoltaik / #madeinluxembourg @CourGrandDucale @Xavier_Bettel @LucFrieden
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der Fédération des Jeunes Dirigeants d’Entreprise de Luxembourg, hunn ech ënnerstrach, datt nëmme wann eis Betriber och an Zukunft kompetitiv bleiwen, mir eise Wuelstand mat attraktiven Aarbechtsplazen & engem performante Sozialsystem laangfristeg ofséchere kënnen.📷FJD
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Hotel @LePlacedArmes krut seng Klassifikatiounsplaquett haut offiziell iwwerreecht. D'Horesca an d‘Generaldirektioun fir Tourismus evaluéiere Hoteller no eenheetleche Critèren a bidde Residenten an Touristen doduerch eng zouverlässeg Qualitéitsiwwersiicht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Um Pot de Nouvel An vun der @POST_Luxembourg hunn ech begréisst, datt d’Post all Joers zukunftsgeriicht Projete lancéiert, déi eis den Alldag vereinfachen. Sief et an der Cybersécherheet mam #labelcyberscore, dem Recommandé électronique oder dem Sticker fir cibléiert Reklammen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Sympatheschen Echange mat der Éisträichescher Ambassadrice zu Lëtzebuerg Melitta Schubert iwwert d'Wirtschaftsbezéiungen tëschent Lëtzebuerg an Éisträich an hiert Buch “Österreich und Luxemburg im Dialog”.
-
Lex Delles
@LexDelles
Als gréissten Associatioun vun der Eventindustrie huet d’Meeting Professionals International dëst Joer #lëtzebuerg erausgesicht, fir hir "European Meetings and Events Conference" #emec ofzehalen👉youtu.be/z3Kjwr4bQ74
-
Lex Delles
@LexDelles
Sonnenopgang de Moien aus dem Büro☀️
-
Lex Delles
@LexDelles
Visitt bei der #klimaagence mam @MeischClaude & Serge Wilmes.
@MinEcoLux | @CdMLuxembourg | @OAI_lu -
Lex Delles
@LexDelles
De Parcours vun enger innovativer Iddi hin zu engem erfollegräiche Betrib wëlle mir mat eise verschiddenen Programmer ënnerstëtzen. De Scale-up Pilotprogramm hëlleft Start-ups bei hirer kommerzieller a finanzieller Entwécklung. Gratulatioun den 3 Start-ups déi zréckbehale goufen
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Les 3 start-up finalement sélectionnées pour participer au programme-pilote Scale-up, initié par @minecolux & géré par @Luxinnovation , ont été révélées : #circuli-ion ; #arspectra ; @LekoLabs. Plus d’informations 👉 gd.lu/psV7j
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Bonification d’impôt soll d'Betriber dobäi ënnerstëtzen hir digital, energeetesch an ekologesch Transitioun virunzedreiwen. Duerch des Reform, wëllen mir souwuel eisen industriellen, handwierklechen a kommerzielle Standuert erhalen, wéi och
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
La @ChambreLux a adopté le projet de loi n°8276 réformant le régime de la bonification d’impôt visant à favoriser la transition écologique et énergétique ainsi que la transformation digitale des entreprises. Plus d’infos 👉 gd.lu/9bWmKb
Lex Delles
@LexDelles
zukunftsgeriicht d'Entwécklung vun enger resilienter a kompetitiver Wirtschaft ënnerstëtzen
-
Lex Delles
@LexDelles
An engem Webinar, hu mir haut mat der Société nationale de crédit et d'investissement #snci iwwert déi nei Finanzéierungsmesure « Financement Spécial Anti-Crise Construction » geschwat, mat där Betriber aus dem Bausecteur ënnerstëtzt kënne ginn. Infos👉 www.snci.lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei engem konstruktiven Austausch mat der @CdMLuxembourg hu mir de Point iwwert d’Situatioun am Handwierk gemaach a wichteg Themen, ë.a. d‘Simplification administrative, souwéi Nohaltegkeet- an Energiefroen abordéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
E gudden Echange mat Vertrieder vum @LCGB_Luxembourg iwwer déi aktuell ekonomesch Situatioun an déi wirtschaftlech Prioritéite vun der Regierung.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech wënschen #swio, der neier Joint Venture tëschent #losch an #socom, ganz vill Erfolleg! D’Aktivitéite vun SWIO schreiwen sech an d‘Logik vun der Energietransitioun an & ënnerstëtzen esou d’Efforte vun der Regierung fir d’Elektromobilitéit ze fërderen
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut hunn ech fir d'éischte Kéier un #newspaceeurope 2023 deelgeholl. Ech si beandrockt vun der Dynamik
vum Weltraumsecteur, deen eng Prioritéit vun der neier Regierung bléift. De Space spillt eng grouss Roll fir global gesellschaftlech a wirtschaftlech
Erausfuerderungen unzegoen -
Lex Delles
@LexDelles
Haut goufen déi nei Regierungsmemberen am Palais vereedegt. Déi nächst 5 Joer sinn ech Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus. Mat vill Engagement, wäert ech mech, zesumme mat menge Matarbechter*innen, deene Ressorte widmen.
-
Lex Delles
@LexDelles
En attraktiivt Ëmfeld ass entscheedend fir de Wuesstem an d‘Vitalitéit vun eiser Wirtschaft. An deem Kontext stellt de „5ème Plan d’action PME“ de mëttelstännege Betriber Mesuren an Outilen zur Verfügung, déi hire Besoin’en gerecht ginn. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
De Bilan 2022 vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand weist, datt d’Beaarbechtungszäit vun Handelsermächtegungen weider gekierzt konnt ginn. D‘Zuel vun ausgestallten Handelsermächtegungen huet sech iwwerdeems um Rekordniveau vun 2021 stabiliséiert gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Um „#oecd SME and Entrepreneurship Ministerial Meeting“ hu mir iwwert Mesuren geschwat, déi d'Widderstandsfäegkeet vun PMEen&Entrepreneuren stäerken. Simplification administrative&Digitalisatioun mussen Hand an Hand goen. Mesure mussen onkomplizéiert accessibel sinn @AmbLuxFrance
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Constructioun ass net nëmmen e staarke Wirtschaftszweig an eisem Land, mee et ass och eng Branche, déi zentral ass fir d’Entwécklung vu Lëtzebuerg. Am Kontext vun der schwiereger Wirtschaftslag huet d’Regierung e Pak vun Hëllefsmesuren ausgeschafft. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Arthur Welter ass fir seng Expertise a säi Service am Beräich Transport a Logistik unerkannt. Dëse Lëtzebuerger Familljebetrib huet eng Flotte vun iwwer 800 Gefierer, déi a ganz Europa ënnerwee ass. Ech konnt mir e Bild vun hirem Logistik-Zenter zu Diddeleng maachen.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun fir Tourismus setzt op eng touristesch Offer, déi eis Regioune stäerkt an am Aklang mat der Natur ass. Dës nohalteg Approche ass en integralen Deel vun enger Etude de faisabilité fir d'Entwécklung vun enger touristescher Hebergementsstruktur zu Lëlz
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut hate mir eng Suivisreunioun mat Entrepreneuren a Vertrieder vun der @CdMLuxembourg fir de Point iwwer d’Situatioun am Konstruktiounssecteur ze maachen. D’Regierung hëlt d’Suerge vum Secteur ganz eescht a schafft an enger interministerieller Taskforce u konkrete Solutiounen.
-
Lex Delles
@LexDelles
De „Guide fir een Dag“ ass eng eenzegaarteg Méiglechkeet, d’Vilfalt an d’Schéinheet souwéi onbekannte Plaze vu Lëtzebuerg ze entdecken. Gidd och Dir Guide a stellt Är perséinlech Highlights vun eisem Land vir. Vun haut un kënnt Dir Iech um Site www.guideforoneday.lu aschreiwen
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mat Beamtinnen a Beamten aus der Generaldirektioun fir Mëttelstand hunn ech de Moien eng Reunioun vun der Chamberskommissioun preparéiert. Um Ordre du jour stoungen zwee wichteg Gesetzesprojeten: den droit d’établissement an d’aide primo-création d’entreprise.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam Premier @Xavier_Bettel an dem @fernandernster, Präsident vun der @ccluxembourg , hunn ech beim „Vietnam-Luxembourg Business Forum“ zu Ho-Chi-Minh-Stad d’Kooperatiounspotential vun eiser Wirtschaft an eise Betriber ënnerstrach.
-
Lex Delles
@LexDelles
Indo Trans Logistics gehéiert zu de féierende Logistikentreprisen am Vietnam. Zesumme mat der @ccluxembourg an enger Delegatioun vu Lëtzebuerger Entreprisen hunn ech den 20 Hektar groussen Hafe vun Indo Trans Logistics zu Ho-Chi-Minh-Stad besicht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Numm vun der Lëtzebuerger Finanzministesch @Yuriko_Backes hunn ech mam vietnamesesche Finanzminister Ho Duc Phoc zwee „Memorandum of Understanding“ (MoU) ënnerschriwwen. En éischten MoU am Kader vun engem Steierofkommes. Den zweeten MoU betrëfft „Green Finance“.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vum 50te Gebuertsdag vun den diplomatesche Relatiounen tëschent dem Vietnam a Lëtzebuerg goufen de Premier @Xavier_Bettel an ech vum vietnamesesche Premier Phạm Minh Chính empfaangen. Hei goufen eis bilateral politesch a wirtschaftlech Bezéiungen thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim éischten Dag vun eiser offizieller Visitt am Vietnam hunn ech zesumme mam Premier @Xavier_Bettel d’Wierk vum Automobilproduzent @VinFastofficial besicht. VinFast setzt op eng nohalteg Mobilitéit mat der Entwécklung vun 100% elektroneschen Autoen, Busser a Scooteren.
-
Lex Delles
@LexDelles
E wichtegen Echange mat Entrepreneuren aus dem Konstruktiounssecteur fir iwwer déi ekonomesch Situatioun an d’Situatioun am Logement ze schwätzen. Ech sinn an deem Kontext frou, dass de Premier @Xavier_Bettel am Regierungsrot proposéiert huet, eng Taskforce Logement ze grënnen
-
Lex Delles
@LexDelles
De neie Programme quinquennal fir d'Joeren 2023-2027 gouf gëschter an der @ChambreLux virgestallt an ugeholl. Dëse Fënnefjoresplang ass d'Fundament vun eiser Tourismuspolitik. Weider Informatiounen : gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Op eisem traditionelle RDV op der Plëss, hunn ech haut d’Projet’en presentéiert, déi mir mat eise Partner ausgeschafft hunn, fir eis Tourismusstrategie ëmzesetzen. Dëst Joer steet d’Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“ ënnert dem Thema „Aktivtourismus“ www.letzebuergvakanz.lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut hunn mir eis nei Strategie “Business Events 2030” virgestallt. Et ass e Secteur, dee Wirtschaftswuesstem generéiert an zum gudden Image vu Lëtzebuerg als Wirtschafts- an Tourismusdestinatioun bäidréit.
All Detailer zur Strategie:
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
@ICCAWorld -
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam Ierfgroussherzog konnt ech mir e Bild vun der innovativer Offer vun der Entreprise GABBANAelcom maachen. Hei ginn effizient Léisunge fir den techneschen Equipement vu Gebaier am Beräich Chauffage, Ventilatioun, Elektrizitéit a Sanitär ugebueden. @CourGrandDucale
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Fërdere vum Entrepreneurs- an Innovatiounsgeescht bei eise Schüler ass eng wichteg Erausfuerderung. Bei der Generalversammlung vun „Jonk Entrepreneuren Luxembourg“ hunn ech betount, datt si an dësem Kontext eng zentral Roll spillen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den ORT Guttland huet bei senger Generalversammlung e gutt gefëllte Rapport d'activité präsentéiert an och fir 2023 spannend Projet’en virgestallt. Ech hu besonnesch d’Konzept vun de Komfortwanderweeër begréisst.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun der Generalversammlung vum ORT Éislek hunn ech eis gutt Zesummenaarbecht ënnerstrach an dem ORT fir seng sëlleg attraktiv touristesch Projet‘en an Engagementer felicitéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
De « Pakt Pro Artisanat » ass e kloert Bekenntnis vun der Regierung fir d’Handwierk hei am Land. Zesumme mat der @CdMLuxembourg an der Fédération des Artisans bidde mir konkret Hëllefsmesuren un fir d’Betriber, ë.a. am Beräich Digitalisation, #rse an Transmissioun vun Entreprisen
-
Lex Delles
@LexDelles
De „Retail Report“ huet déi landeswäit kommerziell Offer, d’Evolutioun vun der Surface commerciale an d’Entwécklung vun deenen eenzele Branchen analyséiert.Den Outil erlaabt et eis d’Entwécklungen am Commerce ze begleeden ▶️fr.zone-secure.net/195083/1768703/
@clc_Luxembourg
@ccluxembourg -
Lex Delles
@LexDelles
Dir sidd en touristeschen Acteur, deen eng flott Offer am Beräich “Aktivtourismus” op d’Been gestallt huet?
Dann maacht mat bei eiser zweeter Editioun vun den Luxembourg Tourism Awards. Weider Informatioune ginn et um Site www.tourismawards.lu. -
Lex Delles
@LexDelles
Op Invitatioun vun der Fedamo hunn ech gëschter zesumme mam @ClaudeTurmes a mam François Bausch iwwert d’Erausfuerderunge vum Automobilsecteur diskutéiert. Bei dësem interessanten Austausch hu mir den Impakt vun der Energiekris an d'Mobilitéit vun der Zukunft thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ouni déi mëttelstänneg Betriber fonctionéiert keen effikasse Klimaschutz. Dowéinst ass et wichteg si bei der energetescher Transitioun ze begleeden. Haut hunn ech zesumme mam @FranzFayot @ClaudeTurmes an @WelfringJoelle de „Klimapakt fir Betriber“ virgestallt.
-
Lex Delles
@LexDelles
Wärend enger produktiver Aarbechtsreunioun mat Representante vun der @CdMLuxembourg hu mir eis iwwert déi aktuell Situatioun am Handwierk an de „Pakt Pro Artisanat“ ausgetosch. Esou hu mir ë.a. spezifesch Projet’en an der Digitalisatioun an der Nohaltegkeet analyséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
« Paul Wagner & Fils » leet grousse Wäert op d'energetesch Transitioun. Zesumme mam @Xavier_Bettel konnt ech mir e Bild vun der nohalteger Approche vun dësem innovative Betrib maachen. Mat energieeffiziente Servicer gi konkret Léisunge fir d‘energetesch Transitioun gebueden.
-
Lex Delles
@LexDelles
Merci dem japaneschen Ambassadeur MATSUBARA Tadahiro fir de gudden Austausch iwwert:
- Hëllefsmoossname fir kleng a mëttelstänneg Betriber
- Zesummenaarbecht bei der Weltausstellung Expo 2025 zu Osaka
- an den 100. Anniversaire vun den diplomatesche Bezéiungen am Joer 2027. -
Lex Delles
@LexDelles
Flotten Echange mam chineeseschen Ambassadeur HUA Ning iwwert d‘lëtzebuergesch Tourismuspolitik an d’Stäerkung vun der bilateraler Zesummenaarbecht am Tourismusberäich.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng häerzlech Gratulatioun dem #visitguttland fir säi 5ten Gebuertsdag. Den ORT huet bedeitend zur Professionalisatioun vum Tourismus an der ganzer Regioun bäigedroen. Hire neie Masterplang setzt e besonneschen Akzent op eng verbessert Liewensqualitéit fir Touristen a Residente.
-
Lex Delles
@LexDelles
Nei Editioun vun den “Dreamjobs Ambassadors” gëschter op der @Expogast. Hei ginn d’Horeca-Beruffer vum Kach a vum Serveur aus engem néie Bléckwénkel presentéiert. Bei dëser Occasioun hunn ech och verschidde Stänn op der Expogast besicht.
-
Lex Delles
@LexDelles
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim Workshop « Inspiring Travel and Meeting Experiences in Luxembourg » gouf d‘Diversitéit vu Lëtzebuerg als Tourismusdestinatioun ervirgestrach. Lokal Acteuren aus dem italieneschen Tourismussecteur kruten d’Virzich vun eiser Destinatioun an engem conviviale Kader virgestallt
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam @Xavier_Bettel an dem @CarloThelen hunn ech beim „Emilia Romagna-Luxembourg Business Forum“ d’Kooperatiounspotential vun eise mëttelstännege Betriber ënnerstrach. Eis Lëtzebuerger Entreprisen konnten sech an dësem Kontext mat italienesche Firmen austauschen
-
Lex Delles reposted
Chambre de Commerce du Luxembourg
@ccluxembourg
#gointernational
🇮🇹🇱🇺 The @ccluxembourg currently organises an official trade mission to Italy led by Prime Minister @Xavier_Bettel with the participation of Minister @LexDelles and @CarloThelen. The delegation is composed of 38 company. -
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun der Wirtschafts- an Tourismusmissioun goufen de @Xavier_Bettel an ech vum @sbonaccini a vum @acorsiniandrea zu Bologna empfaangen. Italien ass e wichtege Partner fir eis. Mir setzen op en Ausbau vun der Zesummenaarbecht um touristeschen an um wirtschaftlechen Niveau
-
Lex Delles
@LexDelles
Transparenz, Previsibilitéit an héichwäerteg Critèrë waren eis beim Ausschaffe vum Gesetzesprojet "programme quinquennal" wichteg. Dëst Subsiden-Gesetz erlaabt et, déi nei Tourismusstrategie duerch geziilten Investissementer ëmzesetzen an d’Acteuren um Terrain z’ënnerstëtzen.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Musée de l'Ardoise ënnersträicht d’Potential vum Erënnerungstourismus, deen eisen industrielle Patrimoine ervirhieft an zu de Prioritéite vun der Generaldirektioun fir Tourismus gehéiert. Dës impressionant touristesch Attraktioun stäerkt zudeem de ländleche Raum @kult_min
-
Lex Delles
@LexDelles
Wärend enger Wanderung um Minett Trail d’Natur genéissen, eis industriell Vergaangenheet kenneléieren an an engem aussergewéinleche Kabaischen iwwernuechte – dat ass elo och zu Zowaasch méiglech. Haut gouf de neie Gîte an engem ale Arbed-Aarbechter-Wunnhaus offiziell ageweit.
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir datt Touristen a Residenten an de beschtméigleche Konditioune wandere kënnen, halen d’Equippe vun der CNDS eis Weeër an der Rei. Haut konnt ech e Bléck hannert d’Kulisse vun hirer Aarbecht werfen an duerft eng Hand upaken. Ech soen hinne villmools Merci!
