Politicians, athletes, journalists, NGOs, companies... They all use
corporation-owned social networks to communicate with us. Citizens
shouldn't have to hand over their data to companies to read content
published by public entities. Public Feeds changes that by making posts
of popular accounts freely available.
Read more.
Pirate Party Luxembourg
The Pirate Party Luxembourg (Luxembourgish: Piratepartei Lëtzebuerg; German: Piratenpartei Luxemburg; French: Parti pirate du Luxembourg) is a registered political party in Luxembourg. The party follows the pirate political doctrine developed by the Swedish Pirate Party. It champions citizen's rights, improved data protection and privacy for physical persons, more transparency of government, free access to information and education. Beyond this, it calls for an in-depth overhaul of copyright and patent law, and opposes every form of censorship. A fundamental principle is grassroots democracy, which gives the possibility to each member to help shape the future of the party. Like most parties in Luxembourg, the Pirate Party is vigorously pro-European. It is a member of Pirate Parties International, the umbrella organisation of the international Pirate Party movement. More on Wikipedia
D’Parteileedung vun de PIRATEN hëllt d’Berichterstattung zur Kenntnis, déi iwwert d’parlamentaresch Fro n°1793 vum Deputéierte Sven Clement iwwer d’Dokteraarbecht vun der Prinzessin Claire geschriwwe gouf.
Am Interessi vun der ëffentlecher Gesondheetsdiskussioun wier et ze begréissen, wann esou wichteg Aarbechten am Allgemengen enger méi breeder Ëffentlechkeet zougänglech gemaach géif ginn. Fir esou dat liewenswichtegt Thema Organspenden ze promouvéieren.
D’Parteileedung wëll heimadder d’Positioun kloerstellen, dass d’Partei an eng grouss Majoritéit vu senge Membere weiderhi kloer zur lëtzebuergescher Monarchie steet an d’Legitimitéit vun der Monarchie souwéi der groussherzoglecher Famill a kengster Weis a Fro stellt.
Matbestëmmung ass e wichtegt Element an eiser Gesellschaft, et beräichert de politeschen Debat an hëlleft eis wichteg an informéiert Decisiounen ze huelen.
⚓️ Besser Gemengeservicer fir de Bierger! D’Piraten hu sech dofir mat der FGFC ausgetosch, fir ze kucken, wéi een d’Aarbechtsbedingungen vum Personal an de Gemengen verbessere kann! 👍🏻
Déi éischt Tribune libre dëst Joer ass vun eisen dräi neie Koordinateure gehale ginn, dem Claude Legrand, dem Starsky Flor an dem Ben Lomel. Si hunn iwwert de Neistart an d’Zukunft vun de Piraten geschwat. 🎤👍🏻
Wéi déi däitsch Press beriicht, gouf et beim däitschen Autokonzern Volkswagen ee gréissert Dateleck, wouvun eng 800.000 Autoen betraff waren. ---> piraten.lu/dateleck-bei-volkswagen/
Strafen, die in der Abgabenordnung und den dazugehörigen Rundschreiben geregelt sind, unterliegen Ermessensentscheidungen, die in die Zuständigkeit des jeweiligen Bürovorstehers fallen“, teilte das Finanzministerium auf Nachfrage vor wenigen Monaten mit.
Il nous a été rapporté que la France a fait une proposition au Luxembourg permettant aux frontaliers de faire jusqu’à 40 pourcents de leurs heures en télétravail à l’avenir. ‼️
D'PIRATEN setzen sech dofir an, dass Locatairen mat Déieren net méi um Wunnmarché diskriminéiert a benodeelegt ginn ! 🦮 🐈 piraten.lu/verbuet-hausdeieren-nofro/
Ass d’Regierung gewëllt, de Waasserpräis esou ze gestalten, dass eng minimal Quantitéit (zum Beispill déi éischt 50 Liter Waasser pro Dag / déi éischt 600 Liter pro Mount) fir all Awunner gratis wieren?
Photovoltaikanlag op der Autobunn, super Iddi nee? 😃👍🏻
Hu mir och fonnt an deementspriechend och schonn eemol eng parlamentaresch Fro dozou gestallt. Ënnert der aler Regierung krute mer allerdéngs nach gesot, dass dat net wierklech eng gutt Iddi wier. ❌ piraten.lu?p=20304
E lëtzebuerger Fussballspiller, ass am Mäerz 2024 zu 18 Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof verurteelt ginn, ënnert anerem well hien seng fréier Partnerin geschloen huet. 👊🏻😠
An enger rezenter Etude a Publikatioun vum LISER gëtt kloer duergeluecht, dass d’Fraen am Verglach a villen Hinsichte mat méi prekäre Situatiounen um Wunnengsmaart konfrontéiert sinn ewéi Männer. 👩🏼😕
Gëtt d’Kontroll vun engem Beamte vun der Police Grand-Ducale duerchgefouert, ginn déi Verdächteg iwwer hir Rechter ze schweigen, net ze kooperéieren an sech net selwer ze belaaschten informéiert. 🤐
Hunn d’Inspektere vun der ITM déi selwecht Direktiv fir Persounen, déi verdächtegt ginn, un enger Infraktioun bedeelegt ze sinn, iwwer hir Rechter z’informéieren an dëst ze dokumentéieren?
Et ass eis zu Ouere komm, datt Betriber am Oste vum Land, déi haaptsächlech däitschsproocheg Mataarbechter a Cheffen hunn, d’ITM gefrot hunn, fir hir Ufroen op Däitsch, eng vun eisen offizielle Sproochen, ze formuléieren.
Dës Ufroe goufen anscheinend vun der ITM ignoréiert.🤷🏻♂️❌
Kommunizéiert d’ITM – op Ufro – och op Däitsch oder Lëtzebuergesch mat de Betriber? Wa jo, wéi vill Prozent vun alle Kommunikatioune sinn dat? Wa nee, firwat ass dat net de Fall, obwuel Däitsch eng vun eisen offizielle Sproochen hei am Land ass?
Am Hibléck op eis strateegesch Positioun an Europa an d’Bedeitung vum Fluchhafe Findel, deen op d’NATO-Pipelinenetzer ugewisen ass, an och fir eis Verbindung mat der Welt, ass dës Absence erstaunlech. 🤔
Firwat ass Lëtzebuerg bis elo net Member vun der European Sky Shield Initiative ginn, obwuel eise wichtege Partner Belsch e Grënnungsmember ass a sech d’Initiativ elo op 22 Membere vergréissert huet?
Vill Impfstoffer, déi am Kader vun der Covid-19-Pandemie akaf oder bestallt goufen, hunn um Enn missten zerstéiert ginn, well d’Demande net méi esou grouss war, wéi ufangs gefaart. 📉 💉
Wéi vill zousätzlech Impfstoff-Dosen hu missen zerstéiert ginn zënter dem 8. Januar 2024? Kann d’Ministesch eng aktualiséiert Opstellung no Hiersteller liwweren?
Wie baue wëll, brauch eng Baugeneemegung. D'Baugeneemegung kritt ee vum Buergermeeschter. Mir wollte wëssen, wéi vill Baugeneemegungen zu Péiteng un déi gréisst Promoteure gaange sinn. 🤷🏻♂️ Komescherweis fillt sech de Buergermeeschter net kompetent genuch, fir dorop ze äntweren? 🤔
Wéi steet d'Regierung zu der Iddi vun enger Iwwersiicht op myguichet.lu, wou de Bierger op ee Bléck informéiert gëtt, wéi vill Steieren hie bezuelt huet a wéi vill Suen hie vum Staat krut huet? 💻👀
Et geet net ouni de Staat. 🙄 Eng Kritik, déi all Joer erëm opkënnt, ass dass de Staat selwer net genuch mam gudde Beispill virgeet beim Akaf vu BIO-Prdukter oder Fairtrade. 🥦🌽🥕
Een Tageblatt-Artikel vum 23te September 2024 beriicht iwwert Mëssstänn op der Schueberfouer mam Titel “Wie Studenten und Schüler auf dem größten Volksfest der Großregion ausgenutzt werden”.
Déi nei Regierung huet eent vun hieren zentrale Walversprieche realiséiert an eng Gemengepolice agefouert. Dofir goufen Polizist:innen mat engem Bändchen “Police locale” equipéiert. 🌚👮🏻♂️
Mir ass zougedroe ginn, datt verschidde Garagen de Besëtzer:innen vun Elektroautoen oder Hybridautoen – fir déi selwecht Aarbechten bei enger Revisioun oder bei enger Reparatur – méi Geld froen ewéi bei Leit, déi mat engem aneren Auto an de Garage kommen. 🤔💶
Mee och eng Diskriminéierung tëschent de Wunnengsbesëtzer, well een Investisseur, deen haut fir ee vill méi héije Präis muss investéieren, ee vill méi niddrege Rendement kritt, wéi een, dee viru 50 Joer investéiert huet. 💶
Mir fannen et wier besser gewiescht, wéi och schonn am Koalitiounsaccord steet, et hätt een sech mat der Sektiounsthematik méi detailléiert ausernee gesat an en neie System opgestallt, wéi elo nach e Projet mat neie Sektiounen unzefänken. ☝🏻
Haut war an der Chamber de Vott fir d’Verlängerung vu “Klimabonus Wunnen” Primme fir e.a. Photovoltaik a Wärmepompelen. D’Gesetz ass elo just bis den 30.06 verlängert ginn. 🤨
Mir Piraten hu gefuerdert, datt et direkt bis den 30.09 verlängert gëtt, fir de Leit Planungssécherheet ze ginn an och, well de Premier an den Ëmweltminister soten, si wéilten iwwert de Summer ee weidert Gesetz erabréngen, fir d'Hëllefen bis den 30te September ze verlängeren.
Firwat laang maache wann et och kuerz geet? 🙄 Mir Piraten hu kuerzfristeg an der Chamber ee Vott fir eng Verlängerung bis den 30.09 gefrot, déi iwweraschenderweis vun der CSV/DP Regierung ofgeleent gouf??? 🤷🏻♂️
Eisen Informatiounen no ass et nach ëmmer schwiereg fir Diabetes Patienten, fir ëmmer un hir néideg Medikamenter ze kommen. 😰 Dëst läit zum Deel um Mëttel Ozempic, wat fir Zockerpatienten entwéckelt gouf, mee mëttlerweil ee weltwäiten Hype als Ofhuelwonnermëttel kritt huet. 🙄
Hei am Land ass et erlaabt, fir d’Fënsteren vun engem Auto ze téinen, soulaang et net déi viregt Fënsteren vum Auto souwéi d’Windschutzscheif (pare-brise) betrëfft.
Bei wéi enge Gefierer ass et erlaabt, fir och déi virëgt Fënster an engem Auto téinen?
Um Enn sinn d’Baggere du gerullt an d‘Gebai ass mëttlerweil nach just ee Koup Steng, esou wéi et och schonn zu Dippech am Februar 2023 geschitt ass... 🚧
91 Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert goufen am Konzentratiounslager Sonnenburg a Polen ëmbruecht. 😔 An dësem Lager houng eng schwéier Paart aus Eise mat der Opschrëft „PAX“. Dës Paart gouf nom Krich vun de Lëtzebuerger gestëft a vill Leit identifizéieren sech nach haut domadder.
Den Nationalsozialismus hat ee Gesellschaftsmodell vun Haass, Jalousie an Ausschléissung ausgelieft an domadder ville Mënsche wärend iwwert engem Joerzéngt vill Leed ugedoen, déi als Verbrieche géint Mënschheet an der Geschicht festgehale goufen.
Säit Abrëll gi 5 Kommissiounen am Live-Streaming iwwerdroen (dorënner och d'Ëmweltkommissioun), fir, wéi et heescht, d'Transparenz ze erhéijen an d'parlamentaresch Aarbecht méi biergerno ze gestalten. 🎥
Et gëtt sech verstoppt hannert der Feststellung, dass hei jo awer 3 Kommissiounen zesumme kommen, 2 dovunner déi net am Pilotprojet vum Live-Streaming sinn. 🤷🏻♂️
Bürokratesch Symbolpolitik gëtt virun den Intressi vum Bierger gestallt. Nee, léif CSV an DP, esou gesäit keng Biergerbedeelegung a keen Effort fir méi Transparenz aus. Halt op mat der Symbolpolitik an involvéiert Leit op konsequent Aart a Weis. ☝🏻
2024 ginn d'Verbriechen vum Iranesche Regimm weider. 😕 D'Bierger:innen am Land kämpfe weider fir hir Rechter. D'Pirate fuerderen weiderhin d'Fräiloossung vun allen Manifestanten an een direkte Stopp vun de Scheinprozesser an Hiriichtungen am Iran. ☝🏻
Mir Pirate maachen dofir nach eng Kéier en Appell un den Iranesche Regimm, fir hir grujeleg Doten endlech ze stoppen an der Demokratie am Land Plaz ze maachen.