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Wäinhaus gëtt den zukünftege Referenzsite vum Oenotourismus. Haut goufen de Stand vum Chantier an d’Szenografie vum Musée virgestallt. Op dësem Site wäerte Residenten an Touristen de Lëtzebuerger Wäin mat all senge Facetten a mat senger ganzer Geschicht kenne léieren @mmtp_lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der Abschids-Entrevue mam japaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, S.E. Jiro Okuyama, hu mir eis iwwert déi bilateral Bezéiungen tëschent dem Groussherzogtum an dem Inselstaat ausgetosch. Mam Jiro Okuyama soe mir engem groussen Diplomat an engem Frënd vu Lëtzebuerg Äddi
-
Lex Delles
@LexDelles
De Vëlosummer ass d’Paradebeispill fir eng modern a lieweg Offer, déi Touristen a Residenten dozou animéiert eist Land um Vëlo ze entdecken. D’Editioun 2022, un där iwwer 29.000 Persounen deelgeholl hunn, ënnersträicht, datt den Aktivtourismus zu de Stäerke vun eiser Offer zielt
-
Lex Delles
@LexDelles
Nom ëffentlechen Debat an der Chamber iwwert d‘Petitioun 1319 lancéiert d’Generaldirektioun fir Mëttelstand an de nächste Wochen eng Testphas an 50 Betriber uechter d’Land fir de Clienten d’Drénkwaasser an der Gastronomie zougängeg ze maachen.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Bilan vun der touristescher Summersaison 2022 ass villverspriechend : 53% méi Iwwernuechtungen ewéi 2021 am Hebergementssecteur an 19% méi Residenten ënnert den Hotels- a Campingsclienten. De Secteur befënnt sech deemno an enger Dynamik vun der Reprise gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun fir Mëttelstand, @ccluxembourg an @CdMLuxembourg begleeden d’Transformatiounsprozesser vun eisen Entreprisen mat den SME-Packages. Dës Packages zeechnen sech doduerch aus, datt si einfach, onbürokratesch an effizient sinn. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech gratuléieren dem ORT Éislek an der ganzer Regioun zu der Auszeechnung „Leading Quality Region – Best of Europe“. D‘Éislek ass déi éischt zertifiéiert Wanderregioun an Europa, déi déi streng Critèrë vun der Europäescher Wandervereenegung erfëllt gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites.gouvernem…
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat Vertrieder vun der „Fédération des Taxis, Voitures de Location et Ambulances“ hu mir iwwert déi aktuell Situatioun vum Taxi-Secteur geschwat. Bei dësem Echange goufen ënner anerem d’Entwécklung vum Secteur a seng ekonomesch Reprise thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng Delegatioun vum EU-Ausschoss vum éisträichesche Bundesrat ass haut op enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. An dësem Kontext hu mir eis iwwert d’Zesummenaarbecht um europäeschen Niveau ausgetosch an d’Erausfuerderungen am Beräich vum Tourismus an dem Mëttelstand thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Entreprise Cobolux huet sech op d‘Schluechten an d’Verschaffe vu Fleesch spezialiséiert. Am Kader vun enger Entrevue hu mir eis iwwert déi aktuell Erausfuerderungen am Secteur ënnerhalen an d’Konsequenze vun der Energiekris thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der Entrevue mat enger éisträichescher Wirtschafts- an Tourismusdelegatioun hu mir eis iwwert déi bilateral Bezéiungen tëschent dem Grand-Duché an Éisträich ënnerhalen.
Am Virdergrond stoungen d‘Erausfuerderungen an d’Entwécklung vum Tourismussecteur. -
Lex Delles
@LexDelles
Bei enger Entrevue mat Vertrieder vum „Ordre des Experts-Comptables“ hu mir iwwert déi aktuell Situatioun vum Secteur geschwat an déi zukünfteg Erausfuerderungen analyséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun enger Entrevue mat Vertrieder vum Lëtzebuerger Taxisecteur hu mir iwwert zukünfteg Erausfuerderunge geschwat. Bei dësem produktiven Echange goufen d’Konsequenze vun der Covid-Pandemie, déi den Taxisecteur haart getraff hunn, an déi ekonomesch Reprise thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Generaldirektioun fir d'Mëttelstand engagéiert sech dofir, eise mëttelstännege Betriber en transparenten a kompetitive Kader ze schafen. Haut gouf de Bilan 2021 mat Statistiken zu Covid-Aiden, Handelsermächtegungen an Investitiounshëllefe virgestallt gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
„Vakanz genéissen“ ass e neien Event, deen am Summer 2022 organiséiert gëtt. Vum 23.07 bis den 28.08, “reest” eisen Iessdësch duerch d’Land. Informatiounen an Tickete fir de Weekend op den Dräi Eechelen (23.& 24.07) ënnert :
www.vakanz-geneissen.lu
#vakanzgeneissen -
Lex Delles
@LexDelles
Et war eng grouss Freed, d'Éieredistinctiounen « Ordre de la Couronne de Chêne » an « Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg » un d’Vertrieder*innen vum @OAI_lu, dem President vum Parc Merveilleux an de Mataarbechter*innen vum Ministère z’iwwerreechen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut goufen zu Zowaasch touristesch Projet’en virgestallt, déi d’Attraktivitéit vun der Kulturhaaptstad @Esch_2022 bedeitend ënnerstëtzen, an och doriwwer hinaus nach wäerten zur Liewensqualitéit vun den Touristen a Residente bäidroen, wéi z.B. den #minetttrail an MinettCycle.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech felicitéieren de gewieltene Representante vun der Assemblée plénière an dem Tom Oberweis fir säin zweet Mandat als Präsident vun der @CdMLuxembourg . Ech freeë mech op eng produktiv Zesummenaarbecht an dorop wichteg Erausfuerderunge gemeinsam unzegoen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi net remboursabel Direkthëllefen «aide pour coûts non couverts» an «aide de relance» lafen de 15.06. aus. Déi eligibel Betriber mussen hir Demanden, déi d'Period vu Mäerz'22 bis Juni'22 betreffen, bis spéitstens de 15.06. inclus um @deguichet areechen gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
All Investissement an den Tourismus ass och en Investissement an ons Liewensqualitéit zu 🇱🇺 Mat eiser neier Tourismusstrategie wäerte mir de Fräizäittourismus weiderentwéckelen an eng Plus-value fir Touristen, Residenten, Grenzgänger a Betriber schafen meco.gouvernement.lu/fr/publications/strategie/tourismuss…
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kontext vun engem däitleche Réckgang vun den Aiden-Demanden, hu mir eis fir en douce „phasing out“ vun den Hëllefsmesüren entscheet. @ChambreLux huet an dësem Sënn enger leschter Verlängerung vun der Aide de relance an der Aide des coûts non-couverts bis Juni zougestëmmt
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Reform vum droit d’établissement wäert den Entrepreneursgeescht zu Lëtzebuerg stimuléieren an d’Entwécklung vun de Kleng- a Mëttelbetriber dynamiséieren. Weider Detailer ënnert: gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Gratulatioun un d’École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg #ehtl fir hir néi interessant a villsäiteg Formatioun “Tourismus a Kommunikatioun” a Merci fir de sympatheschen Echange mat de Schüler a Schülerinnen iwwert eis zukünfteg Tourismusstrategie.
-
Lex Delles
@LexDelles
An der Chamberskommissioun hunn mir d’Situatioun vun der Tourismusbranche beschwat. Fir Mee 2022 sinn d'Previsiounen optimistesch: en Taux d’occupation vu 47% bei de Campingen a vu 50% bei den Hotellen. D'Tourismusbranche huet Touristen a Residente vill z’offréieren #vakanzdoheem
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam @OAI_lu a mam Lëtzebuerger Barreau hunn ech mech haut iwwert hiren Avis zum « projet de loi sur l’exercice des professions libérales des secteurs de la construction et de l’aménagement du territoire » echangéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Natur- & Geopark Mëllerdall ass elo offiziell en “UNESCO Global Geopark”. Domadder krut Lëtzebuerg seng fënneften UNESCO-Auszeechnung, wat d’Qualitéit souwéi déi grouss Diversitéit vun eisem Patrimoine a vun eiser touristescher Offer ënnersträicht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun enger Entrevue mam US-amerikaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, S. E. Thomas M. Barrett, hu mir iwwert déi strategesch Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Tourismuspolitik geschwat.
Heibäi hu mir ë.a. den Erënnerungstourismus thematiséiert @USEmbLuxembourg -
Lex Delles
@LexDelles
Op der AG vun @visitmoselle hunn ech eis gutt Zesummenaarbecht begréisst. Heibäi goufe besonnesch di digital Promotioun an den Aktivtourismus ervirgehuewen. Och fir d’Joer 2022 stinn eng Réi innovativ Projet’en un, wei zB den neie “River & Wine Bustour”, deen ab Mee stattfënnt.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun fir Mëttelstand huet d’Representante vun den europäesche Mëttelstandsministèren, « SME Envoys », zu Lëtzebuerg empfaangen. Am Kontext vum Ressource-Manktem an der Präisdeierecht gouf ë.a. d’nohalteg Entwécklung vun de Betriber thematiséiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Regioun Éislek iwwerzeegt am Beräich vum Erënnerungs- an Aktivtourismus mat attraktive Projet'en. Op hirer AG hunn ech Visit Éislek fir dës aussergewéinlech touristesch Offer felicitéiert an och d’Verdéiwung vun der Kooperatioun mat @luxembourginfo begréisst.
-
Lex Delles
@LexDelles
E Betrib, deen ekologesch gefouert gëtt an en respektvollen Ëmgang mat der Ëmwelt huet, steigert seng Attraktivitéit. Mam nationalen EcoLabel promouvéiert d’Generaldirektioun fir Tourismus dës Approche a setzt sech aktiv fir e nohaltegen Tourismus an.
-
Lex Delles
@LexDelles
Op der informeller Konferenz vun den EU Tourismusministeren zu Dijon, hunn mir haut iwwert di aktuell Erausfuerderungen am Tourismusberäich, eng besser Promotioun vum Tourismus an Europa an d‘Nohaltegkeet vum Secteur geschwat.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Tourismusdestinatioun Lëtzebuerg ass dorop beduecht jiddereen beschtméiglech ze empfänken. Dat gëllt och fir Persoune mat spezielle Bedürfnisser. Am Kontext vum „Tourisme pour tous“ promouvéiert d’Generaldirektioun fir Tourismus dës Approche ë.a. mat neien Illustratiounen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir déi Kleng- a Mëttelbetriber bei der Aféierung vun der elektronescher Facturatioun ze begleeden, bitt d’Generaldirektioun fir Mëttelstand e « Fit 4 Digital Package » un, deen sech un déi jeeweileg Situatioun vun den Entreprisen upasst @ccluxembourg gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Ouverture vun der Springbreak ass e wichtegt Signal fir den Event-Secteur, deen no schwéiere Méint virun der Relance steet. D’Generaldirektioun fir Tourismus stellt eis villfälteg a nohalteg touristesch Offer grad ewéi eis qualitativ héichwäerteg Produite vir
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat vill Kreativitéit an enger grousser Portioun Entrepreneursgeescht hunn eis Schüler 71 Mini-Entreprises kreéiert, déi si haut bei bei der „vente en commun“ virgestallt hunn. E flotten Exercice bei deem d'Schüler hir innovativ Produiten a Servicer erklären konnten.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Natur- a Geopark Mëllerdall huet eng spannend Ausstellung iwwert déi geologesch Geschicht vum Mëllerdall realiséiert. Hei ginn Touristen a Residente mat analogen, digitalen souwéi interaktiven Elementer iwwert d’Entstehung vun dëser faszinéierender Regioun opgekläert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den ehemolegen Industriesite Esch/Schëffleng gëtt ënnert der Leedung vun @agoraluxembourg valoriséiert. An dësem Terrain stécht en enormt Potential fir souwuel um urbanisteschen ewéi um ekonomeschen Niveau eng interessant Offer ze kreéieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Revalorisatioun vum Musée de l'Ardoise spillt eng wichteg Roll fir den Erënnerungstourismus an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Industriekultur. Dësen aussergewéinleche Site huet en immenst touristescht Potential an eng grouss Bedeitung fir den Tourismus am ländleche Raum.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng nohalteg Verpackung ass grad esou wichteg ewéi de Produit selwer. Mat dëser Devise konzipéiert a produzéiert GP LUX ressourcenaarmt Verpackungsmaterial. Ech konnt e Bléck hannert d’Kulisse werfen a mech dovun iwwerzeegen, datt dës Entreprise op recyclabelt Material setzt
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim Networking-Event vun der @clc_Luxembourg gouf d’Entwécklung vum E-Commerce thematiséiert. Den Onlinehandel ass eng komplementar Offer, déi dem analoge Commerce vill Opportunitéite bidde kann. D’Fit-4-Digital-Programmer an @LetzshopLux sinn hei eng wichteg Ënnerstëtzung
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir d'Saison 2022 sicht d’Generaldirektioun fir Tourismus Studenten. Är Missioun ass et Touristen a Residenten an verschiddene Regiounen ze encadréieren an hinnen eis touristesch Attraktiounen ze presentéieren. Méi Detailer fannt Dir an der Annonce
-
Lex Delles
@LexDelles
D’@ChambreLux huet gëschter e Gesetz gestëmmt, dat virgesäit d’« Aide de relance » an d’« Aide coûts non couverts » fir d’Méint Januar 2022 a Februar 2022 ze verlängeren. Ab haut kennen déi eligibel Betriber dës Aiden um @Guichet_Lu ufroen. guichet.public.lu/fr/support/coronavirus/corona-virus-pme…
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Inkubator vun der @uni_lu hëlleft Start-Up’en dobäi hir Business-Iddien an d’Realitéit ëmzesetzen. Schoulungen, Mentoring-Programmer an eng Büros-Infrastruktur bidden jonken Entreprisen ewéi „Letz Green Renewables“ e wichtege Réckhalt.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Handwierk ass en innovativen an usprochsvollen Secteur, dee virun enger grousser Erausfuerderung steet: et feelt un qualifizéiertem Personal. Dogéint wëlle mir aktiv virgoen. D’Generaldirektioun fir Mëttelstand ënnerstëtzt déi erfrëschend Promotiouns-Campagne vum Jonk Handwierk
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir eng héichwäerteg an transparent Offer vun de Lëtzebuerger Iwwernuechtungsstrukturen ze promouvéiere setzt d’Generaldirektioun fir Tourismus op en eenheetleche Klassifikatiounssystem. Dëse bitt Residenten an Touristen eng zouverlässeg Qualitéitsiwwersiicht.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Regierung huet decidéiert d’Aide de relance an d’Aide coûts non couverts ëm 4 Méint bis Enn Juni ze verlängeren. Dëst an der Optik vun engem "Phasing-Out". Mir maachen dat, fir de Betriber de Wee zeréck an eng Normalitéit ze vereinfachen an d‘wirtschaftlech Relance ze begleeden
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
#impfewierkt #yeswecare #covid19
D‘Ministeren @FranzFayot a @LexDelles an d‘Mataarbechter aus dem Wirtschaftsministère si solidaresch mam Personal aus dem Gesondheetssecteur -
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam Mobilitéitsminister François Bausch hunn ech Lëtzebuerg als Vëlosdestinatioun bei der International Bycicle Tourism Conference virgestallt. De Vëlosummer ass nëmmen ee Beispill dofir, datt Residenten an Touristen d’Attraktivitéit vum Groussherzogtum um Vëlo entdecken
-
Lex Delles
@LexDelles
D’aide de relance an d’aide coûts non couverts goufe bis Dezember 2021 inclus verlängert. Ab haut kënnen déi eligibel Betriber hir Demande fir de Mount November um @Guichet_Lu stellen. D’Konditiounen an d’Héicht vun den Indemnitéite bleiwen onverännert.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Den 1535 Creative Hub ass eng Plattform, déi interessant Synergien erméiglecht an den Entreprisen aus der Kreativindustrie e wichtegen Austauch erlaabt. Duerch d’Renovatioun vum Gebai B gouf elo eng liicht accessibel Produktiouns- Kreatiouns- a Verkafsplaz geschaaft.
-
Lex Delles
@LexDelles
Wärend der Promotiounsmissioun fir d‘Lëtzebuerger Tourismusdestinatioun op der @expo2020dubai hat ech d’Opportunitéit der @khaleejtimes , eng vun de gréissten engleschsproochegen Zeitungen am persesche Golf, d’Vakanzendestinatioun Lëtzebuerg virzestellen www.youtube.com/watch?v=IDeIW3aSORU
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun fir Tourismus setzt sech dofir an d’Wandererliefniss ze promouvéieren an d’Qualitéit vun eise Weeër konstant ze verbesseren. Esou gëtt eng nei Beschëlderung agefouert, déi de Standarde vun der Europäescher Wanderfederatioun entsprécht www.rtl.lu/news/national/a/1828789.html
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Titel “Europäesch Kulturhaaptstad” ass eng grouss Opportunitéit fir de Minett op eiser touristescher Landkaart ervirzehiewen. En interessanten Outil ass an dësem Kontext de Guide „Zoom Minett“ vun @Esch_2022. Dëse Guide vermëttelt e neit Bild vum Minett an der Grenzregioun
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi net remboursabel Direkthëllefen « aide pour coûts non couverts » an « aide de relance » lafen zum Deel aus. Déi eligibel Betriber mussen hir Demanden, déi d'Period vu Juli bis Oktober 2021 betreffen, bis den 01.12.2021 inclus um @Guichet_Lu areechen
-
Lex Delles
@LexDelles
Digitaliséierung vun der touristescher Offer zu Lëtzebuerg gehéiert zu eise Prioritéiten. Haut hunn ech e Prototyp fir eng digital Audio-Tour duerch d'Kathedral Notre-Dame getest. Eng flott Méiglechkeet déi 400 Joer al Kathedral op eng interaktiv Manéier besser kennenzeléieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir eng beschtméiglech Entwécklung vun de mëttelstännege Betriber ze garantéieren, brauchen si um nationalen an um europäeschen Niveau eng cibléiert Ënnerstëtzung. Beim „SME Open Day“ hunn ech ënnerstrach, datt den @EEN_LU virun dësem Hannergrond eng bedeitend Roll spillt
-
Lex Delles
@LexDelles
De Lëtzebuerger Wandersportverband bréngt zënter 50 Joer wanderbegeeschtert Leit beieneen a beweist, datt eis intakt Natur net nëmmen Touristen unzitt, mee och fir Residente ganz attraktiv ka sinn. Ech felicitéieren der Lëtzebuerger Wandersportfederatioun fir hire 50. Gebuertsdag
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Regierung huet decidéiert d’Aide coûts non couverts an d’Aide de relance ëm zwee Méint, also bis den Dezember 2021 inclus, ze verlängeren. D’PME’en sinn d’Réckgrat vun eiser nationaler Ekonomie, dofir ass et elementar eis Betriber an dëse schwieregen Zäiten ze ënnerstëtzen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun der Generalversammlung vun der
Luxembourg Event Association hunn ech ënnerstrach, datt d’Federatioun vun den Acteuren aus dem Evenementiel am Kontext vun der Covid-19-Pandemie e wichtegen Uspriechpartner ass. Mir stinn an engem enken a produktiven Echange mat der LEA -
Lex Delles
@LexDelles
Bei engem informellen Treffe vun den EU-Tourismusministeren hu mir iwwert d‘Digitaliséierung, d‘Resilienz an d’Nohaltegkeet vum Tourismussecteur diskutéiert. Ech hu begréisst, datt d’Acteure vum Tourismussecteur bei der Ausaarbechtung vun der EU-Tourismus-Agenda agebonne ginn
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Handwierk ass en immens facettëräiche Secteur, deen eng Villzuel u spannende Beruffer regroupéiert. Zesumme mat der @CdMLuxembourg hunn ech den Tounstudio Philophon Studios besicht, deen erfollegräich bei nationalen an internationale Film-Produktioune matschafft
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun de „Luxembourg Tourism Days“ war et mir wichteg d’Diversitéit vun den touristeschen Acteuren an d’Eenzegaartegkeet vu Lëtzebuerg als Tourismusdestinatioun ervirzesträichen. Bei engem Workshop kruten lokal Touroperateure d’Virzich vun eiser Destinatioun virgestallt
-
Lex Delles
@LexDelles
Am @LUexpo2020dubai gouf am Kader vun de „Luxembourg Tourism Days“ fir eng Villzuel un Attraktioune gesuergt. Esou gouf e klengt Duerf mat Stänn opgebaut, wou d’Visiteuren d’Kreativitéit an den technesche Know-how vun eisen Entreprisë kënnen entdecken
-
Lex Delles
@LexDelles
Den 2. Dag vun der Promotiounsmissioun fir d‘Lëtzebuerger Tourismusdestinatioun stoung am Zeeche vun héichrangegen Entrevue’en. Ënner anerem hunn ech mech gemeinsam mam Ierfgroussherzog mam Wirtschaftsminister Abdulla Bin Touq Al Mari iwwert eis bilateral Bezéiungen ausgetosch
-
Lex Delles
@LexDelles
Dubai steet fir eng impressionant Mëschung vun héichmoderne Staddeeler an traditionelle Quartieren. Zesumme mam Ierfgroussherzog hunn ech al-Bastakiyya, den historesche Staddeel vun Dubai, besicht. Hei gëtt den historesche Patrimoine en Valeur gesat.
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der „Made in Luxembourg“-Woch hunn 12 Lëtzebuerger Betriber hiren Innovatiounsgeescht an hiren ausseruerdentleche Know-how am @LUexpo2020dubai presentéiert. D'Villfalt un presentéierte Servicer a Produite schwätzt fir sech
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim éischten Dag vun der Promotiounsmissioun fir d‘Lëtzebuerger Tourismusdestinatioun goufen den Ierfgroussherzog an ech am @LUexpo2020dubai empfaangen. Deen bestécht an der Sektioun „Beauty“ duerch eng charmant an digital Duerstellung vun eise villfältege Regiounen
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Regierungsrot goufen d'Daten vun de kommende Wanter- a Summersolde fixéiert. D'Wantersolde fänke Méindes, den 3. Januar 2022, un an hale Samschdes, den 29. Januar 2022, op. D'Summersolde gi vu Freides, den 24. Juni 2022, bis Samschdes, den 23. Juli 2022 gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut ass eng weider wichteg Etapp fir Schengen, Lëtzebuerg an den Erënnerungstourimus geholl ginn. D’MS Princesse Marie Astrid, dat Schëff, op deem d’Schengener Ofkommen 1985 ënnerschriwwe ginn ass, gouf an der Lux-Werft zu Niederkassel, offiziell der Gemeng Schengen iwwerginn
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Regierung wëll déi mëttelstänneg Betriber an Zukunft nach méi staark begleeden. D’Generaldirektioun fir Mëttelstand huet dofir zesumme mat der @ccluxembourg an der @CdMLuxembourg den „Observatoire national des PME“ gegrënnt.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
D’Acteuren aus dem Tourismussecteur hu vill Ausdauer a Kreativitéit bewisen. Mat Leidenschaft, Dynamik an Entrepreneursgeescht goufe flott Projet’en op d’Been gestallt, déi eis touristesch Offer diversifiéieren. Duerch d'Luxembourg Tourism-Awards hiewe mir dës Efforten ervir.
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der Entrevue mam däitsche Botschafter zu Lëtzebuerg, Ullrich Wilhelm Klöckner, hu mir eis iwwert déi bilateral Bezéiungen tëschent dem Grand-Duché an der Bundesrepublik ënnerhalen. Mir hunn eis zudeem iwwert d‘Erausfuerderungen am Tourismussecteur ausgetosch.
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi touristesch Promotioun vum Vëlosummer huet och dëst Joer nees vill Leit erreecht: 27.500 verdeelte Vëlosummer-Landkaarten an iwwer 156.500 Klicks um Site www.velosummer.lu weisen, datt den Interessi och 2021 grouss war. Mir freeën eis elo schonn op d’Editioun 2022
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Personal an de Supermarché’en huet an de leschte Méint eng ausseruerdentlech Aarbecht geleescht. Zesumme mam Premier @Xavier_Bettel hunn ech am Shopping Center Massen, representativ fir de ganze Secteur, mat de Salarié’en iwwert dës ongewéinlech Zäit an hir Ausdauer geschwat
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun fir Tourismus schafft eng Strategie aus, fir der touristescher Entwécklung vu Lëtzebuerg e Kader ze ginn. Mir setzen op e participative Prozess an hunn d'Bierger ageluede fir gemeinsam iwwert d'Relatioun tëschent Tourismus a Liewensqualitéit ze diskutéieren
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Kompensatioun fir d'Erhéijung vum Mindestloun leeft den 30.09.'21 aus. Ech ruffen all eligibel Entreprise dozou op, hier Demande um @Guichet_Lu am Delai anzereechen, fir datt d’Generaldirektioun fir Mëttelstand eng séier an effizient Hëllef kann ubidden gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat Vertrieder vun der @CdMLuxembourg @ccluxembourg der Horesca @FDA_LUXEMBOURG an der CLC hat ech e produktiven Austausch iwwert d’Erausfuerderungen vun Kleng- a Mëttelbetriber. De finanziellen Impakt vun der Covid-Pandemie a Pisten fir eng ekonomesch Relance goufen analyséiert
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz” huet de Summer 2021 mat Liewe gefëllt. Vum 50-€-Bon iwwert Letzbingo an d’VisitLuxembourg-App bis bei de Guide for one day an de movewecarry: Residenten an Touristen hunn Lëtzebuerg duerch innovativ Projet’en (nei) kennegeléiert
-
Lex Delles
@LexDelles
An Zesummenaarbecht mat der Horesca an der @ccluxembourg huet d’Generaldirektioun fir Mëttelstand de Projet Dreamjobs Ambassadors gegrënnt. Hei gi kreativ an erfollegräich Virbiller presentéiert, déi et erméiglechen d’Beruffer aus der Horeca aus engem néie Bléckwénkel ze weisen
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi net remboursabel Direkthëllefen « aide pour coûts non couverts » an « aide de relance » lafen zum Deel aus. Déi eligibel Betriber mussen hir Demanden, déi d'Period vu November 2020 bis Juni 2021 betreffen, bis de 15.09.2021 um @Guichet_Lu areechen gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun engem Aarbechtsiesse mam japanesche Botschafter zu Lëtzebuerg, Jiro Okuyama, a senger Fra Toyoko Okuyama, hu mir eis iwwert d’Promotioun vun der Vakanzendestinatioun Lëtzebuerg an d’Zesummenaarbecht tëscht lëtzebuergeschen a japaneschen Entreprisë ausgetosch
-
Lex Delles
@LexDelles
Bis haut goufen 131.038 Iwwernuechtungsbongen ageléist. Profitéiert nach bis de 15. September fir Äre 50-Euro-Bong an engem Hotel, engem Camping oder engem Gîte anzeléisen. Falls Dir Äre Bong nach net ageléist a verluer hutt, kennt Dir e neie Bong ënnert bon50@eco.etat.lu ufroen
-
Lex Delles
@LexDelles
De « Vëlosummer 2021 » gehéiert zu eisen touristeschen Highlights. Ab haut kënne Residenten, Frontalieren an Touristen eis intakt Natur, eis kulturell Attraktiounen, eise lokale Commerce an eis convivial Horeca-Betriber op verschiddene Strécken um Vëlo kenneléieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mat der Kulturministesch @SamTanson hunn ech d’Schlässer vu Beefort, Buerschent an der Fiels besicht. Mir schaffen un enger Strategie fir d'Valorisatioun vun dësem touristeschen a kulturelle Patrimoine zukënfteg ze optiméieren.
Ministère de la Culture Luxembourg
@kult_min
Renforcer la cohérence & créer des synergies pour mieux pouvoir valoriser le patrimoine culturel bâti du 🇱🇺. @SamTanson et @LexDelles ont échangé avec les amis des châteaux de Beaufort, Bourscheid et Larochette (acquis par l’Etat en 2020) sur les pistes à suivre.
-
Lex Delles
@LexDelles
Als eelste Stad vu Lëtzebuerg gehéiert Iechternach zu eisen touristeschen Highlights. Ze gesi wéie grousse Schued d’Héichwaasser hannerlooss huet schockéiert. D’Regierung huet Hëllefsmesüren en Place gesat, fir dëser Stad, sengen Awunner an den Entreprisen op d’Been ze hëllefen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Regierungsrot huet decidéiert d’Iwwerschwemmungen als Naturkatastrophe anzestufen. Dëst erméiglecht eis deene Betriber, déi duerch d’Héichwaasser Schued erlidden hunn, mat Aiden zur Säit ze stoen. Muer deelt d’Generaldirektioun fir Mëttelstand weider Detailer zu den Aiden mat
-
Lex Delles
@LexDelles
D’@ChambreLux huet der Verlängerung vun der Aide de relance an der Aide coûts non couverts fir Betriber, déi nach ëmmer staark vun der Covid-Pandemie getraff sinn, zougestëmmt. Mir stinn dëse Betriber zur Säit, präparéieren allerdéngs gläichzäiteg en „phasing-out“ vun den Aiden
-
Lex Delles
@LexDelles
40 Elefanten dekoréieren d’Geschäftsstroossen an 13 Gemengen. Mat dëser „Elephant Parade“ wëlle mir de Commerce promouvéieren an d’Uertskären dynamiséieren. Des Weidere gëtt et bis den 10.09. all Dag e Bong fir op @LetzshopLux ze gewannen. Méi Infos ënner www.elephantparade.com
-
Lex Delles
@LexDelles
Säit haut huet Lëtzebuerg säin digitale Reesbegleeder. D’”VisitLuxembourg”-App bitt Touristen a Residenten d’Méiglechkeet den ideale Vakanzendag ze plangen an online ze buchen. An 6 Kategorien, 20 Ënnerkategorien a mat enger Rei u Filteroptioune gëtt den User guidéiert
-
Lex Delles
@LexDelles
Ewéi de @STATEC mellt ass d’Unzuel vun de Vakanzendeeg, déi Residenten zu Lëtzebuerg verbréngen tëschent 2019 an 2020 ëm 526% geklommen. D’Covid-Pandemie an d’Promotioun vu „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“ hu vill Leit dozou animéiert, Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun ze entdecken
-
Lex Delles
@LexDelles
Dir sidd e forméierte Guide an hutt Loscht Är Passioun fir Lëtzebuerg ze deelen? Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch an Englesch? Dir wëllt bei der Weltausstellung zu Dubai dobäi sinn an Dir sidd vum 8. bis den 10. November disponibel? Dann mellt Iech bei tourisme@eco.etat.lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Trotz der Covid-Pandemie, wärend där d’Generaldirektioun fir Mëttelstand de Betriber mat Aiden zur Säit stoung, bleift de Bilan 2020 vun den Handelsermächtegunge stabil. Déi duerchschnëttlech Beaarbechtungszäit vun enger Demande ass nëmme liicht geklommen, vun 9,4 op 9,8 Deeg.
-
Lex Delles
@LexDelles
De @ReckingerMichel huet als als Präsident vun der @FDA_LUXEMBOURG opgehalen. Hien huet d’Handwierk mat Häerzblutt vertrueden, a war e fairen a kompetenten Uspriechpartner. Ech soen him Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht a wënschen sengem Nofollger Ernest Pirsch vill Erfolleg
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der UCVL hunn ech ënnerstrach, datt de Commerce eng Widderstandsfäegkeet bewisen huet.
Esou waren d’Commercë nëmmen 8 Wochen zou, och well si déi sanitär Virgabe virbildlech ëmgesat hunn. Zudeem hunn vill Geschäfter vun @LetzshopLux profitéiert an hir Offer digitaliséiert -
Lex Delles
@LexDelles
De „Bauhärepräis OAI“ illustréiert de Know-How an d’Kreativitéit vun de Lëtzebuerger Architekten a Bauhären. Den @OAI_lu invitéiert dozou, déi 36 mam «Bauhärepräis OAI 2020» ausgezeechente Bauwierker bei enger „Open Air“-Ausstellung zu Rëmerschen ze entdecken.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech hat haut en interessant Gespréich mam Tonia Koch vum @DLF iwwert d‘MS Princess Marie Astrid. No laange Jore kennt dat Schëff, op deem de Schengener Accord 1985 ënnerschriwwe gouf, nees heem. Mir hunn iwwert déi historesch Dimensioun vun dëser Decisioun diskutéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Et ass eng politesch Prioritéit d’Virzich vum ländleche Raum en Valeur ze setzen. An engem participative Prozess hunn 80 privat an ëffentlech Acteuren aus dem Tourismussecteur 19 innovativ Projet’en ausgeschafft fir d’Tourismusoffer am ländleche Raum ze dynamiséieren
-
Lex Delles
@LexDelles
Jidderee vun eis huet seng Liblingsplazen am Land, sief et dat schéinste Schlass oder de beschte Picknick-Spot. Mat eiser Summerchallenge #letzbingo kann een interessant Plaze deelen a flott Präisser gewannen. Déi 1. Gewënnerphoto weist e Gesicht an de Fielsen am Mëllerdall
-
Lex Delles
@LexDelles
Nohaltegkeet spillt fir den Tourismus an de Mëttelstand eng wichteg Roll. De Benu Village zu Esch huet dat erkannt a setzt dës Approche konsequent ëm. Esou gëtt en Ekoduerf kreéiert, dat no de Reegele vun der Economie Circulaire funktionéiert. Eng Approche, déi ech begréissen
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei der grenziwwerschreidender Wirtschaftsmissioun "GET2Know Your Neighbors" komme mëttelstänneg Betriber beienee fir Erfarungen auszetauschen an nei Geschäftsbezéiungen ze knäppen.
Dëst Joer wäerte Betriber aus Lëtzebuerg a Baden-Württemberg vun dëser Opportunitéit profitéieren -
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider an dem Buergermeeschter vun Dikrech Claude Haagen hunn ech mir am Conservatoire National de Véhicules Historiques en Iwwerbléck iwwert déi verschidde motoriséiert Gefierer an der Landwirtschaft verschaf.
-
Lex Delles
@LexDelles
Duerch d’Luxembourg Tourism Awards wëlle mir déi qualitativ héichwäerteg a villfälteg Offer vun den Acteuren aus dem Tourismussecteur ervirhiewen. Um Site www.tourismawards.lu kënnen elo Kandidaturen eragereecht ginn
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Campinge Biissen, Kautebaach a Kounenhaff kruten gëschter hir Klassifikatiounsplaquette iwwerreecht. De mat der @camprilux ausgeschaffte Klassifikatiounssystem erlaabt et Campingbetriber op bestëmmte Qualitéitscritèren hin ze iwwerpréiwen an ze bewäerten
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam Stefano Bonaccini, Präsident vun der Regioun Emilia-Romagna, hat ech haut eng Entrevue fir iwwert eis Zesummenaarbecht ze diskutéieren. Italien ass um touristeschen ewéi och um wirtschaftlechen Niveau e wichtege Partner. Mir wäerten weiderhin op eng enk Kooperatioun setzen
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Titel Europäesch Kulturhaaptstad bitt eng ausseruerdentlech Opportunitéit fir de Süde vu Lëtzebuerg op der touristescher Landkaart ervirzehiewen. Haut gouf d’Tourismusstrategie vun @Esch_2022 virgestallt, déi néideg ass fir eng eenheetlech Approche op d’Been ze stellen.
-
Lex Delles
@LexDelles
D‘Promotioun vun eiser Tourismus-Destinatioun geet nei Weeër. Déi klassesch Foirë fannen aktuell net statt, dofir huet @luxembourginfo Luci TV kreéiert, fir professionell Acteuren aus dem Tourismus ze erreechen an d’Vilfalt vun eisem Land ze weisen
www.youtube.com/watch?v=VCZsJncYVAY -
Lex Delles
@LexDelles
D’Tourismus-Saison 2021 steet virun der Dier. Mir hunn e gesonde Mix tëschent konkreten Aktioune fir dëse Summer a strategesche mëttelfristegen Objektiver ausgeschafft.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Haut hunn ech mat den EU-Tourismus-Ministeren iwwert d’Chancen an d’Erausfuerderungen vum nohaltegen Tourismus diskutéiert. Ech hunn heibäi ënnerstrach, datt den Tourismus um wirtschaftlechen, sozialen an ökologeschen Niveau nohalteg muss gestallt ginn
-
Lex Delles
@LexDelles
De Succès vum nationalen Ecolabel weist datt Lëtzebuerger Hebergementsbetriber Virreider an der Nohaltegkeet sinn. Si setzen op eng gutt Ëmweltgestioun an eng héij Qualitéit. Fir dës Approche ze stäerken kritt de nationalen Ecolabel e neie Visuell
-
Lex Delles
@LexDelles
Och dëse Summer wäert Lëtzebuerg als Vakanzendestinatioun vill ze bidden hunn. De Vëlosummer 2021 wäert ee vu ville Highlights sinn. Nom Succès vum leschte Joer huet déi nei Editioun mat 12 ofwiesslungsräichen Tier d’Unzuel vun hire Strecke verduebelt
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
D'MS Princess Marie Astrid kënnt heem. 1985 gouf op dësem Schëff de Schengener Accord ënnerschriwwen. Haut steet Schengen weltwäit fir en oppent Europa. D'Marie-Astrid ass domadder e Lëtzebuerger an en Europäeschen Patrimoine gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Enquête Covid-19 vun der @CdMLuxembourg weist datt eis Hëllefsmesüre gutt ukomm sinn: 89% vun den Handwierksbetriber hunn vu Staatshëllefe profitéiert. D’Majoritéit gëtt un, datt d'Hëllefen et erméiglecht hunn d’Kris ze iwwerstoe resp. déi nach ëmmer schwéier Zäiten z'iwwerstoe
-
Lex Delles
@LexDelles
An der @ChambreLux gouf Digitaliséierung vun eise Betriber thematiséiert. Ech hunn ervirgehuewen, datt zënter der Aféierung vum Fit 4 Digital Packages am Oktober 2019 iwwer 280 Betriber hir Digitaliséierung an d'Hand geholl an digital Solutiounen duerch dëse Programm ëmgesat hunn
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng produktiv Entrevue mam Jonk Handwierk, wou mir de Point iwwert d’Situatioun vum Handwierk gemaach hunn. Mir hu virun allem awer och no vir gekuckt an déi zukünfteg Erausfuerderungen analyséiert, wou ë.a. déi verstäerkte Promotioun vum Handwierk eng wichteg Roll wäert spillen
-
Lex Delles
@LexDelles
2020 war e bedeitend Joer fir @LetzshopLux Esou gouf eng Hausse vun 1434% u Bestellunge par rapport zu 2019 enregistréiert. Iwwer 387.870 ugebuede Produiten, dovun 2.270 „made in Luxembourg“, sti fir d’Attraktivitéit an de lokale Charakter vu Letzshop. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
De laangjärege Familljebetrib Salaisons Meyer ass iwwerzeegt, dass et grad a Krisenzäite gëllt innovativ ze sinn. Mam Premier @Xavier_Bettel war ech gëschter op der Plaz, fir mir d’Hameproduktioun unzekucken & en Echange iwwer d’Situatioun an der Liewensmëttelproduktioun ze hunn.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam Premier @Xavier_Bettel ware mir haut beim Gedrénksproduzent Carlo Wampach, deen eng lëtzebuergesch Alternativ zu klasseschen Aperitifer offréiert. Mam Battor a sengem neie Produit Orbitt weist hien, dass och a Corona-Zäiten mat vill Asaz nei Produite kënnen entwéckelt ginn.