Den Ëmwelt- an Déiereschutz 🌱🐶, d’Recht op Wunnen 🏡, d’Kultur an den Denkmalschutz 🎨, de Sozialdialog 💬, an d’Fräiheet vun de Wëssenschaften 💡, - dat si vun der Verfassung geschützte Staatsziler.
Op Ureegung vun de Pirate wäert an Zukunft fir all Gesetzesprojet evaluéiert ginn, ob dës Staatsziler respektéiert ginn 🚫✔.
D’Piraten soen Nee zu engem neien, erhéichte Seuil fir Petitiounen. 👎🏻
Mir wëlle méi an net manner Biergerbedeelegung an der Chamber! Dofir wäerte mir eis géint d’CSV, d’DP an d’LSAP wieren, déi de Seuil wëllen eropsetzen. ❌
Dëst wier fir Trajeten am Kader vum Adapto net virgesinn an deementspriechend missten d’Leit da fir esou Trajeten op normal Taxien zréckgräifen. Dat géif bedéiten, datt Betraffener net mam Adapto kéinnte op de Flughafe gefouert ginn a missten dofir ee regulären Taxi huelen. 🤷🏻♂️
Kann d’Ministesch bestätegen, dass am Kader vun engem Trajet mam Adapto keng Hausdéieren oder Wallissen dierfe matgeholl ginn? Wa jo, wat sinn d’Grënn heivir?
Broschtkriibs ass eng vun deenen heefegste Kriibszorte bei Fraen an all Joer stierwen dausende Frae weltwäit un dëser Krankheet. 👩🏼⚕️
Eis gouf zougedroen, dass Persounen am Rollstull, déi net kënne stoen, gesot kruten, et wier net méiglech, eng Mammografie maachen ze loossen. Frae misste fir eng Mammografie stoe kënnen. ♿️❌
Kann d’Ministesch bestätegen, dass eng Persoun net muss fir eng Mammografie kënne stoen an datt se och am Sëtze ka gemaach ginn?
Gëschter war den Europadag. 🇪🇺 Dat neit Gebai vum Europäesche Parlament war dëst Joer d'Kuliss fir d'Europafest ze feieren. Oder besser gesot, den Haff virum Gebai, well d'Wieder zum Gléck extrem gutt war. ☀️
Gëschter war déi 41. Editioun vum Spillfest, organiséiert vum COSL (centre olympique et sportif luxembourgeois) op der Kockelscheier beim Séi. 👍🏻 Net nëmmen ech hu mech am Dëschtennis probéiert, mee och d'Lia huet vill verschidde Sportarte getest. 😮💨
De Conseil arbitral de la sécurité sociale (CASS) ass eng éischt Instanz, déi fir Ugeleeënheeten a Sträitfäll a Saache Sozialversécherung tëschent Versécherten a Versécherer zoustänneg ass. ⚖️
An der Fro 6056 hunn ech schonn éischt Froen zu den Donnéeën zu de Recourse bei dem CASS gestallt. 👀
2022 loung den Delai fir de Recours bei der CASS bei 3 bis 6 Méint. Wéi laang dauert et am Moment vun der Demande de recours bis zur Decisioun?
Haut ass Europadag. 🇪🇺 Een Dag wou et ëm d'Roll vun Europa am Alldag an eiser Gesellschaft geet. Fir eis Piraten ass et een Dag fir d'Villfältegkeet an der EU ze feieren, awer gläichzäiteg op Mëssstänn opmierksam ze maachen.☝🏻 Dofir steet eis Ekipp fir d'Europawalen dëst Joer.💜
D'Piraten hunn sech an der Chamber dofir agesat, datt de Gehälteraccord tëscht der CGFP an dem Staat respektéiert gëtt. ☝🏻 Dësen Accord gesäit fir, datt Bewäertungssystemer beim Staat ofgeschaaft ginn.
Mir Pirate setzen eis weider dofir an, datt Gehälteraccorde respektéiert ginn an datt aner Parteien zu hirem Wuert stinn. D'Versprieche vu virun de Walen dierfen net haut mat Féiss getrëppelt ginn.
Bis den 30. Juni dëst Joer kënnen d'Leit vu méi Subside profitéieren wann se eng Solaranlag bauen oder en Wärmepompel installéieren loossen (20% respektiv 25% méi Subside). ☀️☀️
D'Pirate wëllen dass dëse Subside nach esou bis Enn dës Joers weiderleeft.
DP-CSV Regierung wëll dat net an huet eis Fuerderung refuséiert. ❌
Hei fannt dir weider Detailer zu der Pirate-Fuerderung:
D'Wunnengspolitik vun der Regierung ass net ausräichend, wann ee kuckt, wéi vill Geld mer investéieren a wéi vill herno wierklech bei de Leit ukënnt. 💶🤷🏻♂️
An da muss een och nach soen, dass verschidde vun deenen ugekënnegte Mesuren net den éischt Keefer oder der mëttelstänneger Famill zegutt kommen, mee de Multiproprietären respektiv de groussen Investisseuren. 👎🏻
Zu Wolz gouf den 28ten Abrëll déi offiziell Ouverture vum Kannermusée Plomm gefeiert. 😊 Et ass den éischte Kannermusée zu Lëtzebuerg, inspiréiert vun de Kannermuséeën an Éisträich, mat deenen sech och vu Lëtzebuerger Säit hier ausgetosch ginn ass. 🤝
Wëll d'CSV eng Lëtzebuergesch Datebank mat den Date vun all de Leit déi Prêten hunn oder net? 🤷🏻♂️
D'Budgetsrapportrice Diane Adehm vun der CSV seet jo, den Finanzminister vun der CSV seet nee. Penliches Schweigen an der Chamber nodeems den Minister senger Deputéiert an de Réck fällt. 😬
Um Enn gewënnt Deputéiert an d'CSV schwätzt sech net géint de Credit Scoring an net fir d'Bankgeheimnis aus. Eis Fuerderung piraten.lu/budgetsrapport-schufa/ gouf ogeleent. ❌
An der Kommissiounssëtzung vum 25te Mäerz huet de Premier wësse gedoen, dass hien de Projet de loi 6961, bei deem et ëm Sécherheetsfräigaben an d’ANS sollt goen, wäert zréckzéien. 🔙
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst 5 Joer gesammelt ginn. 🇺🇦💶
Gouf Lëtzebuerg scho virum Nato-Treffe vum 3ten Abrëll am Kontext vum geplangte Fong approchéiert? Wa jo, wat war d’Positioun vun der Regierung zu dëser Iddi?
Wéi solle Leit, déi wéinst hiren Hausdéiere keng Locatiounswunneng kréien, sech uleeën, fir hiert Hausdéier net ewech mussen ze ginn, well si soss den Daach iwwert dem Kapp verléieren? 🏡🚫
Dir kënnt iech bis zum 15. Abrëll um 17:00 androe fir bei den Europawalen ze wielen. ✔ Jiddereen deen 18 Joer huet an aus engem EU-Memberstaat kënnt, kann dat maachen. 🇪🇺 Méi genau Infoe fannt dir hei: jepeuxvoter.lu/lu/
You can register until April 15th at 17:00 to vote in this years European elections. ✔️ Everyone who's at least 18 years old and a citizen of the EU can apply. 🇪🇺 You'll find more detailed information here: jepeuxvoter.lu/en/
Vous pouvez vous inscrire sur les listes pour voter aux élections européennes jusqu'au 15 avril à 17:00. ✔️ Chaqun qui a 18 ans et est un ressortissant d'un Etat membre de l'UE peut le faire. 🇪🇺 Vous trouvez plus d'informations ici: jepeuxvoter.lu/fr/
Wien eng Photovoltaiksanlagen op sengem Haus installéiert, kann eng Subventioun fir d’Installatioun ufroen (“Klimabonus”). ☀️💶 Déi Primm gëtt ausbezuelt, nodeems d’PV-Anlag installéiert gouf.
Laut dem Avis vum Staatsrot vum 11te Juli 2023 gëtt et gouf et virdrun keng legal Basis zu den Indemnitéiten fir extern Mataarbechter vun de Formatiounszentere. Dëst misst also geschaf ginn. 💶🤷🏻♂️
Gouf am Sport- respektiv am Finanzministère eng intern Analys zu der Base légale vun den Indemnitéite fir extern Mataarbechter vun de Formatiounszentere gemaach? Wa jo, gëtt et heizou eng Note iwwert d’Resultater vun dëser Analys?
"D'Fro, déi den Deputéierte Ben Polidori gestallt hat, datéiert virun der rezenter Cyberattack mat héchstwarscheinlech russeschem Hannergrond. Onofhängeg vun där Attack ass de Sujet Cybersécherheet héich aktuell."
D'Nikotinproduiten ewéi d'Nikotinsäcklercher (Snus) sollen ab dem Hierscht besteiert ginn. Mee dës Besteierung wäert déi Jonk net dovun ofhalen, se ze konsuméieren. 🙅🏻♂️ Mir Pirate wëllen eis Jugendlech schützen an dofir hu mir an der Chamber gefuerdert, dass de Verkaf vun Nikotinproduiten ewéi zum Beispill Nikotinsäckelcher u Mannerjäreger verbuede soll ginn. 🚫
An dass méi streng Kontrolle bei de Verkafsstellen ëmgesat ginn, déi Tubaksproduite verkafen, fir sécherzestellen, datt Jonker dës Produiten net verkaaft kréien.
D'Regierungsparteien DP an CSV wollten eis Motioun fir d'éischt ofleenen, hunn sech awer iwwerriede gelooss, fir se an d'Santéskommissioun ze verweisen.
Mir Pirate wäerten eis hei weider dofir asetzen, dass eis Fuerderung ëmgesat gëtt. ☝🏻
Dozou gehéiert et, Monopoler déi Präisser erop dreiwen an de Clientë Choix ewech huelen ze verhënneren. Dofir hu mir d'Regierung opgefuerdert, fir eng Fusiounskontroll zu Lëtzebuerg auszeschaffen.
Fir dass kontrolléiert gëtt, dass eng Fusioun tëscht 2 oder méi Firmen kee Marché futti mécht. D'CSV, DP, LSAP an d'Adr hunn eis Propos ofgeleent.
Wäert d’Regierung eppes ënnerhuelen, fir d’Schanklizenzen an der aktueller Form ofzeschafen oder ze reforméieren? 🤷🏻♂️ Geschäfter, déi zu Lëtzebuerg wëllen Alkohol verkafen, brauchen dofir eng Schanklizenz (Licence de cabaretage).
Op der anerer Säit huet d’Reegel de perversen Effekt agefouert, dass verschidde Firmen sech konnten iwwert déi lescht Jorzéngten ee lukrative Maartundeel sécheren, well se där Schanklizenzen a Massen horden an u Restaurateuren verlounen. 💶
D'Zuelen, déi eis an eiser parlamentarescher Fro geliwwert goufen, bestätegen dëst: zwou Firmen hunn iwwert 1100 vun insgesamt ronn 3200 Schanklizenzen.
Déi deemolëg Inneministesch hat no de Gemengewalen ugekënnegt, dass een Aarbechtsgrupp sollt op d’Bee gestallt ginn, fir Recommandatiounen ze maachen, wéi een d’Organisatioun vun den nächste Gemengewalen kéint verbesseren. 💡
Dozou gehéiert et, Monopoler déi Präisser erop dréiwen an de Clientë Choix ewech huelen ze verhënneren. 🚫
Een agräifen an de Marché, an den Désequiliber tëscht Offer an Demande muss et net eréischt ab engem Chiffre d'affaire mondial vun iwwer 5 Milliarden ginn. Een aushielegen vun dem fräie Marché gëtt et op alle Niveauen, dat kënnen kleng PMEen oder de Staat sinn grad wéi Multinationalen.
Bal 5600 Ënnerschrëfte ware fir d'Petitioun fir ee besseren Adapto System gesammelt ginn. 👍🏻 An d'Temoignagë vun de Leit déi eis hir Petitioun an d'Chamber virstelle komm sinn, weisen nach eng Kéier, datt dringend um Adapto System muss geschafft ginn.
Lëtzebuerg huet an de leschte Jore fir Honnerte Milliounen Euro Militärfligere finanzéiert. 💶 Am Artikel “Fly in no company” heescht et, dass de Premierminister am Kader vu verschiddenen Auslandsreese Fluchstonne vun engem Militärfliger genotzt huet. ✈️ piraten.lu/fly/
D’CNS erlabt de Remboursement vun 12 Konsultatiounen iwwer 6 Méint bei engem Generalist oder Spezialist. Fir all weider Konsultatioun freet d’CNS eng Justifikatioun, respektiv et muss een am Virraus ëm Erlabnis bei der Keess froen.
Firwat gëtt et dës Reegelung vun den 12 Konsultatiounen? 🤷🏻♂️🤔
Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis se op fro.lu
Am Enseignement ginn et vill Problemer an Erausfuerderungen. ☝🏻 Wien kennt dës besser wéi déi, déi all Dag an eise Schoule present sinn an aus eegener Erfarung kënne schwätzen. Dowéinst ass den Austausch esou wichteg.
Happy Pi-Day! De 14.3 (also 3.14 am engleschsproochesche Raum) ass de Pi-Dag, den internationalen Dag vun der Mathé! Iesst e leckere Pie oder beschäftegt Iech mat de Wonner vun der Mathematik. 🍰🤓
Fir eis Piraten als Digitalpartei soll haut d'Uwennung vun der Mathé an der Softwareentwécklung souwéi de fräien Zougang zu Computerprogrammer am Mëttelpunkt stoen. #opensource
Wann dir wësse wëllt, wat Open Source bedeit a wisou et esou wichteg wier méi esou Programmer ze hunn, kënnt dir iech gäer dëse Beitrag ukucken: piraten.lu/open-source/
Nom Gesetz dierfen ASBLen a Veräiner ouni Gewënnofsicht (Promoteurs sociaux) erschwénglech Wunnengen bauen a kënnen dofir bis zu 75% vum staat rembourséiert kréien. 🏗🏡
Nom Gesetz zu den ëffentlechen Ausschreiwungen ass et awer esou, dass staatlech Projeten ab engem gewëssene Wäert mussen ëffentlech ausgeschriwwe ginn. 💶 Ab wéini muss ee Promoteur social also ausschreiwen?
Nom Gesetz zu den ëffentlechen Ausschreiwungen ass et awer esou, dass staatlech Projeten ab engem gewëssene Wäert mussen ëffentlech ausgeschriwwe ginn. ✍🏻 Ab wéini muss ee Promoteur social also ausschreiwen?
Geet d'Karenzzäit, déi entsteet, fir sech bei der Krankekeess zu Lëtzebuerg a bei der Krankekeess am neie Land of- an unzemellen, op eng lëtzebuergesch oder eng europäesch Gesetzgebung zréck?
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. piraten.lu/fro-lu-frais-de-sejour/
Wärend d’organiséiert Heescherei kloer ënner Strof steet, ass et bei der einfacher Heescherei net esou evident fir d’Police an d’Justiz, fir dës ënner Strof ze stellen.
An engem Tageblatt-Artikel vum 4te Mäerz gouf iwwert Mëssstänn beim Service vun den CFL beriicht, dee fir d’Videoiwwerwaachung an den Zich souwéi de Garen zoustänneg ass.
Bei der rezenter Staatsvisitt vum President vun der tschechescher Republik ass opgefall, dass de Fuerpark vu Lëtzebuerg bal exklusiv aus fossil ugedriwwenen Gefierer bestanen huet. Virbildfunktioun vum Staat punkto Ëmwelt a Klima? piraten.lu/fuerpark-staatsvisitten/
Wien um Site vun der SNHBM d’Präislëschte vun de Wunnengen duerchkuckt, dee versteet och ganz schnell, firwat och een Normalverdinger hei am Land Schwieregkeeten huet, fir sech eng staatlech subventionéiert Wunneng ze kafen. Beispill: Nonnewisen zu Esch: piraten.lu/snhbm-w
D'SNHBM fënnt keng Leit, déi hir "erschwénglech" Wunnengen kënne kafen a setzen dofir d'Limitt erop, fir dass Persounen mat méi Salaire kënnen d'Wunnenge kafen.
Nom Gesetz zu den ëffentlechen Ausschreiwungen ass et awer esou, dass staatlech Projeten ab engem gewëssene Wäert mussen ëffentlech ausgeschriwwe ginn. Ab wéini muss ee Promoteur Social also ausschreiwen? piraten.lu/mp-log/
Haut ass den Dag vun de seelene Krankheeten. Dëse fält op de 29te Februar, dem seelensten Dag vum Joer.
Vill Leit hei am Land, dorënner och Kanner, leiden ënner rare Krankheeten.
Si fannen an eisem Gesondheetssystem awer all ze dacks net déi néideg Uspriechpartner a spezialiséiert Dokteren. 👩🏼⚕️👨🏻⚕️
Dowéinst hunn si dacks e jorelaange Leidenswee hannert sech, bis si endlech déi richteg Diagnos kréien an un dorop spezialiséiert Doktere verwise kënne ginn.
Hire Leidenswee ass domat awer nach net um Enn, well dës Doktere befannen sech meeschtens just am Ausland an déi Betraffen hunn domat ee stengege Wee virun sech, voller laanger Waardezäiten op e Rendez-vous an administrativen Demarchen. 🥵
Dës Leit gehéieren zu de vulnerabelste Mënschen an eiser Gesellschaft a mussen endlech gesi ginn a méi séier an onbürokratesch gehollef kréien, amplaz dass se nach zousätzlech zu hirer Krankheet bestrooft an am Ree stoe gelooss ginn.
Et ginn ëmmer rëm Fäll wou d’Leit Bréiwer vun der Adem net kritt hunn an doropshi sanktionéiert gi sinn, well se zum Beispill ee Rendez-vous verpasst hunn. 🤨👎🏻
Dës Prozeduren hunn 2022 awer bis zu 6,5 Méint gedauert. Wat bedeit, dass d’Leit, déi näischt falsch gemaach haten, awer hu misste méintelaang ouni Geld auskommen.
Wéi eng Subventiounsprogrammer fir Betriber (onofhängeg vun der Gréisst vum Betrib) goufen zënter 2018 geschaf? Wéi eng Subventiounsprogrammer lafen aktuell nach?
No 2 Joer Ugrëffskrich vu Russland, kämpfen d'Ukrainer weiderhin ëm hiert Iwwerliewen. 😕 Mir Piraten hunn d'Ukrainesch Bevëlkerung vun Ufank un am Kampf géint de Putin-Regimm ënnerstëtzt a mir wäerten dat och weiderhi maachen.
Mir fuerderen all d'Regierungen an Europa an och an d'Regierung an den USA dozou op, fir d'Hëllefe fir d'Ukrain weider Oprecht z'erhalen. D'Ukrain kämpft fir eis Wäerter an nëmme mat eiser Ënnerstëtzung kënne si weiderhi géint Russland virgoen. 🇺🇦💪🏻
Opbauend op de vun der Fondation Cancer publizéirerten Zuelen zum Tubakskonsum zu Lëtzebuerg ass festzestellen, dass mir op nationalem Niveau nach wäit fort si vum europäeschem Ziel den Tubakskonsum bis 2040 op 5% ze reduzéieren. 👎🏻
An der leschter Legislaturperiod si 6 Aarbechtsgruppen (de Gesondheetsdësch) agefouert ginn, wou et ënnert anerem och ëm de Sujet vum Tubakskonsum sollt goen. Aktuell ass zur Entwécklung vun dësen Echangen näischt méi gewosst an déi dediéiert Websäit ass aktuell net méi registréiert. 🤷🏻♂️
Sinn d’Evaluatiounen zum leschte Plan national de Lutte contre le Tabagisme (PNLT) alleguerten ofgeschloss? Falls jo, wéini ginn d’Konklusioune publizéiert? Falls nee, wéi een Zäitplang ass hei festgeluecht ginn?
Wat fir Kapazitéiten hunn déi genannten Déierenasyler (opgeschlësselt no Déierenaart)? An ass d’Ministesch der Meenung, dass et weider Asyler zu Lëtzebuerg brauch?
Haut ass den Dag vun der sozialer Gerechtegkeet. Net nëmmen eise Ressourcëverbrauch geet erop, och d’sozial Inegalitéite klamme vun Dag zu Dag. 😕 Et kann net esou weider goen! Mir Pirate setzen eis fir eng méi ressourcëschounend a gerecht Welt an. 💪🏻😌
Gëschter sinn ech als Deputéierten, zesummen mam @Guy_Arendt an @DanBiancalana zu Gent fir eng Reunioun vun Europol gewiescht. 🇪🇺 D'Theme waren d'Aarbecht vun Europol an de leschte 6 Méint, illegale Waffenhandel, Mënschenhandel an och den Dateschutz.
Aus engem Pressecommuniqué vun der Union luxembourgeoise des consommateurs nouvelle (ULC) geet ervir, dass d’Unzuel u Phishing-Attacken 2023 op 1300 bekannte Fäll ugewuess ass. 💻🥷🏼
Leider ass dovunner auszegoen, dass d’Unzuel un Tentativen an net bekannte Fäll nach vill méi héich ass. Besonnesch eeler Leit si cibléiert a géinge sech bessere Schutz virun dësen Attacke wënschen. Hei si souwuel déi ëffentlech Autoritéiten als och privat Acteure gefuerdert. 🔐
Vertrieder vun der Justiz hunn an de leschte Woche kloer gesot, dass fir si de Punkt vum allgemengen Heeschverbued net méi am Code pénal steet. 👩🏻⚖️☝🏻 Vill Deputéiert aus der Oppositioun gesinn dat genau selwecht, déi aus der Majoritéit allerdéngs net... Et ass een sech eenz. 🤷🏻♂️ Mee wat steet genau am Gesetz? 🧐 Huet d'Regierung en avis juridique zum Artikel 563 vum code pénal erstelle gelooss? Wa jo, wat gouf festgehal? Wann nee, wéi wëll d'Regierung d'Fro soss klären? youtu.be/LpQ2nU3Kr4g
D’Rechter an d’Fliichte vum CFL-Personal ginn duerch ee Spezialgesetz vun 1920 gereegelt. Zënter méi wéi engem Joerhonnert gëllt dëse Sonderstatut mat senge ganz eegene Reegelen abseits vum Code du Travail an de Gesetzer vum Staatsbeamtestatut. 🚝
De Sonderstatut an d’Assimiléierung vum CFL-Bedéngschteten un de Fonctionnaires-Statut si juristesch gesinn net kloer. Sinn CFL-Mataarbechter eng Zort Fonctionnairen mat alle Rechter a Fliichten? Oder sinn se et net? 🤷🏻♂️
Eis ass e Fall zougedroe ginn, wou eng Fra, déi mat enger Kannerkutsch ënnerwee war, den Accès an ee Bus vum RGTR refuséiert krut, well de Buschauffeur sot, dass dëse Bus keng Plaz fir Poussetten hätt.
D’Fra duerft dunn am Reen mat zwee Kanner (dorënner ee Puppelchen) 40 Minutten op den nächste Bus waarden fir nach eemol genau dat selwecht gezielt ze kréien! 🌧😠
Stëmmt et, dass verschidde Busser, déi fir den RGTR fueren, keng Leit mat Poussettë kënnen oder dierfe mathuelen?
D’Gentechnik ass ee ganz ëmstriddent Thema, dat ëmmer nees fir vill Polemik suergt. Fir déi eng eng Noutwennegkeet, fir déi aner eng Gefor fir Mensch, Gesondheet an Ëmwelt.
Den Inneministère huet am Kader vum Heescheverbuet de 24. Januar een Avis juridique an Optrag ginn, fir d’Rechtméissegkeet vu der Decisioun vum 11. Dezember ze préiwen. 🧐
Den Avis juridique ass vun der selweschter Etüd erstallt ginn, déi och d’Staat Lëtzebuerg an hirem Kampf fir d’Heescheverbuet viru Gericht sollt vertrieden. 🤔
E Véirel vun de Kanner hei am Land lieft ënnert der Aarmutsrisikogrenz an e Fënneftel lieft an enger Famill, déi Problemer huet, en adequate Wunnraum ze bezuelen! 😕
Allerdéngs stellen sech eis puer Froen. Wisou net direkt bis op de Bouillon ausbauen? Wéi ass et herno mam séieren Tram fir an de Süden? Gëtt eppes fir d'Geschäftsleit gemaach, déi vun de Chantiere betraff sinn?
De 16. Januar goung et an der Chamber ëm d'Petitioun, déi fuerdert, dass een Elterendeel Urecht op manner Aarbechtsstonnen huet an eng Hëllef vum Staat kréie soll, fir méi Zäit mat de Kanner verbréngen ze kënnen an an engems d'Maison-relaisen esou net iwwerfëllt wieren. 👨👩👧👦
Den 30. Januar gouf et an der Chamber eng heure d'actualité zu dem Zeréckgoen vun der lëtzebuergescher Sprooch. 🗣🇱🇺 D'Positioun vun de Piraten a meng ganz Ried kënnt dir iech hei ukucken: youtu.be/x19N63-K9jw
De Gesondheetsminister huet 2019 präziséiert, dass all d’Proximitéits-Sitten vum CHEM erhale bleiwen an dem Bierger eng net programméiert medezinesch Versuergung daagsiwwer ubidden.