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir d'Saison 2021 sicht d’Generaldirektioun fir Tourismus motivéiert Studenten. Är Missioun wier den Encadrement vun Touristen a verschiddene Regioune wärend 1-2 Méint z'assuréieren. Méi Detailer fannt dir an der Annonce.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den ORT Guttland huet gëschter, ënnert strikte sanitäre Mesuren, seng Generalversammlung zu Biereng gefeiert. Déi ganz engagéierter Equipe konnt 2020 vill Leit hei am Land erreechen. D’Saison 2021 léit am Fokus vum Aktivtourismus mat ënner anerem „kuerze Qualitéitsweeër“.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng permanent Weiderbildung garantéiert d'Qualitéit & de Knowhow an eisen Handwierksbetriber. Haut konnt ech mir e Bild vum neie Formatiounszenter Krakelshaff maachen an felicitéieren der Fédération des Artisans an dem ganze Secteur fir hir Virreiderroll an dësem Domaine.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Pandemie vum Covid-19 an d’Promotioun vu „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz“ hu vill Residenten dozou bruecht, eist Land als Vakanzendestinatioun ze entdecken. Ewéi den @STATEC ermëttelt huet, war Lëtzebuerg d’läscht Joer déi zweet-beléiftste Vakanzendestinatioun bei eisen Awunner.
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité vun der Redaktioun bei @RTLlu : „Et ass geplangt, datt Terrassen ënnert ganz strenge Critèrë kënnen opmaachen. Restaurateuren a Cafetiere mussen hir Terrassen allerdéngs net opmaachen, d’Aiden lafen egal wéi virun.“ www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1698163.html
-
Lex Delles
@LexDelles
Kirsch ass e Lëtzebuerger Familljebetrib, deen groussen Entrepreneursgeescht bewisen huet. Nieft aacht Metzlereien, gehéieren entre-temps och e Service-Traiteur an zwee Restauranten zum Betrib. An dëse schwieregen Zäite setzt Kirsch op héichwäerteg Produiten an Qualitéitsaarbecht
-
Lex Delles
@LexDelles
Ab haut kennen déi erweidert Aide coûts non couverts an déi nei Aide de relance ugefrot ginn. Fir d’Betriber doriwwer opzekläre wéi eng Aiden si zegutt hunn, start d’Generaldirektioun fir Mëttelstand zesumme mat der @ccluxembourg eng Informatiounscampagne
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
An der @ChambreLux gouf e Gesetz gestëmmt, mat deem d'Ënnerstëtzung fir Betriber, déi besonnesch ënnert der Covid-Kris leiden, verstäerkt gëtt. Esou ginn d'Aide de relance an d'Aide coûts non couverts erweidert. Dës Aiden kënnen ab dem 24.03. um @Guichet_Lu ugefort ginn
-
Lex Delles
@LexDelles
A menger Interventioun an der @ChambreLux hunn ech ënnerstrach, datt mir scho virun der Pandemie eise Tourismus-Profil geschäerft hunn: Mir si keng Destinatioun fir präisgënschtege Massentourismus, mee mir setze bewosst op héichwäertege Tourismus, deen eng reell Plus-value bréngt
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Arsène Laplume huet mir seng impressionant Privatkollektioun un historesche Steyr-Traktere gewisen, déi hien an Zukunft och wëll engem gréissere Public zougänglech maachen. Dës interessant Visitt huet mir e gudden Iwwerbléck vun dësem flotte Projet verschaf.
-
Lex Delles
@LexDelles
Op Invitatioun vum @OAI_lu an der @FondationIDEA hunn ech iwwert d’Situatioun vum Bausecteur an der Covid-Pandemie diskutéiert. D’Generaldirektioun fir Mëttelstand bereet d’Entreprisen och op d’Zäit no der Kris vir, dëst zB am Beräich vun der Digitalisatioun
-
Lex Delles
@LexDelles
Haut um Internationalen Dag vun der Fra, weise mir eis solidaresch a soen #connecttostopviolence géint Fraen a jonk Meedercher.
-
Lex Delles
@LexDelles
Bei enger Entrevue mat der „Fédération luxembourgeoise des Ascensoristes“ gouf iwwert d’Nohaltegkeet an dat wirtschaftlecht Potential vun dësem Secteur diskutéiert. D’Generaldirektioun fir Mëttelstand wäert och zukünfteg an enkem Kontakt bleiwen an de Secteur begleeden
-
Lex Delles
@LexDelles
De Schumann's Eck war wärend der Ardennenoffensiv eng strategesch wichteg Stroossekräizung. Hei gouf e Gedenkpfad ageriicht, deen duerch e neit Konzept en Valeur gesat gëtt. Et ass wichteg den Erënnerungstourismus auszebaue fir e reflektéiert Geschichtsbewosstsinn ze fërderen
-
Lex Delles
@LexDelles
Zënter dem Ufank vun der Pandemie huet d’Generaldirektioun fir Mëttelstand 11 verschidden Aiden agefouert an iwwer 286 Milliounen Euro un Hëllefen ausbezuelt. Elo hu mir eis Aiden nach eng Kéier substantiell ugepasst. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun der drëtter net-remboursabeler Direkthëllef fir Independante goufen ënnerhalb vun 8 Deeg schonn iwwer 1.000 agereechten Dossieren traitéiert an ausbezuelt. Ech ruffen nach eng Kéier all eligibelen Independant dozou op eng Demande anzereechen
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
An der @bnluxembourg gouf iwwert nohaltegen Tourismus diskutéiert. Lëtzebuerg ass keng Destinatioun fir präisgënschtege Massentourismus, mee setzt op qualitativ héichwäertegen Tourismus. Nohalteg Tendenzen a Reesforme sinn wichteg. Esou spillt den Aktivtourismus eng zentral Roll
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Statistike vun @geoportail_lu @luxembourginf @visitmoselle Visit Mullerthal an Visit Eislek weisen eng däitlech Erhéijung vum Interêt fir d’Lëtzebuerger Wanderweeër am Joer 2020. Wanderen ass sécherlech déi interessantste Manéier eist Land ze entdecken.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
D'Independante spillen eng zentral Roll fir d’Weiderentwécklung vun eiser Wirtschaft. Dofir ass et wichteg hinnen eng cibléiert Ënnerstëtzung ze bidden. Ab haut kann déi nei net remboursabel Direkthëllef um Site www.guichet.lu/indemnite-independant ugefrot ginn. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun fir Mëttelstand huet iwwer 265 Milliounen € un Hëllefe fir Betriber an Independanten ausbezuelt. Mir wëllen eng séier Hëllef bidden, sinn allerdéngs dorop ugewisen, datt d’Entreprisen eng Demande stellen an datt dës och komplett ass
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Ënnert strenge sanitären Oplagen hunn alleguerten d’Geschäfter zu Lëtzebuerg nees dierfen hir Dieren opmaachen. Esou ass ë.a. d’Unzuel vun de Clienten op eng Persoun pro 10m2 limitéiert. Ech hunn @France3tv den Hannergrond vun dëser Decisioun erkläert. www.youtube.com/watch?v=xUiFffxDxuE
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Independanten, déi Entreprenariatsgeescht weise sinn e wichtegen Deel vun eiser Wirtschaft. Si si schwéier vun der Kris betraff. Dofir baut d’Regierung d'Ënnerstëtzung fir d'Independante mat enger neier net remboursabeler Direkthëllef aus. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi läscht Woche konnte vill Leit aus sanitäre Grënn net vun hirem 50-Euro-Iwwernuechtungsbong profitéieren. An dësem Kontext gouf d‘Décisioun getraff, d’Validitéit vun de 50-Euro-Bonge, déi nach net ageléist goufen, bis den 18. Abrëll 2021 ze verlängeren.
-
Lex Delles
@LexDelles
An der @ChambreLux goufen dräi Gesetzer gestëmmt, déi de Mëttelstand cibléiert ënnerstëtzen. Dat sinn zwou Direkthëllefen, d’Aide de relance an d’Aide coûts non couverts, déi ab haut um @Guichet_Lu kënnen ugefrot ginn, souwéi eng Kompensatioun fir d'Erhéijung vum Mindestloun
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Biller, déi mir an verschiddene Geschäftszentre gesinn hunn, sinn net ze vertrieden. Dofir mussen d’Akteuren d’gestion des flux optimiséieren. Et dierf allerdéngs net vergiess ginn, datt de Consommateur och eng Responsabilitéit huet
www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1626316.html -
Lex Delles
@LexDelles
5.000 Kilometer un Wanderweeër ënnersträichen dat grousst touristescht Potential vu Lëtzebuerg. Fir den Exigenze vun de Wanderer gerecht ze ginn, gouf e Leitfaden ausgeschafft, deen eng strukturéiert an eenheetlech Kennzeechnung vu Wanderweeër virgesäit
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Ech hunn @france3 d’Onlineplattform @LetzshopLux virgestallt. Lokal Betriber kréien hei eng Plattform, wou si hier Wueren online verkafe kënnen. Mir begleeden d’Geschäfter bei der Digitaliséierung andeems mir hinnen eng staark virtuell Presenz bidden.
www.youtube.com/watch?v=7uhqWbkiBKs -
Lex Delles
@LexDelles
Déi am stäerksten vun der Kris betrafen Secteuren kréien eng net-remboursabel Direkthëllef an Héicht vu 500 Euro pro Salarié, deen tëschent dem onqualifizéierten a qualifizéierte Mindestloun verdéngt.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mam @SamTanson an dem @FranzFayot hunn ech nei Aiden virgestallt, déi de Mëttelstand nohalteg ënnerstëtzen. Am Kader vum Fonds de relance gëtt d’Aide de relance verlängert an ausgebaut an eng Direkthëllef agefouert, déi de Betriber en Deel vun hire Käschten kompenséiert
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun der digitaler Studentefoire stellen sech d’Generaldirektioun fir Tourismus an d’Generaldirektioun fir Mëttelstand vir. Mir stinn de Studenten haut a muer Ried an Äntwert op eisem digitale Stand um Site www.studentefoire-goes-digital.lu
www.youtube.com/watch?v=zAQBFQL_Xe8 -
Lex Delles
@LexDelles
Well de « Made in Luxembourg » och am Ausland gefrot ass, muss en Handwierksbetrib eis Reegelen an déi vun der Groussrégioun kennen. @CdMLuxembourg huet e Guide erausbruecht, deen eng wichteg Orientéierung gëtt #guidepourartisans #handbuchfürHandwerker
m.youtube.com/watch?v=LFJTChxfE38 -
Lex Delles
@LexDelles
Ewéi de Premier @Xavier_Bettel et annoncéiert hat, wäert d’Regierung net nëmmen de „Fonds de relance et de solidarité“ verlängeren, mee zousätzlech eng Direkthëllef en place setzen, mat där d’Betriber aus vulnerabele Branchen en Deel vun hire Käschte kënne kompenséiert kréien.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den ICCA-Kongress ass eng grouss Opportunitéit fir eis Destinatioun am Beräich Business-Events ze promouvéieren. Mam Serge Wilmes, éischte Schäffe vun der @CityLuxembourg, a mam François Lafont, CEO vum Luxembourg Convention Bureau, hunn ech de Programm vum Kongress virgestallt
-
Lex Delles
@LexDelles
Felicitatiounen dem @ReckingerMichel fir d’Nominéierung als President vun der @uel_lu. Fir d'éischte Kéier kennt e Vertrieder vum Handwierk – an domadder och vum Mëttelstand - un d‘Spëtzt vun der UEL. Och dem aktuellen Präsident @npebuck e grousse Merci fir seng Aarbecht
-
Lex Delles
@LexDelles
De Wanderwee „Manternacher Fiels“ ass vum Deutschen Wanderinstitut mat 91/100 Punkten als Traumschleife zertifiéiert. E grousse Merci fir déi interessant Erklärungen vum Buergermeeschter Jempi Hoffman, dem Syndicat Président Josy Fisch, an dem Fierschter Luc Roeder @visitmoselle
-
Lex Delles
@LexDelles
D’virtuell Realitéit ass eng Technologie, déi e grousst Potential huet. Am virtuelle Fräizäitpark „VR Park Luxembourg“ zu Esch-Belval kënnen Erwuessener a Kanner op 500m2 bis zu 50 Spiller op 15 Maschinne spillen. Dëse Projet combinéiert Innovatioun an digitalen Entertainment.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat der Ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Wunnengsbauminister Henri Kox, der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, dem Präsident vum Verwaltungsrot vun der Luxexpo Raymond Schadeck an dem Morgan Gromy, Generaldirekter vun der Luxexpo, hunn ech d’Home Expo 2020 besicht.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Camping Fuussekaul zielt zu de beléiftsten Iwwernuechtungsstrukturen aus dem Land. Esou huet dëse Familljebetrib schonn iwwer 1.000 50-Euro-Bongen enregistréiert. Zesumme mam Premier @Xavier_Bettel hunn ech mir e Bild vun der grousser Offer an de kreativen Iddien gemaach.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Home-Expo huet sanitär Mesuren an en hybriden Modell op d’Been gestallt. Zesumme mam Wunnengsbauminister Henri Kox a mam Präsident vum Verwaltungsrot vun der @Luxexpo_The_Box Raymond Schadeck hunn ech iwwert d’Zukunft vum Event-Secteur an déi wirtschaftlech Relance geschwat
-
Lex Delles
@LexDelles
De Vëlosummer 2020 huet vill Residenten an Touristen ugeschwat. Wärend deem si eis Regiounen entdeckt hunn, konnten si vum Gepäcktransport movewecarry.lu a vum 50€-Bong profitéieren. Bis elo goufen 2.400 Wallissen transportéiert a 60.000 Bongen ageléist @mmtp_lu
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Chocolaterie Genaveh produzéiert qualitativen héichwäertege Schockela “made in Luxembourg”. Zesumme mat der @CdMLuxembourg hunn ech mir de neie Produktiounsatelier ugekuckt, deen op Nohaltegkeet setzt.
-
Lex Delles
@LexDelles
Zesumme mat der LEA hunn den @Xavier_Bettel an ech eis bei @PartyRentGroup iwwert d’Opportunitéite vum Event-Secteur ausgetosch. Foiren kennen mam “Safe to meet”-Label am Respekt vun de sanitären Normen organiséiert ginn.Mat Kreativitéit an Innovatioun wäert en Neistart geléngen
-
Lex Delles
@LexDelles
D‘Sylvotherapie huet hieren setzt op déi positiv Wierkung vun engem Spadséiergang duerch de Bësch. Den City Tourist Office vun Ettelbréck huet en 2,6 Kilometer laange Wee op Basis vun der Sylvotherapie erstallt deen et Residenten an Touristen erlaabt eis intakt Natur ze genéissen
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Werbetechnik-Manufaktur Euroline huet d’Produktioun wärend der COVID-19-Pandemie ëmgestallt. Dësen Handwierksbetrib stellt Infektiounsschutzscheiwe “made in Luxembourg” hier. Zesumme mat der @CdMLuxembourg hunn ech mir e Bild vun der Produktioun gemaach #makersofluxembourg
-
Lex Delles
@LexDelles
Stugalux SA ass eng vun den éischten europäeschen Entreprisen, déi de „Roboter-Hond“ Spot asetzt. Dëse Roboter erlaabt et Moossaarbechten op Chantieren ze iwwerhuelen. Nei Technologien an d‘Digitaliséierung bidden de Betriber net nëmmen am Bausecteur eng wichteg Ënnerstëtzung
-
Lex Delles
@LexDelles
Truck&Bus Services huet en « E-Bus Competence Center » op d’Been gestallt fir d’Elektromobilitéit ze fërderen. Wärend der COVID-19-Pandemie huet dëse mëttelstännege Betrib des Weidere verstäerkt op Digitaliséierung gesat, ewéi de Premier @Xavier_Bettel an ech gewise kruten.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Traiteur Cocottes setzt op saisonal a qualitativ héichwäerteg Produite souwéi eng ëmweltfrëndlech a regional Approche. Ewéi dëse Betrib op d’COVID-19-Pandemie reagéiert huet an déi sanitär Mesuren am neien Atelier ëmsetzt hunn ech mir mam Premier @Xavier_Bettel ugekuckt.
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir wärend enger Kris net op Importer ugewisen ze sinn, produzéiert Santé Services Maske „made in Luxembourg“. D’Generaldirektioun fir Mëttelstand ënnerstëtzt dat mat enger Subventioun vun 200.000€. Zesumme mam @Xavier_Bettel hunn ech mir e Bild vun der Fabrikatioun gemaach
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng éischt interessant Entrevue mam neie Präsident vum ORT Mëllerdall, Christophe Origer. Bei dësem bilaterale Gespréich gouf et en Austausch iwwert d'Opportunitéiten an d'Chancë vum Tourismussecteur an der Regioun Mëllerdall-Kleng Lëtzebuerger Schwäiz.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun der Visitt vum Baggerweier zu Rëmerschen mam @Xavier_Bettel gouf en Tëschebilan vun der Tourismus-Saison 2020 gezunn. Lëtzebuerg huet sech bei de Residenten a Frontalieren als Vakanzendestinatioun etabléiert. Esou goufe scho 34.000 50-€-Hebergements-Bongen ageléist
-
Lex Delles
@LexDelles
Fir d’Asbl’en, déi touristesch Attraktiounen an Infrastrukturen geréieren, ze ënnerstëtzen, gouf en Tourismusfong vun 3 Milliounen € ageriicht. Dës net remboursabel Direkthëllef kann ab haut um guichet.lu ugefrot ginn.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Et ass wichteg dem Mëttelstand eng cibléiert Ënnerstëtzung unzebidden. Déi néi net remboursabel Direkthëllef fir de Commerce kann ab haut op @Guichet_Lu ugefrot ginn. Dës Hëllef ass op dräi Méint opgedeelt a variéiert tëschent 1000, 750 a 500€ pro Salarié
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Lëtzebuerg ass eng Referenzdestinatioun fir Vëlosfuerer. Am August komme mam „Vëlosummer 2020“ 6 néi Tier, op deene Residenten an Touristen eist Land entdecke kennen. Dës Initiativ vun der Generaldirektioun fir Tourismus a vum @mmtp_lu gouf zesumme mat 18 Gemengen ausgeschafft
-
Lex Delles
@LexDelles
Opgrond vum héijen Undrang op de Plagë vum Stauséi huet d’Generaldirektioun fir Tourismus gemeinsam mam ORT Éislek an an Zesummenaarbecht mat de Stauséigemengen e Reservatiounssystem grad ewéi eng Iwwerwaachung vun de Plagen op d’Been gestallt.
-
Lex Delles
@LexDelles
An der Chamber goufen zwee Gesetzer gestëmmt, déi de Mëttelstand gezielt an nohalteg ënnerstëtzen. Dat sinn zwou net remboursabel Direkthëllefen fir Entreprisen aus dem Tourismus- Horeca- Kultur- an Eventsecteur an fir den Eenzelhandel. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité um @100komma7: D‘Campagne vum 50-€-Bong ënnersträicht, datt et grad an dësen Zäiten wichteg ass, datt Residenten a Frontalieren zu Lëtzebuerg Vakanz maachen. Et ass eng flott Méiglechkeet Lëtzebuerg als touristesch Destinatioun ze entdecken www.100komma7.lu/article/aktualiteit/tourismus-image-schu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Wien beim Webinar “Tourism Days - 1st Leisure Edition“ net konnt dobäi sinn, kann sech eis Diskussioun hei nach eng Kéier ukucken.