Wat fir eng Pläng huet d’Regierung betreffend d’Urgencen op de Proximitéits-Sitten vum CHEM?
D’Firma Euro Parking Collection sicht sech scheinbar ëmmer nei Beamten an EU-Staaten, déi Accès zum Eucaris-System hunn, an déi hinnen dann Adress a Numm vun deene Leit iwwermëttelen, déi a London gefuer sinn, mee keng Geneemegung fir d’Low Emission Zones haten. 🚙💨🚫
D'Leit kréien da Protokoller an héischt vun Dausenden Euro heemgeschéckt. 💶
Euro Parking huet awer kee Recht, fir dës Donnéeën ze kréie säit dem Brexit‼️
”The Guardian can reveal Transport for London (TfL) has been accused by five EU countries of illegally obtaining the names and addresses of their citizens in order to issue the fines". Ass Lëtzebuerg hei drënner?
Wéi am Budgetsgesetz an och am Circulaire vun der Steierverwaltung festgehale ginn ass, konnten d’Leit bis den 31ten Dezember hir Steiererklärung fir d’Joer 2022 eraginn. 📷📷
Wéi geet d’Administratioun mat Erklärungen ëm, déi laut Poststempel virum 31.12 erageschéckt gi sinn, déi awer eréischt am Joer 2024 bei der Steierverwaltung ukoumen?
Schwammen ass eng Aktivitéit déi muss erléiert ginn, well et zu schlëmmen Accidenter am Waasser ka komme, wéi déi rezent Vergaangenheet et leider och oft genuch gewisen huet. 📷📷
Vill Etuden op europäeschem Niveau weisen dass besonnesch 2 Sujete beim Choix fir en Elektroauto eng kruzial Roll spillen: d’Reechwäit an d’Luedinfrastruktur. D’Prioritéit muss dobäi op der Luedinfrastruktur leien. 🚙🪫
Konkret denke mir hei un de Plug&Charge. Dat wat bei verschiddenen Operateure Standard ass an an aneren europäesche Länner schonns am Verglach méi verbreet ass, ass hei zu Lëtzebuerg nach éischter eng Raritéit. 😕
Gëtt et eng technesch Méiglechkeet déi bestoend ëffentlech Luedstatioune mat engem däraartegem System ze equipéieren oder brauch et komplett nei Statiounen? A wéi vill ëffentlech Luedstatioune bidden aktuell zu Lëtzebuerg eng Plug&Charge Optioun un?
Mir PIRATEN si géint aggressiivt oder organiséiert Heescherei, mee mir wëllen net, dass déi aarm Leit bestrooft ginn, déi alleng mat hirem Becher um Buedem setzen. Dës Leit bedränge keen an si brauchen d’Geld fir z’iwwerliewen. Et soll een d’Aarmut bekämpfen an net déi Aarm‼️
Mir brauchen am Kampf géint d‘Aarmut méi Initiativen an dat esouwuel national ewéi och um Gemengenniveau. Mir mussen d’Hëllef dohi bréngen, wou d’Leit sinn: dat heescht natierlech an d’Stied, mee eben och an de ländleche Raum.
Déi selwescht Etude klot fir d’Stad Lëtzebuerg a schreift duerno den Avis fir de Ministère firwat dee Recours richteg war. Méi e groussen Interessekonflikt kann een net hunn! 🤦
Ech erwarden datt den Associé vun där Etude sech dann elo am Staatsrot och enthält!
Hei déi wichtegst Punkten aus menger Ried vu gëschter zu der Lëtzebuerger Sprooch. 📷📷 Déi ganz Ried kënnt dir iech och einfach hei ukucken: www.chd.lu/fr/seance/2913?sequenceId=178520
De Premierminister vu Montenegro war haut an der Chamber fir ënner anerem iwwer d'Kandidatur vu Montenegro fir an d'EU ze schwätzen. 🇲🇪 Et war een intressanten Echange deen een Abléck ginn huet, wéi d'Balkanlänner déi momentan geopolitesch Situatioun aschätzen.
Den Interview mam @CorinneCahen haut um @100komma7 mam Zitat « Dat gleewen ech net » bekräftegt meng Ausso am @Wort_LU « Wie offen Minister und Abgeordnete Fakten leugnen, ist bedenklich »
Fir Alternativ Fakten wor bis elo en Ex-President zoustänneg…
De selwechten Effort, mee: - méi Virurteeler a Stereotyppen - manner Féierungspositiounen a Verbänn a Federatiounen - manner Sponsoring a manner Berichterstattung an de Medien
D’Sportswelt ass ëmmer nach gepräägt vu Geschlechtsënnerscheeder.
E Mëttwoch ass an de Rotondes um 19:00 eng table ronde zur Biergerbedeelegung. 👥 Ech wäert do deelhuelen an och zum Thema schwätzen vu dass et ee vun eise Kärthemen ass. ☝🏻
Gëschter ass virum Kaddish Monument um Boulevard Roosevelt un d'Affer vum Holocaust an un d'Liberatioun vum KZ zu Auschwitz-Birkenau de 27.01.1945 geduecht ginn. Eis zwee Deputéiert @svnee a @ben_polidori ware sur place fir eiser jiddescher Communautéit Ënnerstëtzung ze weisen.😌
Ville Passagéier, déi vill mam Zuch fueren, ass opgefall, dass an de leschte Wochen eng Rëtsch Zuchverbindunge wéinst “raisons opérationelles” ausgefall sinn. 😠🙄
"Le député pirate @svnee rappelle qu’il est nécessaire de présenter sa carte d’identité au service de la population pour figurer sur le registre de la population." 🪪
"Ech hunn op alle Fall d’Gefill, datt d’Police hei hänke gelooss gouf, hänke gelooss an enger Onkloerheet wou se net weess wéi se dat, wat hire Minister decidéiert huet, wéi en d’Kap vum Inneminister un hat, dann elo soll ëmsetzen."
Der Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL no, dierf entgéint vun den Erklärunge vum Här Minister keen Ënnerscheed tëscht aggressiven an net aggressiven Heescherten gemaach ginn. 🤷🏻♂️
Zumools wat d'Uewerstad ugeet, zielt d'Heeschverbued net just op verschidde Plazen, sou wéi an de Media beschriwwen, mee et ass déi komplett Uewerstad.
Op der Grafik kënnt dir rosa gezeechent déi Stroossen a Plaze gesinn, wou et verbueden ass.
Ab haut dierf d'Police géint ALL Heescherte virgoen. 😠 Amplaz dass d'Politik d'Ursaache fir d'Aarmut bekämpft, gëtt d'Police benotzt, fir d'visibel Aarmut aus der Ëffentlechkeet ze verdrängen.
Ginn et Iwwerleeunge säitens dem Ministère d’Steier-Avancë vun de betraffene Leit nei ze berechnen an hinnen nach am éischten Trimester 2024 eng passend Kommunikatioun ze schécken?
De ganzen Dezember iwwer konnten d'Kandidaten sech bewerben, e Méinden huet Parteileedung déi Kandidature behandelt fir en EU Team dem Kongress de 27. Januar vir ze schloen. Déi 3 aktuell Deputéiert wäerten net mat an d'EU Wale goen.
De Policeminister hat de leschte Mount d’Decisioun geholl, fir en Heescheverbuet, wat vun der Stad Lëtzebuerg per Gemengeregleemnt gestëmmt gouf, esou duerchgoen ze loossen.
D'Kritiken zu der Legalitéit an Ëmsetzbarkeet goufen hei einfach ignoréiert.🤷🏻♂️
Duerch d'Heeschereiverbuet gëtt de Leit op de Strooss d'Méiglechkeet geholl, fir Geld ze sammele fir Iessen, Drénken an een Daach iwwert dem Kapp fir d'Nuecht. 😕
Mir Pirate fuerderen dofir, dass een als Politiker seng Responsabilitéit hëlt an d'Wanteraktioun zu enger Ganzjoresaktioun mécht, fir dass d'Leit e Bett an eng waarm Moolzecht kréien.🛏🍲 Eis Motioun an der Chamber dozou gouf vun CSV an DP ofgeleent, d'Adr huet sech enthalen.❌🤷🏻♂️
Mee fir dass och an Zukunft d'Leit net musse méi Steiere bezuelen, just well eng Indextranche gefall ass, wëlle mir Piraten, dass all Joers eng Upassung vun de Stéiere kënnt, wann an deem Joer eng Indextranche gefall ass.
D'Pirate wënschen iech alles Guddes am neie Joer! 🙌🏻 Mir hoffen, dass dir e schéint Joer hat a vill flott Erënnerunge mat an 2024 huele kënnt. Bleift gesond a gudde Rutsch! 🥂💜
2021 hu mir nogefrot ob d’Ofmelle vun TVA’s Nummeren och soll online iwwert MyGuichet méiglech gemaach ginn. 🤷🏻♂️ Deemools krute mir gesot, dass dat am Laf vum Joer 2022 soll ëmgesat ginn. ⏳ Well nach ëmmer näischt geschitt war, hunn d’Piraten nogefrot:
D’Spriecherin vun de Piraten, RebeccaLau an de Spriecher vun den jonke Piraten, Mathis Godefroid sinn zu Bréissel bei de Kolleegen vun den YPE Young Pirates Europe. 🇧🇪
Um Ordre du jour steet ënner aanerem d’Stärkung vun de jonken europäesche Piraten, engem gemeinsame Programm an den Austausch vun nationale Strategien a Kampagnen. D’Jonk Piraten Lëtzebuerg freen sech op konstruktiv, pro europäesch Debatten an den nächsten Deeg. 👍🏻
Virun zwee Joer hate mir gefrot, ob d’Regierung wéilt op de Wee goen, fir d’Autobunne mat Solardiecher z’iwwerdecken. Deemools gouf erkläert: schwiereg, wéinst der Sécherheet an zimmlech opwenneg. An elo? piraten.lu/nofro-zu-de-solardiecher-iwwert-den-autobunnen/
Wann een haut vun engem Steierkredit ka profitéieren, da muss dat an Zukunft net esou bléiwen. Ob een dat Geld op senger Paie oder Pensioun gutt geschriwwe kritt, hänkt dovun of, ob d'Akommes niddreg genuch ass.
Mee d'Seuile bis wou ee Steierkreditter kritt goufen nëmmen deelweis ugepasst. Fir ze evitéieren, dass een haut vun engem Steierkredit ka profitéieren, bei der nächster Indextranche déi Hëllef awer verléiert, wëlle mir Piraten dass d'Seuilen un den Index ugepasst ginn.
Eis Fuerderung ass awer vun der Regierung CSV-DP ofgeleent ginn. 👎🏻 D'Thema soll awer an enger Kommissiounssëtzung an der Chamber ugeschwat ginn. Mir Pirate bléiwen dohannert well mir sinn der Meenung, dass esou eng Indexéierung nëmme fair ass.
Haut gouf an der Chamber d'Gesetz ugeholl, wat den Däitsche Frontaliere 34 Deeg Télétravail erméiglecht. ✅ Mir Piraten hunn et matgestëmmt, soen awer kloer dass een do net dierf ophalen an, dass de Leit déi keen Télétravail maachen och muss gehollef ginn. piraten.lu/steieraccorden-mat-eise-nopeschlanner-astreinte/
Mir fannen et net richteg, dass 10 Minutten Aarbecht een ee ganzen Dag Télétravail kënne kaschten an hunn dofir gefuerdert, dass d'Regierung hei weider verhandelt. ☝🏻
Verschidden Telekomsentreprisë bidden hire Clienten eng Sperrfunktioun un, déi dofir suergt, dass ee net méi Uriff maache kann oder weider Internet ka verbrauchen, wéi am Kontrakt virgesinn sinn. ❌
Wéi gëtt sech um Lux-Airport op dës nei grouss Kapazitéit u Passagéier preparéiert? A wéi vill Taxen a Recettë soll de Lëtzebuerger Staat duerch dës Direktvollen tëscht Lëtzebuerg a China erakréien?
At the 23rd annual transatlantic parliamentary forum of @natopa. It is important to engage and discuss with our allies. Easy when we agree but even more worthwhile and important on the issues we still have to find a common answer to!
Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken ass de Motto vum Koalitiounsaccord. Dat geet fir d’Piraten zum engem ganz groussen Deel och iwwert den Enseignement. 📚🖋
D'Pirate wënschen alle Famillen a virun allem de Kanner e schéine Kleeserchersdag! 🎅🏼 An dass jiddereen nach e weidert Joer esou brav bleift, dass en sech e Kaddo verdéngt. 👀
Déi nei Regierung ass ugetrueden, fir dass de Klimaschutz net méi soll "nerven" mee Spaass maachen. Den neien Minister fir Ëmwelt huet dann dës Woch an der Chamberskommissioun de Programm fir eng ënnerhalsam CSV-DP Klimapolitik virgestallt.
Gëschter war Aussepolitikskomissioun, wou als éischt mol iwwer de neie Koalitiounsaccord diskutéiert ginn ass. 📄🤝 Ausserdeem war de Punkt ugeschwat ginn, dass een d'Wichtegkeet vu Lëtzebuerg als europäesch Haaptstad ënnersträicht. 🇪🇺
Well et sech beim Coordinateur de cycle ëm e Poste à responsabilité particulier handelt, kréie betraffe Persounen e Supplement, eng sougenannte Prime de responsabilité. 💶 Do dernieft ginn hinnen dës Posten dann och mat Punkten am Echelon ugerechent.
D’Europäesch Kommissioun huet am Dezember 2021 en Aktiounsplang adoptéiert, deen d’Promotioun vun Zuchtrajeten iwwer laang Distanzen an domat eng méi nohalteg Mobilitéit virgesäit. 🚄
Verschidde Projete gi staark promouvéiert an ënnerstëtzt, dorënner Verbindunge queesch duerch Europa, vu Schweden iwwer Däitschland, Frankräich an zum Beispill och Spuenien an Italien.
Lëtzebuerg spillt an eisen Aen duerch seng zentral geographesch Positioun an Europa awer eng zentral Roll an der Promotioun vu laangen Trajeten a vum intra-europäeschen Zuchreseau.
Ginn et Iwwerleeungen dës Pläng onofhängeg vun dem Choix op europäeschem Niveau awer ëmzesetzen?
Israel hat dëst Joer kee Stand um Bazar international, well si keng Äntwert vun der Police op hir Fro kritt hunn, ob dëst Joer Policepräsenz kéint garantéiert ginn. 🤷🏻♂️👮🏻♂️
De Familljeminister sot, verschidde Persounen, déi aktuell am Foyer Don Bosco ënnerbruecht sinn, hätten Alternative gebuede kritt, déi si awer ofgeleent hunn. 👎🏻
Congé parental refuséiert! Goufen zënter 2020 Demandë fir Congé parentale refuséiert, well op der Demande kee Stempel vum Patron war? Wat sinn d'Grënn, dass d’Zukunftskeess nach ëmmer ee Stempel freet? piraten.lu/stempel-op-der-demande-fir-de-conge-parentale/
Vum 28. bis den 30. Juni 2024 gëtt vun der Philharmonie déi zweet Editioun vum Fräiraum Festival organiséiert. E Fest mat Acteuren aus Lëtzebuerg souwéi och aus der Groussregioun. 🎤🇱🇺 Mee d’Kënschtler:innen erhale keng Remuneratioun fir hir Aarbecht. 💶🚫 piraten.lu/frairaim-festival-2024/
“La structure culturelle valorise le travail de ses agent/es et des artistes qu’elle engage. Elle assure la reconnaissance du travail réalisé par ses agent/es et l’artiste en leur allouant une rémunération juste et équitable.”
Déi läscht Deeg hunn ech als Deel vun enger parlamentarescher Delegatioun aus 14 Länner bei der UN zu New York verbruecht wou et am Kader vun der #nuclearbanweek dorëms geet Atomwaffen ofzeschaafen. Leider ënnerstëtzt de Staat Lëtzebuerg dëst nach net, obwuel EU-Staaten wéi Éisträich, Irland a Malta Deel vum #tpnw Traité sinn an d’Belsch an Däitschland als Beobachter hei waren. Ech ginn d’Hoffnung net op datt Lëtzebuerg sech an Zukunft och verstäerkt géint Atomwaffen a fir eng sécher Zukunft fir eis alleguerten asetze wäert!
🇬🇧 I spent the last few days as part of a parliamentarian delegation fom 14 countries at the UN in New York, where we debated about abolishing nuclear weapons as part of the #nuclearbanweek. Unfortunately, the state of Luxembourg does not yet support this, although EU states such as Austria, Ireland and Malta are part of the #tpnw treaty and Belgium and Germany were here as observers. I will not give up hope that Luxembourg will strengthen its position against nuclear weapons in the future and will support actions for a safe future for all of us!
An enger Sëtzung vun der Commission des Finances ass eisem Representant op Nofro confirméiert ginn, dass déi temporär Baisse vun der TVA zum 1. Januar 2024 opgehuewen an den Taux erëm op 17% ugehuewe gëtt. 📈
D’Gestioun vun ëffentleche Gelder an den domat zesummenhänkende Vott vum Budget gehéiert zu de fundamentalen Aufgabe vun engem Gemengerot zu Lëtzebuerg. 💶☝🏻
Ouni e gewëssen Know-How an Zousatzprogrammer, ass aneren et net méiglech, fir d’Dokument no hirem Besoin ze traitéieren. Ee Member vum Gemengerot muss d’Zuelen traitéieren, analyséieren, vergläichen oder an enger anerer Form betruechten. Dëst ass am PDF-Format esou net méiglech.
Et fällt ëmmer erëm op, dass verschidden Autoen oder Motoen opfälleg haart ënnerwee sinn an immens vill Kaméidi produzéieren, wat fir d’Awunner zimmlech lästeg ka sinn.
Dëst ass ëmsou méi nerveg, wann de Kaméidi express gemaach gëtt, zum Beispill, wann Persounen hir Autoen selwer optunen oder Ännerungen um Gefier virhuelen, fir dass se extra haart ënnerwee sinn. Vill Kaméidi mécht krank: wéi gëtt also hei kontrolléiert?
Wat wäert gemaach ginn, fir d’Mataarbechter z’ënnerstëtzen, déi duerch d’Opléisung elo musse fäerten ouni Job an deelweis och ouni Chômage do ze stoen?
Wat wäert gemaach ginn, fir d’Mataarbechter z’ënnerstëtzen, déi duerch d’Opléisung elo musse fäerten ouni Job an deelweis och ouni Chômage do ze stoen?
Dës Persoune kënnen da net méi zréck bei de Staat schaffe kommen, wann se erëm gesond sinn. D’Regierung kënnegt an hirem Accord fir 2023-2028 un, dëst Gesetz reforméieren ze wëllen.
Gëschter waren d' Piraten Lëtzebuerg mat bei der Marche de solidarité fir d'Orange Week dobäi. 🧡💜Mir wollten eise Support ausdrécke fir de Kampf géint Gewalt géint Fraen a Meedercher. 👧👩
Als Pirat:innen setze mir eis fir ee bessere legale Kader (Stéchwuert Femizide) an och zum Beispill fir eng Opstockung vu Plazen a Fraenhaiser an. Mir soen Nee zur Gewalt. #letzsaynotoviolenceagainstwomen
Verschidde Länner, wéi Malta oder och d'Belsch, hu präzis, streng an attraktiv Gesetzer, fir d’Glécksspill-Industrie unzezéien. Online Glécksspiller a Wette sinn ee milliardeschwéiere Maart, vun dem Lëtzebuerg kéint zousätzlech Steierrecetten kréien. piraten.lu/glecksspill3/
D’Piraten weisen sech besuergt a schockéiert iwwert déi rezent Iwwerfäll an hunn dofir an der Chamber eng Kommissiounssitzung ugefrot, fir iwwert Léisunge géint d’Gewalt am ëffentlechen Transport ze diskutéieren, ob am Bus, am Zuch oder op de Garen. piraten.lu/stoppt-dgewalt-am-effentlechen-transport/
Dem Ben Polidori seng 1 Chambersried zu Digitalisatioun a Medien: "Insgesamt bleift bei der Digitaliséierung also nach genuch Aarbecht fir déi nei Regierung an d’Fro bléift, ob déi am Accord genannten Digitaliséierungs-Projeten tatsächlech ëmgesat a finanzéiert wäerte kënne ginn"
Fir eis Pirate steet fest: Eng flächendeckend Iwwerwaachung vun der privater digitaler Kommunikatioun 🔎 an den Aktivitéiten am Netz ass keng Sécherheetsmesure, mee en Ugrëff op d’Grondrecht vun der Privatsphär. 🧑💻 #koalitiounsaccord
#koalitiounsaccord Dat hei ass net d'Politik déi d'Land an d'Bierger weiderbréngt mee eng déi d'Land wäert vulnerabel fir Krisen an der Zukunft loossen an den Happy few méi bréngt wéi all den aneren. Vun eis 🏴☠️ eng Insatisfaisant👎
@svnee Eppes ass deemno haut kloer: déi Party vun engem grousse Promoteur huet sech gelouhnt, well deem säin sein Invest ass haut schon am Koalitiounsaccord ofgeséchert. 😉💸💸
#koalitiounsaccord " Le Gouvernement procédera à une analyse approfondie de effets possibles du changement climatique sur notre société dans tous les domaines." Iwwert dee Punkt misste mir schonn Joerzengten eraus sinn! Mir sinn beim 6ten IPCC Report! 🔥🌳🕚
Mir brauchen keng weider Analysen beim Klimawandel, mir brauchen Aktiounen!🫴🌎 An mat Aktioune menge mir keng Perimetererweiderungen op Käschte vun der Emwëlt.😉
Vielleicht plangt dir, haut e besonnesche Moment an der Famill ze verbréngen, wëllt en Don un eng Hëllefsorganisatioun fir Kanner maachen oder denkt esouguer doriwwer no, zur Fleegefamill fir e Kand an Nout ze ginn?
Wärend der Covid-19-Pandemie goufen d’Gemengen obligéiert, fir d’Gemengerotssëtzungen kënnen per Videokonferenz ofgehale ginn. All Gemeng hei am Land misst also dat néidegt Ekipement hunn, fir eng Participatioun iwwert Visio kënnen ze garantéieren.piraten.lu/keng-participatioun-per-visio-mei-a-gemengereit
Ab dem 21ten Dezember kann ee vum Findle aus direkt a China op Guangzhou a Zhengzhou fléien. Et handelt sech ëm deen éischten Direktvol tëschent Lëtzebuerg a China. piraten.lu/luxchn/
Wéi reporter.lu festgehalen huet, stellen sech Froen zur Verdeelung vun dem Budget fir d’„Promotion de l’image du Luxembourg“. Wéi eng Ministèren hunn am Moment Budgetsposten déi der “Promotion de l’image du Luxembourg” sollen ze gutt kommen? piraten.lu/nation-branding-vu-wiem-an-u-wien/
An den USA koum et zu enger Affär géint eng Firma, déi soll Software verkaaft hunn, mat där ee konnt via Algorithmus gewuer ginn, wéi vill Loyer ee fir seng Wunneng ka froen. Doduerch koum et anscheinend zu Präisofsproochen. Wéi ass Lëtzebuerg opgestallt? piraten.lu/wunnengspraisser-algorithmus
Heiansdo ass et esou, dass eng Affär, trotz dass se um Geriicht jugéiert gouf, fir d’Affer trotzdeem nach net fäerdeg ass an dass d’Beschlëss vum Riichter, doduerch, dass perséinlech Donnéeën enthale sinn, d’Affer a weider Problemer brénge kënnen. piraten.lu/dateschutz-geriichtsbeschless/
Lëtzebuerg affichéiert am europäesche Vergläich wat de Leerstand vu Bürosflächen ugeet, mat déi schlechtsten Zuelen. Hei ass et an der Vergaangenheet och dozou komm dass initial Wunnfläch nei affektéiert gi gouf. piraten.lu/burosflachen-nei-affektatiounen/
Am September hat de Minister ugekënnegt, dass d’Software fir de Paiement immédiat direct prett fir d’Installatioun wier. kommen. Bei wéi ville Generalisten ass de Programm bis elo installéiert ginn? piraten.lu/payement-immediat-direct-bei-der-cns/
Wéi all Joers gëtt och dëst Joer bei der Steierverwaltung op déi lescht Steiererklärungen gewaard. ⏳ Mengen Informatioune no, sinn Stand Mëtt Oktober awer manner Steiererklärungen bis elo erakomm wéi déi Joere virdrun. 📉
Wéi vill Prozent vun de Steiererklärung denkt d’Steierverwaltung, dass am Moment nach feele fir d’Joer 2022? A wéini wäert dëst Joer ee Rappell erausgoen?
Transparenz muss vun der neier Koalitioun groussgeschriwwe ginn!
Grad wann ee vun Zuele gewuer gett déi d’Chamber bis elo virenthale krut da muss een Transparenz froen, well et ass un der Chamber der neier Regierung vun Ufank un op d’Fanger kucken!