Ech hat en Echange mam Tourismussecteur fir iwwert Erausfuerderungen, Opportunitéiten an e Plan de relance ze diskutéieren m.youtube.com/watch?v=H0qjU71h600 -
Lex Delles
@LexDelles
Beim Webinar «Tourism Days – First Leisure Edition» hunn ech mech mat de Vertrieder vum Tourismussecteur ausgetosch. Mir setze alles drun den Acteure mat cibléierten Hëllefsmesüren, ewéi dem Tourismusfong an dem Fond de relance et de solidarité, ënnert d‘Äerm ze gräifen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vum Webinar „Tourism Days – 1st Leisure Edition“ hunn ech en Echange mat Vertrieder vum Tourismussecteur fir iwwert Erausfuerderungen an Opportunitéiten ze diskutéieren.
Ënnert dem Link us02web.zoom.us/webinar/register/WN_c2fovwAcQECH77cqktItNg
ka jidderee haut ab 16h00 live dobäi sinn a Froe stellen. -
Lex Delles
@LexDelles
Beim Guide fir een Dag stelle Residenten Iech hir ganz perséinlech Highlights vun eisem Land vir. Dëst ass eng eenzegaarteg Méiglechkeet nei Aspekter vu Lëtzebuerg ze entdecken.
39 Guidë bidden 50 Touren un. Schreift Iech elo um Site guideforoneday.lu?lang=de an -
Lex Delles
@LexDelles
REMINDER: De 15.0.7.2020 lafen déi net remboursabel Direkthëllefe fir Microentreprisen, kleng Betriber an Independanten aus. Betriber an Independanten, déi déi entspriechend Direkthëllefen nach net ugefrot hunn, kënnen dat nach bis iwwermuer um guichet.public.lu/fr.html maachen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Mëllerdall iwwerzeegt duerch seng Landschaft an ass bei Touristen ewéi Residente beléift. Den ORT Mëllerdall schafft intensiv dodrun dat risegt touristescht Potenzial ze notzen. E Merci dem ale President Marc Diederich an dem neie President Christophe Origer eng glécklech Hand
-
Lex Delles
@LexDelles
De 15. Juli lafen déi net remboursabel Direkthëllefe fir Microentreprisen, kleng Betriber an Independanten aus. Betriber an Independanten, déi d’Konditiounen erfëllen an d’Direkthëllefen nach net ugefrot hunn, kënnen dat nach bis nächste Mëttwoch maachen gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité vun der Redaktioun bei @RTLlu : Lëtzebuerg huet vill Plazen déi phänomenal sinn, ewéi een um Site 100thingstodo.lu gesäit. Et soll een sech Zäit huelen déi Plaze kucken ze goen a sech op eng Vakanz doheem aloossen
www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1545032.html -
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vum Webinar “Tourism Days- Business Events Edition” hat ech gëschter en Echange mat Vertrieder vum Secteur, fir iwwert e Plan de relance ze diskutéieren. Wien net konnt live dobäi si kann sech eis Diskussioun hei nach eng Kéier ukucken: m.youtube.com/watch?v=4wAihzYFp1M
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat Kreativitéit an enger nohalteger Approche beweist de Steve Krack, datt op enger Industrieruin en attraktiven Hotel entstoe kann. De Graace Hotel zu Bouneweg, deen an engem fréiere Fabricksgebäi ënnerbruecht ass, huet 29 Zëmmer mat Eechenholz aus der Groussregioun
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam Generalkonsul vu Sri Lanka zu Lëtzebuerg, Dirk Van Der Ploeg, a senger Fra Kamani Van Der Ploeg, hunn ech mech ënnert anerem iwwert d’Promotioun vun der Vakanzendestinatioun Lëtzebuerg an d’Zesummenaarbecht tëschent Lëtzebuerger a Sri-lankeschen Entreprisen ënnerhalen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Beim Webinar mat de Vertrieder vum Business-Events-Secteur hunn ech ënnerstrach, datt Lëtzebuerg all Qualitéiten huet fir eng Referenzdestinatioun ze ginn. Eise Plan de relance wäert dëst Potenzial ausbauen. Prioritéit ass et, e sécheren Oflaf vu Veranstaltungen ze garantéieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
De „Business Events“-Secteur spillt eng wichteg Roll fir d'Wirtschaft an d‘Promotioun vum Standuert Lëtzebuerg. Am Kader vun engem Webinar hunn ech en Echange mat Vertrieder vum Secteur. Ënnert dem Link us02web.zoom.us/webinar/register/WN_PA0k_v0YQFOCOV-Dl3k4eQ ka jidderee muer ab 10h00 dobäi sinn a Froe stellen
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng informativ Entrevue mam japaneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg, S.E. Jiro Okuyama. Mir hunn eis iwwert dat touristescht Potenzial vu Lëtzebuerg an déi zukünfteg Erausfuerderunge vum Tourismussecteur ausgetosch.
-
Lex Delles
@LexDelles
An deene leschte Méint hu mir gemierkt ewéi wichteg eng lieweg Geschäftswelt fir eis Gesellschaft ass. Mir setzen eis dofir an, d’Haaptstad lieweg ze halen. Ech sinn iwwerzeegt, datt mir dës Kris mat der Ënnerstëtzung vun der Union Commerciale de la Ville de Luxembourg iwwerstinn
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Juli wäert all Resident an all Frontalier iwwer 16 Joer e 50€-Bong an der Boîte hunn, deen een an enger Iwwernuechtungsstruktur kann aléisen. Fir datt d’Iwwernuechtungsstrukture op all wichteg Froen eng Äntwert fannen, gëtt et um Site meco.gouvernement.lu/fr/dossiers/2020/bon-hebergement-faq… en FAQ
-
Lex Delles
@LexDelles
Mam Guide for one day ka jiddereen zum Hobby-Guide ginn a säi perséinlecht Lëtzebuerg virstellen. Esou entdecken Touristen a Residenten nei Facettë vun eisem Land. Dëse Summer wäert eng weider Editioun stattfannen. All Informatioune ginn et op guideforoneday.lu.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Offices Régionaux du Tourisme spillen eng wichteg Roll fir den Tourismussecteur. Si setzen sech mat innovative Projete fir hir Regioun an. Den ORT Guttland huet beispillsweis 90 visites guidées‘en organiséiert an ass am gaangen nei Qualitéitswanderweeër auszeschaffen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Nach net all Handwierksbetrib huet de Sprong an d’Digitaliséierung gepackt. Déi, déi en nach virun sech hunn, wëlle mir aktiv ënnerstëtzen. Dowéinst hu mir zesumme mam
House of Entrepreneurship, @Luxinnovation an der @CdMLuxembourg de “Fit 4 Digital Handwierk-Package” gegrënnt -
Lex Delles
@LexDelles
Business Mentorig ass eng Prozedur, duerch déi nei Iddien entstinn, déi zu enger wirtschaftlecher Weiderentwécklung féieren. Ech hat eng informativ Entrevue mam Här Faber an dem Här de Theux vun der Business Mentoring asbl, déi sech fir e Mentorat op benevoller Basis asetzt
-
Lex Delles
@LexDelles
Wien eist d’Land ze Fouss oder mam Vëlo entdecke wëll kann vum Gepäcktransport profitéieren, deen et Wanderer a Vëlosfuerer erlaabt Etappen ze fueren ouni sech ëm d’Gepäck ze këmmeren. Dësen Service kann op www.movewecarry.lu reservéiert ginn an ass bis Enn des Jores gratis.
-
Lex Delles
@LexDelles
"Smile Again" ass d’Devise vun eiser neier Sensibiliséierungscampagne, déi d’Qualitéit an déi sozial Roll vum lokale Commerce ervirhieft. All wichteg Informatioune fënnt een op der Homepage www.smileagain.lu. Dobäi kennt eis Präsens um Instagram mam #smileagainlu.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng konstruktiv Entrevue mat de Vertrieder vun der Luxembourg Event Association (LEA). Mir stinn dem Eventsecteur an dëse schwéieren Zäiten zur Säit.
Esou kann dëse Secteur op déi net-remboursabel Direkthëllefe vum 200 Milliounen€ schwéieren Solidaritéitsfong zeréckgräifen -
Lex Delles
@LexDelles
Mam Stand vun haut huet d'Generaldirektioun vum Mëttelstand 135,5 Milliounen € und Aiden ausbezuelt. Et goufen nach ni an esou kuerzer Zäit esouvill Hëllefen ausbezuelt. Elleng 83,3 Milliounen € un net remboursabelen Direkthëllefe sinn un kleng Betriber an Independante gaangen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Tourismus wäert vum „Vëlossummer 2020“ profitéieren, deen zesumme mam @mmtp_lu
ausgeschafft gouf. Vëlofueren ass ideal fir eist Land ze besichtegen an dobäi vum Horeca-Secteur verwinnt ze ginn. Wanderer a Vëlosfuerer kënnen ab dem 23.06. vum Gepäcktransport profitéieren -
Lex Delles
@LexDelles
Eis Tourismusstrategie setzt verstäerkt op déi no Mäert an op e méi qualitativ héichwäertegen Tourismus. Eis Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz !“, déi zesumme mat @luxembourginfo ausgeschafft ginn ass, cibléiert virun allem Residenten a Leit aus der Groussregioun.
-
Lex Delles
@LexDelles
Och wann den Tourismus-Secteur vun der Corona-Pandemie staark getraff ginn ass, huet en e grousst Potential fir en Neistart. Eise Plan de relance setzt ënner anerem op d’Campagne „Lëtzebuerg, dat ass Vakanz!“, en Tourismusfong an e nationale sanitäre Label fir Business-Events.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Horeca-Secteur ass en Deel vun der Lëtzebuerger Identitéit a genéisst en exzellente Ruff. D’Réouverture vun de Restauranten a Caféen huet eng wichteg symbolesch Bedeitung. Fir dat Convivialitéit a Sécherheet Hand an Hand gi suergt de “Safe to Serve”-Label vun der HORESCA.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Horeca-Secteur spillt fir dat soziaalt Liewen eng wichteg Roll. Mir hunn et all vermësst e Patt mat de Kolleegen ze huelen oder zesumme an engem Restaurant ze setzen. Ech si frou, datt d‘Restauranten an d‘Caféen hir Dieren erëm wäerten opmaachen. Foto: www.visitluxembourg.com
-
Lex Delles
@LexDelles
Mir hunn de Mëttelstand massiv ënnerstëtzt a ronn 100 Milliounen € ausbezuelt. Eis nei Aiden wäerten dozou bäidroen, dass d’Liewenswierker vun Entrepreneuren eng Chance hunn bestoen ze bleiwen a jonk Entrepreneuren hir Iddien net schonn am Keim erstéckt kréien.
-
Lex Delles
@LexDelles
Lëtzebuerg braucht e staarke Mëttelstand. Den "Neistart Lëtzebuerg"-Pack gesäit eng cibléiert Ënnerstëtzung vir. En 200 Milliounen€ schwéiere Solidaritéitsfong fir den Horeca- Tourismus- an den Event-Secteur an eng Direkthëllef fir de Commerce si geplangt gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun vum Mëttelstand huet zënter Ufank Abrëll ronn 40,5 Milliounen € un kleng Betriber an Independanten iwwerwisen. Et goufen nach ni an esou kuerzer Zäit esouvill Aiden ausbezuelt fir eisem Mëttelstand ënnert d’Äerm ze gräifen. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Chamber huet haut eng nei Berechnungsmethode fir d’Cotisatioune vun de Membere vun der Chambre des Métiers eestëmmeg ugeholl.
Déi festgehalen Ëmverdeelung vun de Cotisatioune soll virun allem dofir suergen, datt Kleng- a Mëttelbetriber manner belaascht wäerte ginn. -
Lex Delles
@LexDelles
D’Generaldirektioun vum Mëttelstand bitt en Iwwerbléck vu sengen aktuellen Hëllefsmesüren. Insgesamt goufe scho ronn 35 Milliounen Euro iwwer dës Aiden u kleng Entreprisen an Independanten iwwerwisen. meco.gouvernement.lu/dam-assets/dossiers/FR-CM-Summary-Fa…
-
Lex Delles
@LexDelles
De Mëttelstand brauch de Kontakt mam Bierger. Ab haut empfänke Commerçanten an Handwierksbetriber hir Clienten erëm an de Geschäfter. Et ass un der Zäit solidaresch mat eiser lokaler Geschäftswelt ze sinn an ze weisen, datt si op d‘Ënnerstëtzung vun de Bierger ziele kann.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Commerçanten an d’Handwierksbetriber kënnen ab haut erëm hir Dieren opmaachen. Fir dat mir alleguerten eis lokal Geschäftswelt nohalteg kënnen ënnerstëtzen, gëllt et déi essentiell Hygiènesmesuren ze respektéieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eis nei net remboursabel Direkthëllef riicht sech un all d’Independanten, déi bis zu 2,5 Mol de Mindestloun cotiséieren. Dës Aide ass op Basis vum Akommes gestaffelt a variéiert tëschent 3.000 a 4.000€. De Formulaire fir eng Demande anzereechen ass ab dem 12. Mee online.
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Ënnerstëtzung fir all d'Independanten gëtt ausgebaut. Esou gëtt eng zousätzlech net remboursabel Direkthëllef agefouert. De Montant vun dëser Mesure hänkt vun der jeeweileger Situatioun vum Independant of a variéiert tëschent 3.000, 3.500 a 4.000 Euro.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Ech si frou, datt d'Commerçanten an d'Handwierksbetriber erëm kënne schaffen. De Succès vun der Onlineplattform @LetzshopLux beweist, datt d'Leit solidaresch mat der lokaler Geschäftswelt sinn. Dës Solidaritéit wäert sech och an der analoger Welt weisen. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/articles/…
-
Lex Delles
@LexDelles
Et ass mir wichteg, datt de Mëttelstand eng séier an effizient Ënnerstëtzung kritt. Mir hu schonn dräi Mol méi Aiden ausbezuelt bis Abrëll, ewéi mir soss d’ganz Joer ausbezuelen. Op Invitatioun vum @EP_LUXEMBOURG hunn ech iwwert d’Situatioun vum Mëttelstand diskutéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Zenter gëschter kënnen déi néi Direkthëllefe vu 5.000€ an 12.500€ op guichet.public.lu eragereecht ginn. D’Generaldirektioun vum Mëttelstand erkläert zudeem seng Direkthëllefen an d‘Liquiditéitshëllef vu bis zu 500.000€ mat neien Infographike.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Invité am Face-à-Face bei @RTLlu: "D’Evolutioun vun der Kris an d’Evolutioun vun den Aiden sinn unenee gebonnen. Mir sinn am gaangen en zolitte Package opzebauen, dee besonnesch déi Secteuren, déi gestéiert sinn, cibléiert an nohalteg ënnerstëtzt." www.rtl.lu/news/national/a/1507191.html
-
Lex Delles
@LexDelles
D’EU-Tourismusministeren hunn haut an enger Videokonferenz iwwert d’Auswierkunge vun der COVID-19-Pandemie op den Tourismussecteur diskutéiert. Ech hunn eis national Hëllefsmesüre virgestallt an ënnerstrach, datt mir eng gemeinsam europäesch Approche brauchen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mir analyséieren déi wirtschaftlech Konsequenze vun der COVID-19-Pandemie kontinuéierlech a passen eis Hëllefsmesüren un. Aus deem Grond hu mir eng Direkthëllef vun 12.500€ fir Betriber vun 10 bis 20 Salariéen an eng zousätzlech Aide vu 5.000€ fir Microentreprisen ausgeschafft
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité vum Dag am @100komma7: "Et ass wichteg, datt mir eng Panoplie un Aiden ubidden, déi souwuel den Entreprisen ewéi och de Leit an den Entreprisen hëllefen an dozou gehéiert den Independant. Hien ass e wichtege Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Ekonomie"www.100komma7.lu/article/aktualiteit/mettelstandsminister…
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Regierung huet decidéiert nei Hëllefsmesüren anzeféieren: Betriber vun 10 bis 20 Salariéen kréien eng net remboursabel Direkthëllef vu 12.500€ a kleng Betriber bis 9 Salariéë wäerten nach emol eng Aide vu 5.000 Euro kréien. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Nei Direkthëllef fir Betriber vu 0 bis 20 Salariéen, déi net remboursabel ass. Konditioun: e Betrib muss weider zou hunn oder eng substantiell Baisse am Chiffre d’affaires hunn. Kleng Betriber kréien nach emol 5000 €. Déi vun 10 bis 20 Salariéen 12.500 Euro.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’COVID-19-Kris huet den Tourismussecteur schwéier getraff. Grad elo ass et besonnesch wichteg d’Acteuren aus dësem Beräich ze ënnerstëtzen an eng Strategie fir d’Zukunft ze entwéckelen.
-
Lex Delles
@LexDelles
An der COVID-19-Kris brauche kleng Betriber an Independanten eng séier Ënnerstëtzung. D’Generaldirektioun vum Mëttelstand huet hinne bis haut 16,5 Milliounen€ iwwerwisen. Am Kontext vun der Direkthëllef an Héicht vu 5000€ goufe 4800 Dossieren traitéiert meco.gouvernement.lu/fr/actualites.gouvernement%2Bfr%2Bac…
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Independante spillen eng wichteg Roll fir eis Wirtschaft an och si si vun der COVID-19-Kris schwéier getraff ginn. Aus deem Grond féiert d'Regierung eng direkt Hëllef vun 2.500€ an, fir hinnen op eng séier an effizient Manéier ënnert d’Äerm ze gräifen.
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Masken an Desinfektiounsmëttel ginn an Zäite vun enger sanitärer Kris gebraucht. Dowéinst kréie Betriber, déi hir Produktioun op d’Hierstellung vun dësen essentielle Produiten ëmstellen, 100% vun hiren domat verbonnenen Investitiounskäschte rembourséiert. gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…
-
Lex Delles
@LexDelles
An dëse schwieregen Zäiten ass den Zesummenhalt an eiser Gesellschaft wichteg. Dowéinst felicitéieren ech d’Equippe vu jonke Lëtzebuerger, déi den Internetsite www.nala.lu an d’Liewe geruff huet. Hei kréie lokal Betriber eng gratis digital Presenz gebueden.