D’UNRWA freet dréngend 104 Milliounen US Dollar fir hir humanitär Aarbecht am Gaza Sträif. Déi Fongen gi gebraucht fir op déi direkt Liewensmëttel-, Gesondheets-, Ënnerdaachs- a Schutzbedürfnisser vu bis zu 250.000 Persounen ze reagéieren. 🇺🇳
Dës Kameraen ginn duerch Bewegungen ausgeléist a sou kann et virkommen, dass Naturfrënn, Spadséiergänger:innen, Jogger:innen oder och Aarbechter:innen vun der Forstverwaltung vun sou Kamerae gefilmt ginn, ouni dat se sech därs iwwerhaapt bewosst sinn. 📹
Wat fir eng Méiglechkeeten hu Persounen, déi feststellen, dat se vun sou enger Kamera gefilmt goufen, fir de Propriétaire vun der Kamera ze identifizéieren an ze verlaangen, dat hier Biller geläscht ginn?
D’CNS huet am Joer 2022 ronn 1’037’000 Krankeschäiner traitéiert. Dat ass ee Plus vun 30% par Rapport zu 2021. 📈 Dës Zuel setzt sech aus den Accidents de travail, de Krankeschäiner wéinst Krankheet an de Krankeschäiner wéinst Covid-19 zesummen. 🤕🤒
Wéi laang war den Duerchschnëttskrankeschäin an de leschte 6 Joer, opgelëscht pro Joer? (Eng Kéier jeeweils op Maladie, Maladie Covid-19 an Accident de travail opgedeelt an eng Kéier zesumme gezielt)?
Fir dierfen am Gemengesecteur ze schaffen, muss een als éischt d’Epréuve d’aptitude générale paken an duerno den Examen d’admissibilité. Fir dës Sessioun waren d’Examen d’admissibilité fir am Grupp B1, C1 an D1 awer virun deene fir d’Epréuve générale. piraten.lu/examen-fir-bei-der-gemeng-ze-schaffen/
Wat bedeit, dass dës Leit nëmmen den 1ten Exame kënne maachen, an dann een halleft Joer musse waarden fir den 2ten Deel. 🤔 Dës kascht net nëmmen d’Leit Zäit, mee suergt och dofir, dass d’Gemenge Posten eréischt méi spéit kënne mat dëse Kandidate besetzen. ⏳
Esou geet Matbestëmmung a Biergerbedeelegung net! Mir fuerderen déi nächst Regierung op de Leit hir Aarbecht unzëerkennen déi se an esou Petitioune stiechen an hinnen an engem raisonnabelen Delai eng Äntwert ze ginn.
Mir Piraten hunn am Dezember 2022 de Parrainage vu 4 iranesche Studenten iwwerholl déi wéinst de Protester ouni fair Geriichtsverhandlungen a Prisongen agespaart gi sinn.
Mir ënnerstëtzen den Ali a sengem Streik mir fuerdere weiderhin, dass hien an all d'Leit déi wéinst de Manifestatiounen agespaart gi sinn, fräi gelooss ginn.
De Piratendeputéierten @gomarc777 an de Südkandidat Yann Retter hunn d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat hinnen iwwert d’Zukunft mat TICE ze schwätzen. 🚎
- Déi nächst Konventioun fir den TICE muss séier kommen, fir de Finanzement fir 2025 ofzesécheren
- de Statut vum Fonctionnaire beim TICE muss erhale bleiwen an d’Leit déi de Staatsexame beim TICE packe mussen an dës Karriär gehuewe ginn esou wéi et an hire Verträg virgesinn ass
D’Pirate stinn hannert dem TICE! 💪🏻 Mir brauchen ee staarken ëffentlechen Transport ënnert gudden Aarbechtskonditiounen am Süden an den TICE ass de Garant dofir.
D'Petitiounskommissiounspresidentin Nancy K.-A. an de Chamberspresident hunn d'lescht Woch de Bilan vun de Petitioune gemaach an ugedeit, dass de Seuil fir dierfe mat senger Petitioun an d'Chamber ze kommen, soll vun haut 4500 Ënnerschrëften erop gesat ginn.📈 Net mat de Piraten!
Mir fuerderen an eisem Walprogramm een Erofsetzen op 3000 Ënnerschrëften fir dass méi Petitiounen d'Chance op en Debat an der Chamber hunn. ☝🏻 Mir wëllen, dass d'Bierger et méi einfach gemaach kréie fir matzeschwätzen, an net méi schwéier!
Huet de Minister de genannte Gemengen hir Reglementer acceptéiert?
Falls net, kënnen d’Gemenge via Policereglement Decisioune par Rapport zu Staatsstroossen huelen ouni den Accord vum Ministère fir ëffentlech Aarbechten?
An engem Lëtzebuerger Wort Artikel a laut Recherche vum Quotidien gëtt et an dem Kommissariat op der Gare ee Verdéngschtsystem no deem jonk Polizist:innen sech fir d’éischt emol beweise mussen, ier se respektéiert ginn. 🤨🤔
Mir hunn d'Regierung an de Staatsapparat kritesch hannerliicht a fir méi Transparenz a Matbestëmmung an der lëtzebuergescher Politik gesuergt. Mir sinn dofir souguer géint de Premierminister bis viru Geriicht gaangen a kruten hei och Recht.
Mir hu konkret Léisungen an der Chamber proposéiert: -Ausbau Solarenergie duerch nei Finanzéierungsmodeller, -Verbuet abusiv Aarbechtskontrakter, -Streng Reegele géint Spekulatioun um Wunnmarché a bei Loyeren, -Transparenz duerch ee Lobbyregister -Aféierung vun engem Biergerrot.
D'ADEM huet en Aktiounsplang fir déi Leit déi vun enger intensiver Begleedung profitéieren, dee reegelméisseg à jour gesat gëtt, fir d’Hindernisser déi eng professionell Aglidderung verhënneren, opzehiewen. ✍🏻👍🏻
Wéi gesäit esou ee Suivi personnalisé fir Leit mat enger Behënnerung aus, déi op der Adem ageschriwwe sinn? Wat ass den Oflaf? Wéi gëtt dësen dokumentéiert?
Mir Piraten sinn net géint d’privat Initiative, mee mir sinn dogéint, dass grouss Promoteuren an Immos-Agencen sech als Affer duerstellen, wärend si Milliounen u Profitter asäckelen.
Mir invitéieren eis Memberen häerzlech op de Landeskongress fir d’Chamberswalen 2023, deen Donneschdes, den 31ten August a gudder Piraten-Manéier op engem Schëff op der Musel stattfanne wäert 🛳⚓️
An hirem Programm vun 2018 huet sech d’Regierung verflicht bis 2025 minimum 20% vun de landwirtschaftlechen Uewerfläch fir biologesch Landwirtschaft ze benotzen. 🌾
Obwuel Päerdsfleech sech hautdesdaags manner Beléiftheet erfreet, ass et a villen traditionellen Kichen nach ee Bestanddeel vum Menü, sief et als Biftek, a Form vu Wurscht, Roulade oder Sauerbraten. 🥩🐴
Lëtzebuergesch Veräiner, déi Member vun enger Federatioun sinn an bei Sportskompetitioune matmaache, kënnen iwwert de Subside de Qualité+ bis zu 150€ fir all Kand am Veräin kréien. 💶
Eisen Informatiounen no sinn d’Verbänn dëst Joer méi spéit wéi soss, eréischt Ufank Juni, un de Subside Qualité+ erënnert ginn. 2020 war d’Circulaire den 15ten Abrëll erausgaangen. ⏳
Firwat ass d’Informatioun dës Joer méi spéit eraus gaangen?
Säit dem 11ten Juli ass dat neit Dateschutzofkommes tëscht der EU an den USA a Kraaft. 💻🔒
Ass Lëtzebuerg der Meenung, dass ënnert dem neien Ofkommes den Austausch an d’Späicherung op US-Serveren den europäeschen Dateschutzstandarden entsprécht?
Op eng rezent Fro vun de Pirate mussen den Aarbechtsminister an de Familljeminister zouginn, dass nach ëmmer keng Persoun mat Handicap vun der Assistance à l'inclusioun profitéiert huet.
Dat dierf net sinn! Mir Pirate sëtzen eis fir eng administrativ Vereinfachung an, duerch ee Guichet unique esouwuel digital wéi och analog, wou d'Leit direkt gehollef kréien a wou den administrativen Opwand op ee Minimum reduzéiert gëtt.
D’Regierung schwätzt oft driwwer, wéi de Budget fir abordabele Wunnraum ëmmer erëm no uewen ugepasst gëtt. D’ëffentlech Bauträger ginn der Demande no abordabele Wunnraum awer net gerecht an esou stinn dausende Leit zënter Joren op de Waardelëschten.⏳🥵
Egal ob bei der SNHBM, dem Fonds du Logement (FDL) oder aneren Organisatiounen.
Ma wéivill Sozialwunnengen, abordabel subventionéiert Wunnengen an abordabel net-subventionéiert Wunnengen sinnan de leschten 10 Joer iwwerhaapt gebaut ginn?
If you live in Luxembourg but won't be in the country to take part in the elections, or you live abroad but want to cast your vote, you can do so by applying for postal voting. 📨
Applications for postal voting can be sent to your commune and are open since July 17th.
Se vive no Luxemburgo e não vai estar no país para participar nas eleições, ou se vive no estrangeiro e deseja votar, pode fazê-lo através do voto por correspondência. 📨
Mat all Indextranche kritt een 2,5% um Bruttoloun bäi. Netto bleiwen awer keng 2,5% iwwreg, well een mat méi Bruttoloun och méi Steieren muss bezuelen. All Index kascht ee Mindestlounempfänger ronn 10€ pro Mount vu senger Kafkraaft. 📉😕
Ëmmerhin huet ee soss iergendwann méi wéi de Kafkraaftverloscht ausgeglach an deenen déi scho méi verdéngen och nach e Bonus ginn. An dat ass eiser Meenung no net de Sënn vun enger Indextranche.
Si vous habitez au Luxembourg et ne serez pas dans le pays pour participer aux élections ou si vous résidez à l’étranger et souhaitez exprimer votre vote, alors vous pouvez le faire via vote par correspondance. 📨
Den TICE ass eng vun den Haaptschlagoderen an de Südgemengen a suergt dobäi fir fair Aarbechtskonditiounen, déi senge Mataarbechter ee wierdegt Liewen zu Lëtzebuerg erméiglechen. ☝🏻
Den TICE misst an eisen Aen nach éischter ausgebaut, wéi zeréckgeschrauft ginn.
Wann dir zu Lëtzebuerg wunnt, mee den 8. Oktober, wa Wale sinn, net am Land sidd oder am Ausland wunnt an awer wiele wëllt, kënnt dir dat per Bréifwal maachen. 📨
Dës kann ee säit dem 17. Juli bei der Gemeng ufroen. ☝🏻
Wann dir am Ausland wunnt, kënnt dir d'Bréifwal entweder bei der Gemeng wou dir als lescht gewunnt hutt, bei der Gemeng wou dir gebuer sidd oder bei der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg ufroen.
Den neie Stil vum Spëtzekandidat @Samuel_Baum_ vun @dei_lenk ass wuel op jonk Fraen a Gemengeréit klappen déi immens nervös sinn. Dat muss dee moderne Feminismus sinn 🤦♂️
Haut ass eise Kongress vum Zentrum zu Colmar-Bierg. Iwwer déi nächst zwou Woche sinn och all eis aner Bezierkskongresser, wou mir dann déi jeeweileg Lëschte virstelle wäerten. 🏴☠️
De Staat wäert d'Hallschent vun de Käschte vum zukünftege Firmesëtz vun Arcelor Mittal, dem K22 um Kierchbierg, iwwerhuelen. www.rtl.lu/news/national/a/2082628.html
Wat kënnen d’Leit maachen, déi schonn e puer Kinésrechnungen agereecht hunn an nach kee Remboursement kritt hunn, fir d’Geld méi séier erëm ze kréien, wëssend dass verschidde Leit hei op e puer Dausend Euro Remboursement waarden?