-
Lex Delles
@LexDelles
Déi néi remboursabel Liquiditéitshëllef vu bis zu 500.000 Euro riicht sech un all Betriber, déi duerch d’COVID-19-Pandemie a finanziell Schwieregkeete komm sinn. Ech soen der @ccluxembourg Merci fir de pedagogesche Video, deen eis Mesure en détail erkläert
www.cc.lu/actualites/detail/le-regime-daides-explique-en-… -
Lex Delles
@LexDelles
De Gesetzesprojet, deen eng Liquiditéitshëllef vu bis zu 500.000€ virgesäit, déi sech un Betriber riicht, déi duerch d’COVID-19-Pandemie finanziell Problemer kruten, gouf an der Chamber eestëmmeg ugeholl. Et ass wichteg solidaresch mat de Betriber ze sinn
chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Actualite/!ut/p/z1/04_Sj… -
Lex Delles
@LexDelles
Mir hunn verschidde Mesuren ausgeschafft fir déi mëttelstänneg Betriber op eng onbürokratesch an effizient Manéier ze ënnerstëtzen. Hei sinn déi wichtegst Froen an Äntwerten zu eisen Hëllefsmesuren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Mat effiziente Mesuren si mir fir de Mëttelstand do: Eng Direkthëllef vu 5000 Euro fir ganz kleng Betriber, déi opgrond vum Règlement grand-ducal vum 18.03.2020 zougemaach hunn an eng Liquiditéitshëllef, déi sech un all Betriber riicht, déi duerch d'Kris finanziell Problemer hunn
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kontext vun der Pandemie vum COVID-19 stëllen d’Bierger sech vill Froen, besonnesch wat den Zougang zu Liewensmëttel betrëfft. Ass de Stock grouss genuch? Wéi komme vulnerabel Persounen un wichteg Produiten? Hei d’Äntwerten op déi wichtegst Froen
-
Lex Delles
@LexDelles
D’EU-Kommissioun huet eis geplangten Ënnerstëtzung fir Independanten, Kleng- Mëttel- a Groussbetriber accordéiert. Wann den entspriechende Gesetzesprojet an der Chamber ugeholl gëtt, kënne mir den Entreprisë mat 300 Milliounen Euro zur Säit stoen.
ec.europa.eu/commission/presscorner/detail/fr/ip_20_516 -
Lex Delles
@LexDelles
D’Onlineplattform corona.letzshop.lu huet an 5 Deeg 1000 Commandë verbucht. Vun den bestallte Produit’en ware Mëllech, Thon a Nuddelen am beléiftsten. Dës grouss Demande beweist, datt et wichteg war esou en spezialiséierte Service fir vulnerabel Persounen unzebidden.
This media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles
@LexDelles
An dëse schwieregen Zäite musse mir Solidaritéit weisen an déi Leit ënnerstëtzen, déi Hëllef brauchen. D’Plattform corona.letzshop.lu gëtt vulnerabele Persounen Zougang zu liewenswichtege Produiten, ouni datt se engem potentiell geféierleche physesche Kontakt ausgesat sinn
-
Lex Delles
@LexDelles
De Mëttelstand steet virun enger grousser Erausfuerderung. Ech sinn dovun iwwerzeegt, datt mir dank engem enken Kontakt mam Secteur, déi néideg Léisungen wäerten fannen. Mesure vun der @ccluxembourg, ewéi eng Hotline fir Betriber (423939-445), sinn an deem Kontext ze begréissen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Coronavirus stellt den Horeca-Secteur viru grouss Erausfuerderungen. Et stëllen sech Froe ronderëm de Schutz vum Personal a méiglech Hëllefsmesüren.
Fir dem Secteur zur Säit ze stoen hunn mir haut en FAQ online gesat, wou mir dës Froe beäntwerten.
meco.gouvernement.lu/fr/dossiers/2020/coronoavirus-entrep… -
Lex Delles
@LexDelles
Den Impakt vum Coronavirus ass och an der Wirtschaft a Virop am Mëttelstand däitlech ze spieren. Aus deem Grond gouf haut e Projet de loi ugeholl, deen en Régime d’aides en place setzt fir Kleng- a Mëttelbetriber, déi an temporäre finanzielle Schwieregkeete sinn.
-
Lex Delles
@LexDelles
Aus dem ORT “Miselerland” gëtt @visitmoselle. Hannert dësem Schratt stécht e strategesche Projet, deen nieft engem neien Numm och op e neit visuellt Konzept setzt. D‘ Identifikatioun mat der Regioun an eng enk Zesummenaarbecht mat lokalen Acteure spille weiderhin eng wichteg Roll
-
Lex Delles
@LexDelles
Nodeems d’Tourismusfoire ITB Berlin ofgesot gouf, konnten d’Schüler vun der École d'hôtellerie et de tourisme du Luxembourg net um Lëtzebuerger Stand participéieren. Ech hunn spontan decidéiert si ze besichen. Et gouf en interessanten Austausch iwwert d’Zukunft vum Tourismus.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eis Natur ass e wichtegt touristescht Aushängeschëld. Den Aktivtourismus spillt do eng zentral Roll. Mir si frou, datt mir op d’Lëtzebuerger Wandersportfederatioun kënnen zielen. Et gi reegelméisseg nei Iddien ausgeschafft fir d’Attraktivitéit vum Wanderen weider ze erhéijen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Titel “Europäesch Kulturhaaptstad” huet en Impakt op d’touristesch Attraktivitéit. Hei gëllt et eng Strategie ze verfollegen. D’Stad Esch geet dëse Wee mat der Escher Infofabrik. Si setzt op eng digital Approche an eng enk Zesummenaarbecht mat regionalen Acteuren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Traiteur Cocottes huet bannent kuerzer Zäit eng grouss Entwécklung kannt. Ech konnt mir haut den néien Atelier vun dësem Betrib ukucken, den op saisonal a qualitativ héichwäerteg Produite setzt souwéi eng ëmweltfrëndlech a regional Approche verfollegt.
-
Lex Delles
@LexDelles
Schengen huet touristesch ewéi och politesch eng grouss Bedeitung. Grad an dësen Zäiten ass et wichteg un d’Acquise vum Schengener Accord ze erënneren a fir den europäesche Gedanken anzestoen. Virun dësem Hannergrond ass d’Aarbecht vum Centre Européen Schengen ervirzehiewen
-
Lex Delles
@LexDelles
Am ekonomesche Secteur hunn italienesch Immigranten duerch hiren Entrepreneurs-Geescht grouss Spueren hannerlooss. Bei der Chambre de commerce italo-luxembourgeoise hunn ech ënnerstrach, datt mir eis dofir asetzen, datt Kleng- a Mëttelbetriber en kompetitive Kader virfannen
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Sënn vun der Transparenz hunn ech decidéiert an Zukunft d’Beaarbechtungszäit vun den Handelsermächtegungen all Joers ze verëffentlechen. Am Bilan 2019 ass d’Unzuel vun den Handelsermächtegunge geklommen an d’Beaarbechtungszäit konnt liicht erofgeschrauft ginn.
-
Lex Delles
@LexDelles
Et ass fir mech eng Prioritéit d’Kleng- a Mëttelbetriber kontinuéierlech ze encadréieren. Aus deem Grond hu mir eis Presenz am House of Entrepreneurship ausgebaut a sinn elo vu Méindes bis Freides moies a nomëttes am Guichet fir d’Betriber do.
-
Lex Delles
@LexDelles
D‘@CdMLuxembourg huet mir hir Iwwerleeungen zum fënnefte Plan PME haut offiziell iwwerreecht. An engem konstruktive Gespréich goufen d’Perspektive vum Handwierk analyséiert. Mir setze op eng enk Zesummenaarbecht fir d’Erausfuerderunge vun dësem Secteur gemeinsam ze meeschteren
-
Lex Delles
@LexDelles
Nodeems Tapis Hertz wärend 73 Joer e Bestanddeel vun der Stater Geschäftswelt war, huet dëse Familljebetrib sech nei opgestallt a seng Dieren an der Belle Etoile opgemaach.
Grad fir Kleng- a Mëttelbetriber ass et wichteg sech a Fro ze stellen an wann néideg nei auszeriichten -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Du bass tëschent 18 a 26 Joer al, hues e Führerschäin an interesséiers dech fir eis touristesch Sehenswierdegkeeten? Da mell dech bei der Direction générale du tourisme fir de Residenten an den Touristen eis villfälteg an eemoleg Regioune virzestellen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Horesca-Workshop gouf iwwert d’Virdeeler vun der Digitalisatioun geschwat. An deem Kontext spillt de Site classification.lu eng wichteg Roll, wou een online ka gesinn, ewéi d’Hoteler bewäert goufen. Dofir wäerte mir och dëst Joer d’Käschte vun der Klassifikatioun droen
-
Lex Delles
@LexDelles
D‘Union des Pilotes Luxembourgeois
setzt sech fir all Zort vu Loftgefierer an an ënnerstëtzt an deem Kontext och eng interessant touristesch Offer. Ween nämlech mam Fliger oder mam Ballon iwwert eist Land flitt, kritt eng eenzegaarteg Vue op eis Landschaft gebueden -
Lex Delles
@LexDelles
Eng international Presenz bitt de lëtzebuergesche Kleng- a Mëttelbetriber interessant Perspektiven. An deem Kontext gouf et eng Entrevue mam @EEN_LU - wou @ccluxembourg, @CdMLuxembourg a @Luxinnovation vertruede sinn - fir d’Opportunitéite fir de Mëttelstand ze analyséieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Am Kader vun enger Aarbechtsvisitt vun der @uel_lu gouf et an enger positiver a produktiver Ambiance en Echange iwwert d’Erausfuerderungen a Perspektive vu Klengen- a Mëttelbetriber.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng Iwwernuechtungsstruktur, déi ekologesch gefouert gëtt, steigert hir Attraktivitéit. An deem Zesummenhang ass den EcoLabel e beléifte Guide fir Touristen a Residenten. Zesumme mat der Ëmweltministesch @DieschbourgC gouf den 20. Gebuertsdag vum EcoLabel zelebréiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Mëllerdall bitt net nëmmen eng attraktiv Landschaft a flott Wanderweeër: Ween Loscht op aussergewéinlech Action huet ass hei genau richteg. Beim Ice-Karting am Ice Park Beaufort kenne bis zu sechs Persounen iwwert d’Äis driften.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Camping huet traditionell eng fest Plaz an der Lëtzebuerger Tourismus-Offer. An Zesummenaarbecht mat eisem Partner @camprilux wëlle mir dës attraktiv Offer konsequent optiméieren. Klassifikatioun fir Campingen an den Ausbau vum Aktivtourismus wäerten dem Camping zegutt kommen
-
Lex Delles
@LexDelles
Schengen zeechent sech nieft senger politescher Konnotatioun, och duerch e grousst touristescht Potential aus. De Syndicat d’Initiative Schengen dréit zu der Attraktivitéit vun der Miseler Regioun bäi. Dowéinst ënnerstëtze mir dësen Syndicat d’Initiative mat voller Iwwerzeegung
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
La réception du Nouvel An pour les collaborateurs du ministère de l'Économie a eu lieu le 20 janvier 2020 en présence des ministres Étienne Schneider et Lex Delles. www.youtube.com/embed/IMDGd0k4K2U
-
Lex Delles
@LexDelles
Op der Vakanzefoire ginn déi neisten a flottste Reesdestinatioune virgestallt. Dobäi muss een net ëmmer wäit ewech fuere fir eng interessant Vakanz ze verbréngen. Um Stand vun @luxembourginfo kritt een e flotten Iwwerbléck vun eiser ofwiesslungsräicher nationaler Offer.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den EureWelcome-Label steet fir eng inklusiv Approche, déi mir laangfristeg ënnerstëtze wëllen. De Label soll och den neisten Ufuerderungen ugepasst ginn. Heizou gehéiert en uspriechenden Design. Haut gouf, zesummen mat der Ministesch @CorinneCahen, de neie Logo presentéiert.
-
Lex Delles
@LexDelles
Den Luxembourg Science Center bitt eng spannend Entdeckungstour vun der Welt vun der Wëssenschaft. Experimenter bréngen een zum Staunen a faszinéieren een fir dës Matière. En ideaalt Ausfluchszil fir Touristen a Residenten déi méi iwwert d’Wëssenschaft wëlle gewuer ginn.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Schüler hunn bei der Foire des Entreprises d'Entraînement Kreativitéit an Duerchsetzungsverméige bewisen. Si hunn sech fir eng Geschäftsiddi entscheet, déi duerchduecht an eng Strategie ausgeschafft. Ech wënschen hinnen, datt si hir Kreativitéit behalen an un hir Dreem gleewen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Fotosconcours Vakanz Doheem huet vill Leit ugeschwat. Insgesamt goufen knapp 2.000 Fotoen op Instagram respektiv Facebook eropgelueden. Eise Jury huet et sech net einfach gemaach, an en hat et mat enger Villzuel un verschiddene Motiver ze dinn. Hei déi véier Gewënnerfotoen
This media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles
@LexDelles
Lëtzebuerg huet vill verschidde Facetten an eng ganz Rei un ongewéinleche Plazen, déi net jidderengem bekannt sinn. De Fotosconcours Vakanz Doheem huet d’Leit dozou animéiert déi Plazen a kulinaresch Spezialitéiten, déi si perséinlech begeeschteren, mat aneren ze deelen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Familljebetrib Cactus ass vun engem klenge Liewensmëttelgeschäft zu engem bedeitenden Acteur ginn. 57 Verkafsplazen an 4.200 Mataarbechter schwätze fir sech. Ech konnt mir e Bild vun der Zentral vum Transportreseau a vun hirer Publicitéitsagence Createam maachen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Pop-Up-Store vun der De Mains de Maîtres asbl an der Groussgaass ass eng ideal Vitrinn fir d’Kreativitéit vum Konschthandwierk ervirzehiewen.
Hei ginn et Kreatiounen aus Glas, Keramik, Holz a villes méi. Et ass richteg a wichteg d‘Handwierk matzen an der Stad ze promouvéieren -
Lex Delles
@LexDelles
D’Menuiserie Kraemer steet zënter 91 Joer fir héichwäerteg Handwierksaarbecht. Aktuell gëtt d’Successioun vun dësem Traditiounsbetrib geplangt. Grad fir Kleng- a Mëttelbetriber ass et onheemlech wichteg sech fréizäiteg domadder ze beschäftege wien en Betrib wëll weiderféiere
-
Lex Delles
@LexDelles
Et ass et wichteg fortschrëttlech Mënschen a Betriber ze fërderen an auszezeechnen. Evenementer ewéi d’Remise vum Innovatiounspräis am Handwierk si bedeitend fir dem Secteur ze weisen datt en wäertgeschat gëtt an datt mir eis bewosst sinn wéi eng innovativ Kraaft an him stécht.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng interessant Entrevue mat @microlux_lu , der éischter Microfinanzinstitutioun zu Lëtzebuerg. Si bitt Persounen, déi eng ekonomesch Aktivitéit wëllen op d'Been stellen an awer keen Zougang zu engem traditionelle Bankkredit hunn, d'Méiglechkeet en Mikrokredit ze kréien.
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité beim Background am Gespréich um @RTLlu : „D’Politik ass do, fir dem Commerce Outilen zur Verfügung ze stellen. Am Beräich vum Onlinehandel gëtt et eng Partnerschaft mat der @ccluxembourg an de Gemengen. Mir hu d’Plattform Letzshop gegrënnt.
www.rtl.lu/radio/background/a/1438031.html -
Lex Delles
@LexDelles
Zu Lëtzebuerg ewéi an ganz Europa spille Kleng- a Mëttelbetriber eng decisiv Roll fir den Aarbechtsmarché. Mat der @ccluxembourg an dem Entreprise Europe Network wëlle mir ideal Konditioune fir d’Wettbewerbsfäegkeet an déi wirtschaftlech Entwécklung vum Mëttelstand schafen
-
Lex Delles
@LexDelles
En nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen ass onverzichtbar. D’Entreprise Presta Cylinders vu Klengbetten dréit hiren Deel dozou bäi. Ech konnt mir haut e Bild dovu maachen ewéi al Gasfläschen erëm a Stand gesat ginn.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Groussregioun ass am Laf vun der Zäit zesummegewuess. Aktuell steet si virun der Erausfuerderung d’Geschäftsliewen ze dynamiséieren. Zu Lëtzebuerg setze mir mam „Pakt Pro Commerce“ op eng strategesch Planifikatioun fir mat den Acteure vum Terrain eng attraktiv Offer ze schafen
-
Lex Delles
@LexDelles
De Bilan Compétitivité 2019 fält positiv aus. Esou komme mir am nationalen Tableau de bord op déi 8 Plaz vun 28 EU-Memberstaaten. Eis Wirtschaft an eise Mëttelstand sinn domadder kompetitiv a mir setzen eis dofir an, datt eis Betriber weider gestäerkt ginn
-
Lex Delles
@LexDelles
Mir setzen eis fir en Verbuet vum Pelzhandel op EU-Niveau an. Eist Déiereschutzgesetz verbitt d’Zuucht vun engem Déier mam Zil säi Pelz ze gewannen. Ech begréissen dofir d’Motioun déi d’Chamber mat grousser Majoritéit ugeholl huet an déi en EU-wäit Verbuet vum Pelzhandel fuerdert
-
Lex Delles
@LexDelles
De Prix Luxembourgeois de la Qualité et de l'Excellence ass eng Referenz. Eis Betriber brauchen d’Exigenz vun dësem Präis net ze fäerten. Mat konkrete Projeten ënnerstëtze mir de Mëttelstand an ville Beräicher. Mir gräifen de Betriber ënnert d'Äerm fir datt si ganz uewe stinn.
-
Lex Delles
@LexDelles
“Musel- Liicht a Flamen” ass en nohaltegt, modernt an innovatiivt Spektakel! Am Hierscht 2020 wäerten en 3-D-Videomapping a lokal Mäert d‘Virzich vun der Muselregioun ënnersträichen. Et ass eng flott Manéier den Oenotourismus ze promouvéieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eng attraktiv Hotellerie ass en zentraalt Element vun der touristescher Offer. Heifir brauchen d’Betriber eis Ënnerstëtzung. Dofir si mir am Gaang déi zukünfteg Erausfuerderungen unzegoen: sief et Digitaliséierung, de MICE-Secteur oder den Aktiv- resp. den Oenotourismus.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Schnékert Traiteur an de Bruno Coffe Shop gehéieren zum Cactus-Grupp, deen 52 Joer no senger Grënnung zu de bedeitendste Lëtzebuerger Familljebetriber zielt.
Zesumme mam Ierfgroussherzog Guillaume konnt ech mir e Bild vun hire qualitativ héichwäertege Produite maachen. -
Lex Delles
@LexDelles
Den Erënnerungstourismus spillt eng wichteg Roll fir en reflektéiert a kritescht Geschichtsbewosstsinn ze entwéckelen.
An dësem Kontext hunn ech zesummen mam Botschafter Randy Evans vun der @USEmbLuxembourg den amerikanesche Militärkierfecht zu Hamm besicht. -
Lex Delles
@LexDelles
Den Tourismus am ländleche Raum zielt zu eisen attraktiivsten Aushängeschelder. Allerdéngs stinn besonnesch d‘Hébergementsstrukture viru groussen Erausfuerderungen. Aus deem Grond kreéiere mir Aarbechtsgruppe mat den Acteure vum Terrain fir gemeinsam innovativ Léisungen ze fannen
-
Lex Delles
@LexDelles
Wat bedeit Digitaliséierung? Op dës Fro huet Konferenz „More than bytes“ déi passend Äntwerte fonnt. Den @RangaYogeshwar huet Digitaliséierung gräifbar gemaach, gläichzäiteg goufe Betriber dozou encouragéiert vun den neien technologesche Méiglechkeeten ze profitéieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
En Tour mam Helikopter iwwert eist Land bitt engem déi schéinste Vue op eis Schlässer, d'Wéngerte vun der Musel oder déi eenzegaarteg Landschaft vun der Minettsgéigend. E grousst Kompliment un den Aerosport Club fir dëse flotte Projet.
www.rtl.lu/lifestyle/news/a/1425179.html -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Laurent Decker: „D’Digitalisatioun ass déi richteg Richtung fir d’Berodung an eisem Beräich weider ze entwéckelen.“
Konferenz de 4. November mam @RangaYogeshwar iwwert d’Opportunitéite vun der Digitalisatioun. Aschreiwungen : www.bit.ly/30P8ddWThis media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Joé Mersch (Fenster Mersch): „Digitaliséierung heescht fir eis méi Qualitéit, méi Aarbechter a méi Effizienz.“
Konferenz de 4. November mam Ranga Yogeshwar iwwert d’Opportunitéite vun der Digitalisatioun. Aschreiwungen : www.bit.ly/30P8ddW -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Alexa Ballmann (Institut de beauté Alexa Ballmann): „Ech kéint mir haut net méi virstellen ouni d’Digitalisatioun ze schaffen.“
Konferenz de 4. November mam Ranga Yogeshwar iwwert d’Opportunitéite vun der Digitalisatioun. Aschreiwungen : www.bit.ly/30P8ddW -
Lex Delles
@LexDelles
D’Home-Expo ass en Trendsetter am Beräich Wunnen a Bauen. Si wéisst awer och, wéi wichteg de Mëttelstand fir eis Gesellschaft an eis Ekonomie ass. Allerdéngs ginn et nach Erausfuerderungen, déi mir gemeinsam mat den Acteure vum Terrain uginn fir hinnen ënnert d’Äerm ze gräifen.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
M. Ranga Yogeshwar, célèbre journaliste scientifique, participera à la conférence « Les opportunités de la digitalisation pour les PME », qui se tiendra le lundi, 4 novembre 2019 à 19h00 au Parc Hôtel Alvisse. N’hésitez pas à vous inscrire via le lien www.eventbrite.com/o/direction-generale-des-classes-moyen….