D’Protestaktiounen a Frankräich sinn alles anecht wéi friddlech ofgelaf. 🇫🇷 Et ginn aktuell queesch iwwert de franséischen Territoire Onrouen, déi a Saachbeschiedegung, Pyromanie, Déifställ a Verletzungen ausgaange sinn. 🙁 @gomarc777
L’essentiel beriicht, dass zu Mont-Saint-Martin, e puer Meter vun der franséich-lëtzebuergescher Grenz an net wäit wech vun den Tankstellen, Gebaier a Brand gesat goufen, dorënner eng Schoul an ee Centre Médical. 🔥
Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro iwwert den obligatoresche Sécherheetsofstand vu mindestens 1,5m beim Iwwerhuele vun engem Vëlo gestallt. Wann och iech eppes um 💜 läit, da stellt eis är Fro op www.fro.lu
Dëst Joer hu mir e kléngen "behind the scenes" gedréint, fir iech en Abléck an den Alldag vun de Piraten an hire Mataarbechter ze ginn. 💪🏻💜 Ausserdeem hu mir d'Fro gekläert: Wat heescht et eigentlech fir dech, Pirat ze sinn?
Den Educatiounsministère huet awer an der Vergaangenheet 3 Formatioune fir insgesamt ronn 5.000€ finanzéiert, déi absolut net op wëssenschaftleche Fakte baséieren, am Géigendeel. 🤔
Fir eis Piraten kann et net sinn, dass de lëtzebuergesche Staat mat Steiergelder esou onseriéis Formatioune finanzéiert. Mir fuerderen de Ministère op, an Zukunft d'Inhalter vun de Formatiounen an d'Krittäre fir d'Zouloossung méi streng ze kontrolléieren.
Et gi Leit, deenen hiren Revenu net niddreg genuch ass, fir kënnen vun der Gestion locative ze profitéieren, déi sech awer och mat Hëllefen wéi dem Bëllegen Akt keen Doheem kënnen kaafen an kee Prêt vun enger Bank kréien. 🏡🚫🙁
Wat mécht d’Regierung fir déi Leit, déi net vun der Gestion locative kënnen profitéieren, deenen awer gläichzäiteg de Revenu feelt, fir sech eppes selwer ze kaafen?
Weltwäit ginn ëmmer nach Mënschen wéinst hirer sexueller Orientéierung oder hirer Identifizéierung mat engem bestëmmte Geschlecht ausgegrenzt, verfollegt, agespaart oder souguer ëmbruecht(...)
Sidd stolz drop, esou ze sinn, wéi dir sidd! ❤️🧡💛💚💙💜
(...) Um haitegen Dag, denke mir un all déi Mënschen, déi weltwäit ëmmer nach an Ënnerdréckung liewe mussen, wëllen eis bewosst ginn, wéi vill mir zu Lëtzebuerg schonn areecht hunn, a wat mir nach alles areeche mussen(...)
All Woch ginn am Iran mindestens 10 Mënschen duerch de Regimm higeriicht. Mir Pirate soen nach eng Kéier: Mir stinn op der Säit vun den Demonstranten am Iran. 🇮🇷💪🏻
Mir fuerderen d'Fräiloossung vun allen Manifestanten an een direkte Stopp vun de Scheinprozesser an Hiriichtungen. Dorënner och 4 jonk Iraner déi eis Deputéiert @svnee a @gomarc777 duerch eng Patenschaft ënnerstëtzen. Déi 4 Jonge setzen nach ëmmer am Prisong.
Mir Pirate maachen dofir nach eng Kéier en Appell un den Iranesche Regimm, fir hir grujeleg Doten endlech ze stoppen an der Demokratie am Land Plaz ze maachen.
Reminder 👀 All Demande fir eng Bréifwal fir d'Gemengewalen 2023 muss bis spéitstens den 17. Mee ugefrot ginn. Dir hutt elo also nach 3 Deeg Zäit dofir.
Eng accessibel Gare bréngt net vill, wann d’Zuchwaggonen net och accessibel sinn. 🤷🏻♂️ Hei huet een d’Méiglechkeet sech am Viraus beim CFL unzemellen, fir gehollef ze kréien. Et ass awer net kloer, ob Hëllef ëmmer méiglech ass.
Haut ass #europeday . 🇪🇺 Een Dag op dem et ëm d'Roll vun Europa an eisem Alldag an eiser Gesellschaft geet. Fir eis Piraten ass dëst een Dag fir d'Villfältegkeet an der EU ze feieren an awer gläichzäiteg op Mëssstänn opmierksam ze maachen.
Bei de leschte Wale goufen an verschiddene Walbüroe Bläistëfter amplaz Bicken an d’Walkabinne geluecht. ✏️De Risiko bei de Walziedelen, déi per Bläistëfter ausgefëllt ginn ass, dass d’Votten herno verännert oder ewech radéiert kéinte ginn.
Wéi een am Reporter.lu-Artikel “Family business im Bildungsministerium” konnt liesen, gouf et nawell eng Réi Ongereimtheete bei der Entwécklung vun der “E-Bichelchen” App. Esou steet de Verdacht vu Vetternwirtschaft am Raum. 🤔
Am Artikel gëtt den Entwéckler vun der App, de Loris Wilwert un, dass d’ “Konzeptauserbeitung der Web-App bereits im Vorfeld von einer anderen Firma durchgeführt [wurde]”. Wéi eng aner Firma war dëst?
A wéi vill huet d’Entwécklung vum e-Bichelchen am Endeffekt kascht?
Den Dépôt vun de Kandidatelëschte fir d’Gemengewale steet virun der Dier. Net all Gemeng schéngt awer prett ze sinn, de Leit Informatiounen dozou ze ginn.
De Pensiounsfong investéiert d'Pensiounsreserve vun all de Contribuabelen. Dës ginn a ganz vill verschidde Finanzproduiten investéiert. Dorënner och Wunnraum zu Lëtzebuerg. 🏡
Eng Léisung fir direkt 2 Problemer déi mir hei am Land hunn. Dofir hu mir an der Chamber virgeschloen den Undeel deen de Pensiounsfong an den nationale Wunnengsmarché investéiert, z’erhéijen a komplett ze notzen.
D'Piraten hunn dofir gekämpft, dass d'Kandidaten déi wëlle Lëschten op de Gemenge fir d'Gemengewalen deposéieren, dëst och als Wieler mat dierfen ënnerschreiwen. ✍🏻
Et brauch ee 50 Ënnerschrëfte vu Wieler oder 1 Ënnerschrëft vun engem Conseiller. Fir eis Piraten ass kloer, dass ee Kandidat och ee Wieler ass. Dofir hunn eis Deputéiert an 2 urgente parlamentaresche Froen nogehaakt a Recht krut! ✅
D'Zil muss och kloer sinn, dass den ëffentlechen Transport manner Retarden huet an dass d'Mobilitéitsapp besser funktionéiert. Et kann net sinn, dass d'App Busser uwéisst, déi ni oder vill méi spéit eréischt kommen.
D’Piraten hunn haut op enger Pressekonferenz Kriticken um leschten Tripartitesaccord ervirbruecht a selwer gerecht Léisunge fir haut a muer virgestallt, fir d’Steiergelder besser a méi gerecht un d’Leit am Land ze verdeelen.
Am Kader vun der Gestioun vun de Foyere schaffen och Gardiene fir den ONA. An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Wéi vill Gardien ginn bei engem Site vum ONA agesat? Wat sinn d’Aufgabe vun de Gardiene bei de Foyeren? ➡️ piraten.lu/gardiene-vun-der-ona/@svnee
No de Revelatioune ronderëm eng Rei Dokteren, déi am Ausland verurteelt waren an d’autorisation d’exercer verluer haten, ass bekannt ginn, datt dës Dokteren zum Deel weider zu Lëtzebuerg hire Beruff ausübe géifen. 🤷🏻♂️
Wärend der Ausbildung mussen d’Leit nees d’Schoulbänk drécken a gi gläichzäiteg zum Deel schaffen. Fir dës Aarbecht ginn si awer just wéi Schüler bezuelt.
Eis gouf zougedroen, dass et bei der CNS virkënnt, dass si Persoune fälschlecherweis Leeschtungen zoukomme loossen, op déi dës aus verschiddene Grënn keen Usproch hunn.
Wa si hire Feeler bemierken, fuerderen si dann innerhalb vun e puer Deeg déi komplett Beträg zréck, soss sträichen si de betraffene Persoune Leeschtungen, zum Beispill beim Remboursement vu Rechnungen, oder bis zu 50% vum Kannergeld. 😰
An de Medie gouf bericht, dass de 27te Februar 2023 op der N10 bei der Bollenduerfer Bréck en Aascht vun engem Bam op en Auto op der Strooss an e Kand, wat do ze Fouss ënnerwee war, gefall ass. 🌳😔
Dëst mam Verweis op den "Arrêt Clement", an deem 2021 festgehale ginn ass, dass déi Deputéiert Accès zu all de Kontrakter hunn, déi d’Regierung ënnerschriwwen huet."
"Nom aktuelle Stand kéint een dovunner ausgoen, datt d'Base légale fir de Kontrakt fir d'Impfstoffer kéint feelen. An deem Fall hätt een och déi Millioune vun den zerstéierte Vaccine kënne spueren."
All Bierger kann iwwert d’Mobilitéitszentral Informatiounen zum ëffentlechen Transport, der Mobilité douce an dem Wee mam Auto fannen. Iwwert 24 65 24 65 kënnen d’Leit dann och Nofroe stellen a reklaméiere, wann mol eng Kéier eppes net klappt. @gomarc777
Eng medezinesch Kontroll an engem Centre médico-spotif ass eng noutwenneg Viraussetzung fir zu Lëtzebuerg eng Lizenz fir de kompetitive Sport ze kréien.
De Sportsdokter hëlt d’Decisioun, op een als Sportler dierf kompetitiv Sport maachen oder net. 👍🏻👎🏻
Wei vill Prozent vun de Leit, déi an de leschte 5 Joer fir eng Lizenzerneierung bei de Sportsdokter gaange sinn, goufen zäitweileg inapte oder komplett inapte erkläert?
"De Sven Clement vun de Piraten hat en Donneschdeg eng Motioun an der Chamber abruecht, déi ënnert anerem gefuerdert huet, dass d'iranesch Revolutiounsgarden als Terroristesch Organisatioun unerkannt solle ginn..."
Eis Motioun fuerdert, d'iranesch Revolutiounsgarden als terroristesch Organisatioun un z'erkennen an dofir se suergen, dass all wirtschaftlech Relatiounen tëscht Membere vun der Revolutiounsgarden an Acteuren aus Lëtzebuerg ënnerbonne ginn.
Am Oktober 2006 gouf den Aktiounsplang eSanté vun der deemoleger Regierung ageleet. Vill Leit notzen den DSP awer bis haut net an och bei de Professionnelle schéngt e wéineg Uklang ze fannen. 🤷🏻♂️
D’Gesetz vum 14te Juli 2015 reglementéiert den Accès zum Beruff vum Psychotherapeut. Et kann een ee Master an der klinescher Psychologie hunn, aner Diplomer sinn awer och méiglech. 📜
Een Null Stonne Kontrakt ass ee Kontrakt bei deem de Salarié just esou vill schafft wéi de Patron en brauch. Wann een also net schaffe kann, well de Patron keng Aarbecht fir een huet oder well ee krank ass, kritt ee keng Paie a kee bezuelte Krankeschäin.
Fir eis Pirate sinn esou Kontrakter net akzeptabel well se d’Leit an d’Prekaritéit drécken. Mir wëllen dofir explizitt an de Code de travail schreiwen, dass et esou Kontrakter net däerf ginn. Dofir huet de @svnee gëschter eng Gesetzespropos dozou an der Chamber deposéiert.
An hirer Äntwert op dem @svnee seng Question parlementaire huet d’Ministesch geschriwwen, dass zum deemolegen Zäitpunkt insgesamt 388 Kanner a Jugendlecher duerch d’Geriichtsuerteeler vun deenen zwee Jugendgeriichter an enger Institutioun placéiert waren. piraten.lu/suivi-vun-den-dossiere-vu-kanner-an-engem-plac…
Ufanks Januar gouf bekannt, dass am Gebai T um Kierchbierg bis zu 1167 Better sollen opgebaut ginn. Esou grouss Strukture maachen eng individuell Betreiung awer quasi onméiglech.
Wat sinn d’Pläng vum Ausseministère a Punkto Ausbau vun de Foyere fir d’Joer 2023?
4 Grënn fir aktive Pirat ze ginn: 1️⃣ nëmmen aktiv beweegt een eppes 2️⃣ bei eis stéisst jiddereen op Gehéier 3️⃣ Schluss mat Politik am Hannerzëmmer 4️⃣ mir sinn 100% motivéiert fir Verännerung
„Déi Péitenger Pirate ronderëm de Marc Goergen hu sech déi lescht Wochen zum politesche Sproochrouer vun de Biergerinitiative gemaach. Net well se per se géint de Projet sinn, mä well se de Biergerdialog stäerke wëllen“ @RTLlu@Piratepartei
Säit Ufank vun der Impfcampagne sinn 155’660 Impfdosissen zerstéiert ginn. D’Gesondheetsministesch seet och, dass 129’600 Impfdosisse vun Astra Zeneca, déi fir Lëtzebuerg geduecht waren, direkt beim Fournisseur zerstéiert gi wieren. 💉
Wärend Parteien hier Zäit mat Diskussiounen zu Spëtzekandidate verbréngen, schaffe mir Piraten konzentréiert weider als #team un den Dossiers & Programm.