-
Lex Delles
@LexDelles
#fit4digitalpackages
Fir d’Betriber um Wee an d’Digitaliséierung ze ënnerstëtzen, hunn mir spezifesch Programmer proposéiert, ewéi de Fit for Digital. Well mir de klenge Betriber nach méi eng cibléiert Hëllef wëllen ubidden, hunn mir de Projet „Fit 4 Digital Packages“ gegrënnt -
Lex Delles
@LexDelles
Eng Entreprise ze grënnen ass e passionanten Projet. En erfollegräicht Entreprenariat ass eng Source fir Wirtschaftswuesstem an Innovatioun. Zu Lëtzebuerg gi Start-Up’en net eleng gelooss. D’Entrepreneurs Days vum House of Entrepreneurship bidden eng kompetent Ënnerstëtzung
-
Lex Delles
@LexDelles
An eiser globaliséierter Welt ass de Label “Made in Luxembourg” e wichtege Kompass. Hien steet net nëmme fir d’Origine vum Produit oder vum Service, mee och fir Qualitéit. Dofir sinn ech besonnesch houfreg, datt 88 Betriber den Zertifikat “Made in Luxembourg” iwwerreecht kruten.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Schéissendëmpel ass ouni Zweiwel en Wahrzeeche vum Lëtzebuerger Tourismus. Allerdéngs ginn et och bei esou engem touristeschen Highlight nach Elementer déi kënnen optiméiert ginn. Genau an dëse Kader fält d’Opwäertung vun der Promenade fir bei de Schéissendëmpel.
-
Lex Delles
@LexDelles
Vill Lëtzebuerger Kleng- a Mëttelbetriber hunn de Wonsch am Ausland Fouss ze faassen. Eng entspriechend Strategie op d’Been ze stellen, ass allerdéngs net ëmmer einfach. @ccluxembourg, den @EEN_LU an eise Ministère bidden eng substantiell Ënnerstëtzung.
-
Lex Delles
@LexDelles
D'Lëtzebuerger Handwierk ass och am Ausland unerkannt! D‘Etude « Handwierk goes international» vun der @CdMLuxembourg weist, dass eng ganz Rei Lëtzebuerger Handwierksbetriber am Ausland aktiv sinn. Mir wëlle d'Betriber weider dobäi ënnerstëtzen, de Schratt an d’Ausland ze woen.
-
Lex Delles
@LexDelles
1927 gouf zu Useldeng eng Entreprise gegrënnt, déi nach haut, 92 Joer méi spéit, eng wichteg Roll um Marché spillt. Peintures Robin steet fir Qualitéit an ass ee vun de bekanntste Lëtzebuerger Traditiounsbetriber. Zu Biissen goufen en Logistikzenter an eng Verkafsfläch ageweit.
-
Lex Delles
@LexDelles
Lëtzebuerg huet déi néideg Eegenschafte fir eng bedeitend Roll am Kongresstourismus ze spillen. Haut goufen de „Luxembourg Convention Bureau“ an d’Opportunitéite vum Secteur virgestallt. Mir wëllen Acteuren unzéien, déi eng ekonomesch Plus-Value bidden a bei eist Land passen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité am Studio bei @RTLlu: "Eng vun eise grousse Prioritéiten ass de Cyclotourismus, dee mir op dräi Niveaue wëllen ausbauen: um Niveau vum Fräizäittourist, vum hallef-professionelle Fuerer a vum VTT."
www.rtl.lu/radio/am-gespreich/a/1408222.html -
Lex Delles
@LexDelles
De Lëtzebuerger Familljebetrib Steffen huet et fäerdeg bruecht aus sengem Numm eng Referenz fir Qualitéit ze maachen. Am fréiere “Buffet de la Gare” gouf haut de „Quai Steffen” ageweit. An aler Familljetraditioun gëtt virun allem op lokal Produkter a Produzente gesat.
-
Lex Delles
@LexDelles
De pädagogesche Projet Youth Tube vum Lycée Robert Schuman bitt de Schüler d’Méiglechkeet Erfarunge am Multimediaberäich ze maachen. Haut hunn ech mam Elisabeth Feltes, Georges Kieffer a Marc Erang, de Responsabele vum Youth Tube, gekuckt wéi mir dëse Projet ënnerstëtze kennen.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Vëlo ass net nëmmen dat ëmweltfrëndlechst Verkéiersmëttel, en ass och nach praktesch a bréngt vill Spaass. Aus deem Grond ënnerstëtze mir de Luxembourg Bike Festival! Workshoppen, Coursen a vill Animatiounen hunn d’Virdeeler vum Vëlo an d’Vitrinn gestallt.
-
Lex Delles
@LexDelles
Eemol am Joer erméiglechen eng ganz Rei vu Betriber de Leit op de “Journées Portes Ouvertes” ee Bléck hannert hir Kulissen ze geheien. Ech si besonnesch houfreg, dass vill Kleng- a Mëttelbetriber matmaachen a weisen, datt si e groussen Deel zu eiser Wirtschaftsleeschtung bäidroen
-
Lex Delles
@LexDelles
D‘Spuere vun der Réimerzäit sinn nach haut ze erkennen. Den Tumulus “Tonn” vu Fluessweiler gëllt als déi bedeitendst réimesch Grafstied vu Lëtzebuerg. Zesumme mam Buergermeeschter Roger Barthelmy an de Vertrieder vun der Gemeng Fluessweiler schaffe mir drun dësen Site opzewäerten
-
Lex Delles
@LexDelles
Mir läit de Sujet vun der Liichtverschmotzung besonnesch um Häerz, wëll en nohaltegen a bewossten Ëmgang mat eiser Ëmwelt onverzichtbar ass. De Lëtzebuerger Tourismus lieft vun eiser intakter Natur. Aus deem Grond ënnerstëtzen mir de Projet “NIGHT, Light & more“.
-
Lex Delles
@LexDelles
Ee vun eisen interessantsten Wanderweeër ass de “Victor Hugo”. Ob de Spuere vum franséische Schrëftsteller ass ee an enger villsäiteger Natur- a Kulturlandschaft ënnerwee. D’Renaturéierung vun der Blees an d‘Optiméierunge vum Tracé vum “Victor Hugo” sinn haut ageweit ginn.
-
Lex Delles
@LexDelles
Zu Lëtzebuerg hu mir eng Villzuel u flotte Wanderweeër. Mir schaffe permanent dorunner den Zoustand vun dëse Weeër ze optiméieren. Haut gouf eng direkt Verbindung tëschent dem Naturentdeckungszentrum Burfelt an der Misärsbréck hiergestallt.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Foussgänger an d’Vëlosfuerer hunn beim AutofräieSauerdall d’Strooss fir sech. Vill Animatiounen an eng familljefrëndlech Streck wëssen ze iwwerzeegen. Eng flott Manifestatioun fir d’nohalteg Mobilitéit an den Aktivtourismus.
-
Lex Delles
@LexDelles
Lëtzebuerg ass fir déi éischte Kéier Gaaschtland op de @FetesDeWallonie zu Namur. Eng flott Méiglechkeet fir de Grand-Duché als Vakanzendestinatioun virzestellen. De Fokus gouf op den Aktivtourismus an eis gastronomesch Spezialitéite geluecht.
-
Lex Delles
@LexDelles
En Tandem-Fallschiermsprong aus 4.000 Meter Héicht setzt net nëmmen Adrenalin fräi, mee bitt och eng wonnerschéi Vue ob d’Éisleker Landschaft. E grousst Kompliment un de „Cercle Para Luxembourg“ deen seng nei Fallschiermer zu Näertrech virgestallt huet.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Naturpark Our ass en ideaalt Ausfluchszil fir Touristen a Residenten. Et lackelen eng ganz Rei un interessanten Attraktiounen! Ob de Postwee-History-Tour, d’Ourdall-Promenade oder den Erliefniswee “Mam Roby duerch de Bësch”: Wander- Natur- a Kulturfrënn kommen op hir Käschten!
-
Lex Delles
@LexDelles
Als éischt Lëtzebuerger Firma relancéiert @RambornCider d’Traditioun vun der Cider-Produktioun. Ech konnt mir e Bild vum Ramborn Cider Haff an de Bongerte maachen. En Highlight fir jiddereen dee well wëssen, wéi een ob eng nohalteg Manéier präisgekréintene Cider hierstellt.
-
Lex Delles
@LexDelles
Invité vum Dag um @100komma7
"Et gesäit een iwwerall Lëtzebuerger déi hiert Land nei entdecken. (…) Mir hu ganz flott Platzen hei am Land, et ass flott wann een déi erëm néi entdecke kann." #vakanzdoheem
www.100komma7.lu/audio/100993 -
Lex Delles
@LexDelles
Avis aux amateurs: Déi nei Hop-on/Hop-off-Bustour "Nature and Castle" verbënnt a Saachen touristesch Attraktiounen d’Stad, d’Péitruss, Beefort, Reisduerf mat Veianen an Iechternach.
-
Lex Delles
@LexDelles
Interview am Wort : "Luxemburg hat sehr viel zu bieten" gouvernement.lu/de/actualites/toutes_actualites/interview…
-
Lex Delles
@LexDelles
Suite aux intempéries dans le sud du Luxembourg, le ministère de l'Économie est le point de contact pour les entreprises sinistrées : gd.lu/fnp1gN
-
Lex Delles
@LexDelles
Op Besuch op der Përmesknupp am Naturpark Öewersauer. Ech soen den “Amis de Saint Pirmin Kaundorf“ Merci fir hiren groussen Engagement a wënsche vill Erfolleg bei den Ausgruewungen
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Iddi vu @guideforoneday ass fir anere Leit "säi Lëtzebuerg" virzestellen, ze weisen oder ze schmaachen ze ginn.
Ee grousse Merci un de Premierminister @Xavier_Bettel dee 25 Participanten op ee ganz perséinlechen Tour matgeholl huet.
www.guideforoneday.lu -
Lex Delles
@LexDelles
All Joer fannen dausende Leit de Wee op de BD Festival Contern, dorënner eng ganz Partie Residenten, ma och ëmmer méi Touristen a Visiteuren aus eisen Nopeschlänner.
Fir Famillje mat Kanner oder soss all Amateur vun der BD ass dëst e Fest, dat fir jiddereen eppes ze bidden huet. -
Lex Delles
@LexDelles
Presentatioun vun der Campagne:
Fumeur et Non-Fumeur:
Respectez-vous ! vun der #horesca...
Keen Gesetz vun der Welt ersetzt d’Reegele vun engem gudde Mateneen.
Et geet virop ëm Respekt, Récksiicht an engem korrekten Ëmgang mateneen. -
Lex Delles
@LexDelles
Op Visitt an der Koffergrouf zu Stolzebuerg, engem Site mat vill touristëschem Potenzial.
Felicitatioun och un d’Schüler vun der Mini-Entreprise Photron aus dem LCD fir d’Realisatioun vum flotte Film iwwert d’Gemeng Pëtschent, dee mir en Avant-Première konnte kucken. -
Lex Delles
@LexDelles
Op Besuch an den Ateliere vun der Fondatioun Kräizbierg zu Diddeleng, op déi mir an Zukunft verstäerkt wëllen zeréckgräife fir d'Produktioun vu Gadgete fir d'Promotioun vun der Touristendestinatioun Lëtzebuerg.
-
Lex Delles
@LexDelles
Le Ministère de l'Economie @MinEcoLux , la Chambre de Commerce @ccluxembourg et la Chambre des Métiers @CdMLuxembourg renforcent leur collaboration pour mieux servir les entreprises
www.cc.lu/actualites/detail/le-ministere-de-leconomie-la-… -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles présente la campagne "Vakanz doheem" et l'édition 2019 de l'initiative "Guide for one day" @guideforoneday
gd.lu/3VCHWQ
www.guideforoneday.lu -
Lex Delles
@LexDelles
Remise vun der 5 Stäre Klassifikatioun un den Hotel Le Place d'Armes
www.classification.lu -
Lex Delles
@LexDelles
Eng speziell Editioun Timbere fir de ländlechen Tourismus ze valoriséieren
"Tourisme rural au Luxembourg"
www.postphilately.lu/fr/timbres/-/asset_publisher/1TTXCLV… -
Lex Delles
@LexDelles
Op Besuch am Peppenger Musée mat flotten Abléck an de Liewensalldag vu fréier an enger impressionnanter Kollektioun vu Kutschen
-
Lex Delles
@LexDelles
Visitt beim Hotel Le Cigalon a Chalets Petry, 2 vun am ganzen 22 Betriber aus der Regioun Mëllerdall, déi no den uergen Iwwerschwemmunge vun zejoert vun der Generaldirektioun fir Mëttelstand vum Wirtschaftsministère speziell Hëllefen accordéiert kruten.
-
Lex Delles
@LexDelles
Remise de distinctions honorifiques et insignes de l'Artisanat pour la fête nationale 2019
@CdMLuxembourg @FDA_LUXEMBOURG @OAI_lu Luxembourg for Tourism @luxembourginfo -
Lex Delles
@LexDelles
Aarbechtsvisitt zu Veianen
-
Lex Delles
@LexDelles
Aweiung vum renovéierte Camping zu Iechternach
-
Lex Delles
@LexDelles
Ech si frou, datt mir mat der @ccluxembourg a ganz staarke Partner hunn, an dat net nëmme wéinst hirem grousse Knowhow an hirer Experienz um Terrain.
D'CC ass een direkten Uspriechpartner vun de Betriber, den si an hiren Demarchë kompetent begleet.
www.cc.lu/actualites/detail/la-chambre-de-commerce-tire-l… -
Lex Delles
@LexDelles
Aweiung vum Pop-up Bar La Roseraie @mondorf_lu
-
Lex Delles
@LexDelles
Offiziell Aweiung vun EcoLodges Péitche Lauer zu Useldeng, enger insolitter Iwwernuechtungsméiglechkeet am Weste vum Land.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles, Lydie Polfer et Wilmes ont présenté le Luxembourg Convention Bureau et ses activités pour attirer des événements professionnels au Luxembourg
#mice #tourism
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Présentation du Centre de compétences Digitaalt Handwierk
www.cdc-digihw.lu
www.fda.lu/medias/news/centre-de-competences-digi-hw-le-p… -
Lex Delles reposted
Christian Reuter
@reuter_c
Conférence de presse lancement Centre de Compétences Digitaalt Handwierk de la @FDA_LUXEMBOURG avec @LexDelles @MinEcoLux
www.cdc-digihw.lu
www.fda.lu -
Lex Delles
@LexDelles
Conférences publiques sur les aides en faveur des PME
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Op Besuch bei Luxlait um Rouscht fir iwwert de Projet vun engem “Musée de l’Agriculture au Grand-Duché de Luxembourg“ ze diskutéieren.
-
Lex Delles
@LexDelles
Aweiung vun 3 neie flotte Vëlosweeër am Réidener Kanton. E weideren touristeschen Atout fir d’Regioun Visit Guttland.
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Le Luxembourg, pays à l'honneur de l'édition 2019 du salon Révélations au Grand Palais à Paris
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Meeting with @faziletdciglik, Ambassador of the Republic of Turkey to Luxembourg
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Zil vu #guideforoneday ass et, Leit déi sech viru kuerzem zu Lëtzebuerg niddergelooss hunn oder just eréischt ukomm sinn, esou wéi all Interesséierten, originell a virun allem authentesch Visiten unzebidden.
guideforoneday.lu
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Iwwerreechung vun den Entrepreneurial School Awards
jonk-entrepreneuren.lu/2019/05/lecole-de-commerce-et-de-g… -
Lex Delles
@LexDelles
Inauguration officielle de la nouvelle tour à toboggans à la piscine de Redange-sur-Attert
-
Lex Delles
@LexDelles
Arbeitstreffen mit @iweykmans, Vize-Ministerpräsidentin der Deutschsprachigen Gemeinschaft Belgiens, um uns über die Zusammenarbeit im #tourismusbereich, insbesondere im #radtourismus auszutauschen.
-
Lex Delles
@LexDelles
Generalversammlung vun der "Auberges de Jeunesse Luxembourgeoises a.s.b.l."
@YouthHostelsLux -
Lex Delles
@LexDelles
Den "Award of Excellence" vun der École d'Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg - #ehtl geet dëst Joer un den Här Claude Peiffer, Generaldirekter vun RAK Porcelain Europe @rakporcelaineu
-
Lex Delles
@LexDelles
Zu Iechternach um Séi stoung dëse Weekend d'Thema Barrièrëfräiheet an de barrièrefräien Zougang zur Natur am Mëttelpunkt
www.mullerthal.lu/de/entdecken/kultur/veranstaltungen/ver… -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Publication du Rapport Annuel 2018 de @Luxinnovation
www.luxinnovation.lu -
Lex Delles
@LexDelles
Den 9. Mee ass Europadag 🇪🇺!
Dofir invitéiert d‘Regierung de 9. Mee 2019 op en Apero zu Schengen beim Musée européen mat Musek vun @maxbenmusic, Animatioun fir déi Kleng, Foodtrucks & Apero offréiert vun der Regierung.
Weider Infos op: gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Good discussions with Rossella Franchini Sherifis, Italy's Ambassador to Luxembourg @ItalyinLu about tourism development and international trends.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Grand-Duché trauert ëm ee grousse Staatschef.
Dem Grand-Duc Jean säin Engagement fir eist Land ass onvergiesslech, ugefaange mat der Befreiung vun der Stad Lëtzebuerg am Joer 1944.
Mäin häerzlechst Bäileed un déi groussherzoglech Famill. -
Lex Delles
@LexDelles
D'@UNESCO Bike Tour ass e gutt Beispill ewéi ee verschidden touristesch Offere matenee verknäppe kann. An dësem Fall ass et eng Kombinatioun vum Aktivtourismus mat engem Erliewe vum historesche Patrimoine vun der Haaptstad.
www.visitluxembourg.com/de/empfohlene-touren/tour/t/unesc… -
Lex Delles
@LexDelles
Optakt vun der Touristesaison 2019 mam Explore Luxembourg op der Plëss an der Stad:
Haut a muer kann een hei eng Iddi kréien iwwert d’Diversitéit vu eiser touristescher a kultureller Offer.
www.luxembourg-city.com/fr/que-faire/evenements-et-tradit… -
Lex Delles
@LexDelles
Echange mat de Vertrieder vun der Baueren Allianz iwwer d'Generalversammlung vum Weltbauerenverband @worldfarmersorg, déi dëst Joer vum 20.-23. Mee hei zu Lëtzebuerg ass.
#mice #kongresstourismus
www.wfo-oma.org/GA2019/ -
Lex Delles
@LexDelles
Ouverture vun der Saison 2019 am @museedesmines zu Rëmeleng
www.mnm.lu -
Lex Delles reposted
Etienne Schneider
@EtienneSchneide
De Moien hunn ech der ganzer Regierung @gouv_lu een "Passeport de vie" ausgedeelt.
Op dëser Kaart dréckt de Besëtzer kloer seng Decisioun iwwert d'Organspenden aus.
Dir kënnt äre Passeport de vie gratis iwwert Telefon 247-85569 oder via www.dondorganes.lu bestellen. -
Lex Delles
@LexDelles
Fir den Entretien vun eise Wanderweeër suergen Ekippe vu CNDS Naturaarbechten.
Des Struktur bitt Leit, déi länger Zäit kénger gereegelter Aarbecht nogangen sinn d'Méiglechkeet, iwwert de Wee vu betreiten Naturaarbechten, erëm un den Aarbechtsmarché erugefouert ze ginn. -
Lex Delles
@LexDelles
Ouverture vun der Vëlos-Saison bei Rent-a-Bike Miselerland
www.entente-moselle.lu/fr/rentabike/presentation -
Lex Delles
@LexDelles
Op Visite an der @Robbesscheier zu Munzen
-
Lex Delles
@LexDelles
Remise du label touristique "Bed+Bike" à 4 établissements d'hébergement touristique
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
De Päiperleksgaart vu Gréiwemaacher feiert 30 Joer.
Happy Birthday! -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles remet le label "EureWelcome" à 18 acteurs pour distinguer leur offre sans barrières
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Generalversammlung vun der Entente Touristique de la Moselle
-
Lex Delles
@LexDelles
Le Luxembourg, pays à l’honneur à Paris au salon Révélations
www.cdm.lu/news/fiche/newsnew/news/salon-revelations-2019 -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
De Wirtschaftsministère sicht e neie Mataarbechter:
Chargé de la communication pour les départements des Classes moyennes et du Tourisme
Dës Plaz ass ausgeschriwwen als Fonctionnaire:
govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-vacants/fonctionnair…
ewéi och als Employé de l'État:
govjobs.public.lu/fr/postuler/postes-vacants/employes/201… -
Lex Delles
@LexDelles
Flotten Austausch mat de Responsabele vu @saleslentz iwwer d’Elektromobilitéit, dat autonoomt Fueren an d’Virdeeler vun der Digitaliséierung am Tourismusberäich
-
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Séance de brainstorming : « La promotion du tourisme dans le cadre de @expo2020dubai »
-
Lex Delles
@LexDelles
.@letzjournal : Die Rückkehr eines Doppelministeriums
www.journal.lu/top-navigation/article/die-rueckkehr-eines… -
Lex Delles reposted
Fédération des Artisans
@FDA_LUXEMBOURG
Interview D'Handwierk, Lex Delles "Ein Botschafter frür den Mittelstand"
www.fda.lu/images/fed-art/news/500/docs/Handwierk_Mars_20…
@LexDelles @RomSchmit @ReckingerMichel -
Lex Delles
@LexDelles
Assemblée générale vum ORT Éislek:
No der Regioun Mëllerdall zejoert, féiert de #vëlosdag 2019 duerch d’Regioun vun de Lëtzebuerger Ardennen. -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@Springbreak_lu 2019: @LexDelles veut promouvoir davantage la destination touristique Luxembourg auprès de la population résidente
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
Invité vun der @RTLlu Redaktioun:
"Eist Land huet vill ze bidden, dat muss een och am Ausland weisen"
www.rtl.lu/radio/invite-vun-der-redaktioun/a/1318036.html -
Lex Delles
@LexDelles
Le prix 'Meilleur Créateur d'Entreprise dans l’Artisanat' de la @CdMLuxembourg est une reconnaissance pour toutes les femmes et tous les hommes qui se sont lancés dans la création ou la reprise d'une entreprise artisanale.
www.createur.cdm.lu -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Visite du ministre @LexDelles au Salon international du tourisme @ITB_Berlin
gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu… -
Lex Delles
@LexDelles
De Musée rural "A Schiewesch" zu Bënzelt bitt Abléck an d'Alldagsliewe vun de fréiere Generatiounen aus de Lëtzebuerger Ardennen
www.museebinsfeld.lu -
Lex Delles
@LexDelles
Visitt vum Nationalmusée fir Militärgeschicht zu Dikrech
Mat ronn 30.000 Visiteuren d'Joer ass de @MNHMLux ee wichtegt Element fir de Gedenktourismus -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
.@LexDelles annonce une nouvelle version du plan d'action en faveur des #pme
En savoir plus: gouvernement.lu/fr/actualites/toutes_actualites/communiqu…This media couldn't be displayed. See it on the original post. -
Lex Delles
@LexDelles
Diplomiwwerreechung fir 17 nei Guidë beim Office Régional du Tourisme – Moselle Luxembourgeoise
Si sinn eis Ambassadeure fir d’Touristendestinatioun @visitmoselle -
Lex Delles reposted
radio 100,7
@100komma7
D'Internetplattform xn--ltzshop-rya.lu ass zanter September d'lescht Joer online. Zil ass, de lokale Lëtzebuerger Commerce op den Internet ze kréien. En éischten Tëschebilan fält positiv aus.
www.100komma7.lu/article/wessen/eng-zweet-vitrinn -
Lex Delles
@LexDelles
«Donner une seconde chance après une faillite»
paperjam.lu/article/-il-faut-destigmatiser-lechec- -
Lex Delles
@LexDelles
Reunioun gëschter vum Haut Comité PME. Gemeinsamt Zil vun allen Acteuren ass et, de Mëttelstand weider ze stäerken.
Méi Detailer iwwert d'Prioritéite fir déi nächst Jore ginn et dësen Donneschdeg op enger Pressekonferenz. -
Lex Delles
@LexDelles
D'@revue_lu vun dëser Woch
www.revue.lu/revue-nr-08-2/ -
Lex Delles
@LexDelles
.@le_quotidien_lu « Le commerce est aussi un attrait touristique »
www.lequotidien.lu/a-la-une/lex-delles-le-commerce-est-au… -
Lex Delles reposted
MinEconomyLU 🇱🇺
@MinEcoLux
Remise des Brevets de Maîtrise et de la Promotion du Travail dans l’Artisanat
102 candidats ont reçu leur Brevet de Maîtrise
133 candidats ont été distingués par la Promotion du Travail -
Lex Delles
@LexDelles
Et geet net duer nëmmen de Mond ze spëtzen, et muss een och päifen. Een Dag nom Sträitgespréich Hansen-Keup enthält sech d'@CSV_news beim Kommissiounsrapport iwwer d'Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch.
-
Lex Delles
@LexDelles
Et soll zesumme wuesse wat zesumme gehéiert, an net ewéi d'CSV et op enger Kaart skizzéiert! Et kann net sinn, datt einfach vum Staat decidéiert gëtt wei d’Gemengen an Zukunft mussen fusionéieren! #etat2018
-
Lex Delles
@LexDelles
"De Schoulsystem gouf an de leschte Jore verbessert a mir hu Reformen ëmgesat, déi derzou féieren, datt d'Schoul méi no un de Liewenswierklechkeet ass an datt se den Ufuerderunge besser Stand hält" - @Xavier_Bettel #etat2018
-
Lex Delles
@LexDelles
#lala “Lauter lëschteg Lauter” – Ee spillereschen an evidenzbaséierete Liesfërderprogramm fir d'#spillschoul. Flotte Projet, deen d'#fuerschung, d'Schoul a virun allem de Spaass matenee verbënnt. @uni_lu @science_lu
www.youtube.com/watch?time_continue=526&v=eXNeJzXG40c -
Lex Delles
@LexDelles
D'Äntwert op meng QP iwwer d'Äscheverstreeungen ass do. D'Dispositioune vum Anäscheren sollen der Evolutioun vun der Gesellschaft upasst ginn. www.dp.lu/de/artikel/de-lex-delles-zu-äscheverstreeungen-…
-
Lex Delles
@LexDelles
Falsch parken op Behënnerteplazen.- Een absoluten No-Go!
www.dp.lu/de/artikel/d’deputéiert-lex-delles-gusty-graas-… -
Lex Delles reposted
Claude Meisch
@MeischClaude
Fir eng gutt Schoul mat gudden Enseignantën: méi Enseignantën um Bachelor-Niveau rekrutéieren.
Chambre des Députés
@ChambreLux
D'Reduktioun vum Stage vu 3 Joer op 2 Joer fir enner anerem d'Diploméierte vum Bachelor science de l'éducation @uni_lu ass 1 vun de 4 néi Mesurë fir méi Enseignanten ze rekrutéieren déi haut an der zoustänneger Chamberkommissioun virgestallt goufen ➡️www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/Actualite/ALaUne/?cu…
-
Lex Delles
@LexDelles
Ausgebilten Enseignantë behalen Virrang beim Rekrutement! Fir de chroneschen Enkpass un Enseignantë Meeschter ze ginn, huet een missen aner Dieren opmaachen. D'@dp_lu ass gewëllt den #stage ze reduzéieren a méi sënnvoll ze gestalten, am Sënn vun Enseignant a Schüler.
-
Lex Delles
@LexDelles
Wéi geet et viru mat zwee eidele Gebaier am Park zu Munneref ? www.dp.lu/de/artikel/wéi-geet-et-viru-mat-zwee-eidele-geb…
-
Lex Delles
@LexDelles
SNE an Feduse ënnerstëtzen dem @MeischClaude seng Iddi vum Lëtzebuerger #bildungsdësch. Gutt Virraussetzunge fir sech geschwenn zesummen un een (Bildungs)-Dësch ze setzen!
www.rtl.lu/letzebuerg/1123770.html -
Lex Delles
@LexDelles
De @ClaudeMeisch ent-politiséiert d’Diskussioune ronderëm d’Schoul. Um #bildungsdësch schaffe Leit aus der Schoul, aus der Wëssenschaft, aus der Zivilgesellschaft an aus der Politik zesummen, fir en onopgereegten Austausch an Input edulink.lu/5ij5
-
Lex Delles reposted
Le Quotidien
@le_quotidien_lu
#luxembourg Gratuité des livres scolaires : les versions numériques aussi www.lequotidien.lu/politique-et-societe/gratuite-des-livr…
-
Lex Delles
@LexDelles
Zielt d'Gratuitéit och fir déi digital Versioune vun de Schoulbicher? @claude_lamberty
www.dp.lu/de/artikel/zielt-dgratuitéit-och-fir-déi-digita… -
Lex Delles
@LexDelles
Den #edi -Ee flott Magazin fir d'Eltere! Firwat eis gudd Schoulen mat dëser #rentrée nach ee Stéckchen besser ginn.
www.men.public.lu/catalogue-publications/themes-transvers… -
Lex Delles
@LexDelles
"Nous avons cherché à améliorer la qualité de vie et à rassembler les habitants" paperjam.lu/news/une-croissance-gerable
-
Lex Delles
@LexDelles
Félicitatioune fir déi gutt Leeschtung a vill Gléck fir är Zukunft! #ofschlossexamen2017
www.rtl.lu/letzebuerg/1055166.html -
Lex Delles
@LexDelles
Keen "Nice to have" mä de Schoulsak vu muer!
www.lessentiel.lu/fr/luxembourg/story/Un-millier-d-iPad-d… -
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
"Eenheetsbräi schmaacht deene mannste Schüler." @LexDelles #lycéesreform
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
"D’Regierung huet den Zuch vum Digitaale net verpasst, am Géigendeel, si setzt an der Lokomotiv."- @LexDelles #lycéesreform
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
De @LexDelles, Député-maire vu Munneref, ass muer tëscht 12h-13h Invité am "Background am Gespréich" op RTL Radio Lëtzebuerg. #background
-
Lex Delles reposted
Eldoradio
@eldoradio_lux
Le Tour de France fiert den 3. a 4. Juli duerch Lëtzebuerg! www.eldo.lu?didomiConfig.notice.enable=false
-
Lex Delles
@LexDelles
"Sproochebarrière solle fir d'Kanner ee Friemwuert bleiwen" #petitioun
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
"Mir wëllen jidderengem d’Dir zu fairen Zukunftschancë opspären. De Schlëssel dofir läit an der Bildungspolitik"-@MeischClaude #dpkongress17
-
Lex Delles
@LexDelles
#ifen : No Feedback vun den Stagiären kommen Upassungen zu hiren Gonschten. Zäitlech Entlaaschtung während den Schouldeeg a méi Choix.
-
Lex Delles
@LexDelles
Een Tablet an der Schoul ass keen « nice-to-have », mä de Schoulsak vun muer. Wichteg fir modern an innovativ Schoulen. #etat2017
-
Lex Delles reposted
-
Lex Delles
@LexDelles
Tablets fir d'Schüler am Lycée. Fir modern an innovativ Schoulen. #etat2017 #educatioun
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
Keng Alphabetisatioun op Franséisch! Zil: All Kand déi nämmlecht Startchancë ze bidden a sproochlech Barrièrë fréizäiteg ofzebauen.
-
Lex Delles
@LexDelles
E Restaurant an der Roseraie zu Munneref?
www.dp.lu/de/artikel/e-restaurant-der-roseraie-zu-munneref -
Lex Delles
@LexDelles
Weiderbildung dréit zu méi Schoulqualitéit bäi! www.facebook.com/demokrateschpartei/posts/1455211004509085
-
Lex Delles
@LexDelles
Accord am Cycle 1: Lëtzebuergesch bléift déi wichtegst Sprooch am Ëmgang mat de Kanner!
www.facebook.com/demokrateschpartei/posts/1448104365219749 -
Lex Delles reposted
Claude Meisch
@MeischClaude
Däitlech méi Weiderbildung vun de Professeren. Individuell oder schoulintern. Gutt fir d'Qualitéit vun der Schoul.
-
Lex Delles
@LexDelles
PK vum Minister @MeischClaude zu de méi iwwersiichtlechen a verständleche Bilans intermédiaires am Fondamental. www.men.public.lu/fr/actualites/grands-dossiers/enseignem…
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
"D'Zäit vum Plangen ass eriwwer, elo gëtt geliwwert", esou den DP-Fraktiounspresident @BergerEugene op der PK zur der @ChambreLux Rentrée
-
Lex Delles reposted
Claude Meisch
@MeischClaude
CSV 2013 fir gemeinsame Werteunterrëcht am Lycée. Claude Wiseler 2016: neit Fach "Vie et Société" nees duech Reliounenunterrëcht ersetzen.
-
Lex Delles
@LexDelles
De Minister @MeischClaude schafft am Moment un engem fléissendem Iwwergang vum franséischen an den Cycle 2 @Wort_LU
-
Lex Delles reposted
Claude Meisch
@MeischClaude
Endlech! .@Wort_LU: méisproocheg Fréifërderung hëlleft! Mee Daitsch amplaz Lëtzebuergesch an der Crèche???
www.wort.lu/de/politik/editorial-realitaetsfern-57edfdd8a… -
Lex Delles
@LexDelles
Méi spezifesch Hëllef fir d’Schüler! Dem Minister @MeischClaude seng Verbesserungen kommen an de Schoulen un.
www.wort.lu/mhlu-legacy-redirects/57e253eeac730ff4e7f66b93/ -
Lex Delles reposted
Joëlle Elvinger
@JoelleElvinger
Net ausgeschloss, datt den Taux d'affichage an Zukunft nach rofgeet #etat2016
-
Lex Delles reposted
Joëlle Elvinger
@JoelleElvinger
Individualiséierung: méi Flexibilitéit a méi Fräiheet #etat2016
-
Lex Delles reposted
Marc Ruppert
@RuppertMarc
"Eisem Land geet et besser wei virun 2 Joer".Premier X.Bettel skizzeiert Lag vun der Natioun.Mir sinn um gudde Wee!
-
Lex Delles reposted
Corinne Cahen
@CorinneCahen
Nieft der sektorieller Diversifikatioun, plange mer awer och déi regional Diversifikatioun @Xavier_Bettel #etat2016
-
Lex Delles reposted
-
Lex Delles reposted
Joëlle Elvinger
@JoelleElvinger
Bis elo vill waarm Loft ëm eng construiéiert Affär déi keng ass #csvgate
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
Steierreform: Entlaaschtungen a méi Kafkraaft fir jiddereen. www.youtube.com/watch?v=Lgi-PGTkXb8
-
Lex Delles reposted
Berger Eugène
@BergerEugene
D'Kafkraaft vun de Leit wäert däitlech gestäerkt ginn #steierreform
-
Lex Delles reposted
Demokratesch Partei
@dp_lu
.@Xavier_Bettel : "Et ass eng #steierreform fir d'Leit, fir d'Famillien, fir d'Kanner"
-
Lex Delles
@LexDelles
Gutt Noriicht fir eis Studenten: d'Boursen ginn indexéiert! www.rtl.lu/letzebuerg/812431.html
-
Lex Delles
@LexDelles
Gratulatioun un de Gast Waltzing, d' @angeliquekidjo an den #opl fir de #grammy an der Kategorie World Music #grammys2016 #luxembourg
-
Lex Delles
@LexDelles
OECD: 1 vun 7 Schüler huet zu Lëtz. schoulesch Problemer. Méi op déi individuell Stäerkten a Schwächte vu Schüler agoen ! #schoulautonomie
-
Lex Delles
@LexDelles
E Choix fir meng Gemeng an d'Munnerefer Bierger! Och wann ech mech immens geéiert fillen!
-
Lex Delles
@LexDelles
Mir hunn zu Munneref schonn e Vermummungsverbuet säit 1969 an eisem Reglement de police stoen. Sinn awer oppen fir eng national Léisung.
-
Lex Delles
@LexDelles
«All Gemeng zu Lëtzebuerg soll hier Responsabilitéit géintiwwer de
Flüchtlingen huelen.» #welcomerefugees -
Lex Delles
@LexDelles
Endlech: Accord am Enseignement am Sënn vu méi Qualitéit an der Schoul! Felicitatioun un de Minister!
-
Lex Delles
@LexDelles
Redoubléieren an der Schoul: ondifferenzéiert a keen efficact Mëttel. Mir mussen individuell Ursaachen upaken, Schüler laangfristeg stäerken
-
Lex Delles
@LexDelles
Wei wier et den Enseignant'en déi näischt mam Leak ze dinn hunn an d'Schüler an deenen 6 Joer gutt op d'Tester virbereed hunn,Merci ze soen!
-
Lex Delles
@LexDelles
Dës Woch Rapporteur fir den Formatiounsinstitut genannt ginn.Als Enseignant weess ech wei wichteg eng praxisno Formatioun ass.
-
Lex Delles
@LexDelles
Zréckbehale vun Examensfroen. Wäert net wierklech zu engem gudden Dialog an der Conciliatioun bäidroen.
-
Lex Delles
@LexDelles
D’Relioun, eng Privatsaach! De Staat sollt e neutrale Wäerteunterrecht ubidden deen all d’Reliounen a Philosophien objektiv thematiséiert
































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