Scho 2021 hu mir um Kongress zu Schengen (ja do wou PL elo d'Ried hat) de @svnee gewielt als nationale Spëtzekandidat 💪💜⚓️
D'Pirate @svnee a @gomarc777 stinn op Plazen 1 an 3 vun den Deputéierten, déi vu Juli 2019 bis Dezember 2022 am dacksten an der Chamber geschwat hunn."
D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung vun der Vorratsdatespäicherung. Dat digitaalt Bréifgeheimnis, de Schutz vun der Anonymitéit an d’Onscholdsvermuddung mussen an engem demokratesche Rechtsstaat héichgehale ginn!
Verschidden Haushalter gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. D’Regierung hat awer vergiess, ee Präisdeckel op dës Form vun Energie ze setzen. 🤦🏻♂️
D’Piraten proposéieren, dass d’Leit, déi hei vergiess goufen, ee Moratoire de Paiement accordéiert kréien, bis d’Gesetz gestëmmt ass. Mir fuerdere vum Energieminister, fir mat de Fournisseuren ze schwätzen, fir hei schnell eng Léisung ze fannen, bis dass d’Gesetz gestëmmt ass‼️
Den Energiekonzern RWE baut schonn zënter Joren direkt nieft Lützerath Kuel of. Fir d’Kapazitéite vum Kuelenofbau z’erweideren, soll d'Uertschaft zu Lützerath elo wechgerappt ginn. 🚧 D’Leit goufen dowéinst mëttlerweil alleguer ëmgesidelt.
Well den Ofbau vu Kuel als klimaschiedlech gëllt, hate Klimaaktivisten d’Duerf besat, fir op dës Aart a Weis ze probéieren, de Projet ze stoppen. 🙅🏻♂️
A wéi enge Projeten zur Hierstellung vun Energie schafft de Lëtzebuerger Staat mat RWE zesummen?
Fir d’Transkriptioun vun engem auslännesche Führerschäin an e Lëtzebuergesche Führerschäin ass eng Persoun opgefuerdert ginn, fir innerhalb vu 4 Wochen ee rezente psychiatresche Rapport eranzeschécken.
Dëse muss am Detail attestéieren, dass et keng medezinesch Conter-Indicatiounen, fir d’Fuere vun engem motoriséierte Gefier gëtt, soss géif d'Demande ofgeleent ginn. 🥵⏳
Virum Hannergrond vun engem grousse Mangel un Dokteren am Beräich vun der Psychiatrie, wéi kann e Ministère vun enger Persoun innerhalb vu 4 Woche e rezente psychiatresche Rapport fuerderen, wëssend, dass et laang Waardezäite fir e Rendezvous bei engem Psychiater gëtt?
fro.lu ass fir all Bierger a Biergerinnen aus dem Land, déi eng wichteg Fro un d'Regierung hunn an net richteg wësse wéi a wou se déi stelle kënnen. 🤷🏻♂️
Wann iech also eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, einfach laanscht surfen op:
Vulnerabel Persounen, déi op Leeschtungen, wéi de REVIS oder de Revenu pour personnes gravement handicapées (RPGH), ugewise sinn, gi vum FNS opgefuerdert eng lëtzebuergesch Kontonummer virzeleeën, ansonste géif hiren Dossier net weider traitéiert ginn.🇱🇺🏦 piraten.lu/firwat-muss-ee-beim-fns-eng-letzebuergesch-kon…
Allerdéngs gëtt et kee Grond, d’Mënsche wéinst der Origine vun enger Kontosnummer an der Prozedur ze blockéieren, wann u sech all gesetzlech Bedingungen erfëllt sinn, fir d’Indemnitéiten ze kréien.
De Lawrence Livermore National Laboratory huet fir déi US-amerikanesch Wirtschaft eng Visualiséierung vun den Energiefluxen a Form vun “energy flow charts” preparéiert. Den @svnee wëll wëssen, ob och den energieminister esou Grafiken huet. piraten.lu/energy-flow-chart/
Et gesäit duerno aus, als géif de Lëtzebuerger Wunnmarché an eng nei Logementskris stierzen. Bei den Zuele vum STATEC gesäit een ee Réckgang bei de Baugeneemegungen vu ronn 30%. Wéi gesäit d'Situatioun bei den Actes de vente a bei den Immobilieprêten aus? piraten.lu/zensen-wunnmaart
Wien selwer rezent am Impfzentrum um Lampertsbierg war, dee war erstaunt doriwwer, dass zu ville Momenter méi Personal ewéi Patienten an der Hal uwiesend waren.
d’Piraten-Deputéiert @gomarc777 a @svnee haten am Oktober eng Motioun an der Chamber deposéiert, fir den Undeel un Zënsen ze verduebelen, déi ee fir säin Immobilieprêt op sengem Éischtwunnsëtz dierf ofsetzen.
Lescht Woch gouf an der Chamber den neie "Vëlodukt" tëschent Esch an dem Belval gestëmmt. De Projet soll insgesamt 34 Milliounen kaschten a gëtt elo awer 13 Milliounen Euro mi deier, wéi et ufanks versprach gouf. 📈💶
Mir Pirate fannen dat net richteg. D'Regierung mécht et sech ze einfach fir Suen an ee Projet nozegeheien, dee vun Ufank un net propper geplangt gouf. Mir schwätzen hei vu méi wéi 30% Steigerung!
Mir Pirate fuerderen een obligatoresche Livestream fir Gemengeréit (Tounopnam a Videoopnam). 🎥 D'Bierger musse kënnen transparent nozevollzéie wat an hire Gemengeréit diskutéiert gëtt!
Et gi vill Leit déi momentan am Iran am Prisong sëtzen, eis Deputéiert hunn de Parrainage fir 4 vun hinnen iwwerholl. Den Arian Farzamnia, den Amir Mohammad Jafari, den Amin Mahdi Shokrollahi an den Ali Younesi.
Eis gouf zougedroen, dass et ëmmer rëm zu Signalementer wéinst Mëssstänn kënnt. Dobäi soll et ëm de Verdacht vu sexueller oder och physescher Gewalt géint Kanner goen. Wéi vill Enquête, opgelëscht pro Joer, goufen Opgrond vun dëse Signalementer ageleet? piraten.lu/signalementer-iwwert-messstann-a-foyeren/
D’SES, déi zu 11% dem Staat gehéiert, mécht et méiglech, dass Sendere wéi Russia Today weider an Asien, Afrika gesent ginn. Wäert d’Regierung agräifen, fir TV-Chaînen, déi kloer vun der EU sanktionéiert a blockéiert ginn, net méi duerch d'SES gesent ginn? piraten.lu/russesch-propaganda-via-ses/
Wärend beim CET de Prinzip “1 Leçon ugespuert = 1 Leçon Congé“ gëllt, gëtt beim Ausbezuele vun den Iwwerstonnen e reduzéierende Facteur 36/52 applizéiert. Dat wat d’Enseignanten iwwert hir regulär Täche eraus schaffen, gëtt esou also manner entlount. 💶📉 piraten.lu/iwwerstonnen-am-secondaire/
D’Familljeministesch huet als éischte Regierungsmember ugekënnegt, bei de Gemengewalen 2023 matzemaachen. Wäert d’Regierung fir sech Reegelen opsetzen, wéi Social Media Accounts vun de Ministèrë genotzt ginn en vue vun de Gemenge- an nationale Walen 2023? piraten.lu/social-media-accounts-regierung-nofro/
Le leader du Piratepartei ne sera pas candidat aux élections communales de juin prochain. Sven Clement préfère se concentrer sur le scrutin national qui se tiendra le 8 octobre 2023.
D'Pirate fuerderen, datt aus dem Pilotprojet CUSS (Couverture Universelle de Soins et de Santé), deen MDM e Freiden de 9.12 op der Uni Lëtzebuerg am Kader vum 1. Observatoire de l'accés à la Santé virgestallt huet, esou schnell wéi méiglech e Gesetz gëtt.
Vum Congé pour raisons familiales kënnen all d’Employéen, Independanten a Léierjongen a -meedecher profitéiteren. Artikel L.234-51 vum Code de travail präziséiert allerdéngs net, wéi fir Leit steet, déi an enger Aarbechtsmesure vun der ADEM schaffen?
De Mathis Godefroid, Spriecher am Zentrum a Koordinator an der Gemeng Hesper, war haut bei den Ukrainer op hirer Manifestatioun, fir hinnen déi solidaresch Ënnerstëtzung vun de Piraten ze weisen. 💪🏻🇺🇦
E Mëttwoch gouf annoncéiert, dass am Gebuertshaus zu Bartreng keng Kanner méi op d’Welt kommen dierfen. D’Begrënnung vun der Ministesch ass, dass et un engem legale Kader géif feelen an doru elo soll geschafft ginn...
D’Gebuertshaus ass fir eng Rei vu Mammen a Pappen eng Alternativ zur traditioneller Spidolsmedezin, ouni dobäi op eng gutt a kompetent Betreiung an engem adequate Kader mussen ze verzichten.
Eng Rei vun zukünftegen Eltere kruten hire Choix elo vu politescher Säit hier ewechgeholl. De Choix vun Elteren ass eng privat a ganz perséinlech Entscheedung a muss vu politescher Säit respektéiert an ënnerstëtzt ginn!
Den @HeuschlingJean huet an der fräi politescher Tribün iwwer eise Steiersystem geschwat an dass ee virun allem eppes fir Wittfraen, Wittmänner an Elengerzéier muss maachen. ☝🏻
Lëtzebuerg leit aktuell ënnert eng Epidemie vu Bronchiolite-Fäll. D’Better an der Kannerklinik si momentan alleguer beluecht an d’Kapazitéite an der Pediatrie si méi ewéi ausgelaascht. 😰
Am Kader vun der Assurance dépendance gëtt et d’Méiglechkeet vun de sougenannte Prestations en espèces. Dobäi handelt et sech ëm Geld vum Staat fir ee Mënsch, deen sech all Woch ëm eng Persoun këmmert, déi op zousätzlech Hëllef ugewisen ass. 🥰
Et ass eis zougedroe ginn, dass Bénéficiairen opgrond vun den aktuelle Präissteigerungen mussen zousätzlech Suen aus eegener Täsch un hir Aiden bezuelen, well dës opgrond vu méi héije Käschten, fir zum Beispill Sprit, méi Sue fir hir Servicer froen, wéi d’Forfaite virgesinn.
Den Artikel 41 vum Naturschutzgesetz beseet, dass d’Regierung iwwer groussherzoglecht Reglement dierf Naturschutzzonen deklaréieren, déi am ëffentlechen Interessi sinn. Aktuell ass och d’Trenténgerdall an dëser Prozedur. 🌳🌳
Den Dezember ass de Mount vun de Feierlechkeeten, vum Hoffen, vum Dreemen a vun der Famill. 👨👩👧👧 Besonnesch fir ee Kand huet dëse Mount eppes Magesches. ✨
An dem Sënn wënsche mir all de Kanner ee schéine Kleeschen. 🎅🏼
Mir stellen eis dofir géint Kolonialiséierung vu Westjordanland duerch d'israelesch Arméi. Mir verurteelen all Zwangsräumung vu Palestinenser aus hiren Dierfer.
Dës Leit hunn och Recht op Besëtz an Doheem. Mir fuerderen dofir all betraffen Entreprise hei a Lëtzebuerg an an Europa dozou op, fir hir geschäftlech Relatioune mat dëse Kolonien ze stoppen. Mir mussen als Europäer fir déi Wäerter astoen, déi mir och no bausse wëlle verbreeden.
Wéi eng Responsabilitéit iwwerhëlt d’CCSS am Fall wou den Dossier vun enger Persoun zu Onrecht un Huissiere weidergeleet gouf an dës Persoun eng Rechnung fir d’Servicer vum Huissier kritt?
An der Emissioun “Dir hutt d’Wuert” um RTL-Radio vum 10. November huet de François Benoy gesot, dass och d’Regierung bei hirem Fuerpark ëmdenken an hiren Deel zur Transitioun bäidroe misst a vun Autoe mat Verbrennungsmotor op Elektroautoen ëmklammen.🚗🔋⚡️ piraten.lu/fuerpark-vun-der-regierung/
Dës Gewalt huet e puer Gesiichter. Egal ob physesch oder psychesch Gewalt, näischt vu béiden ass ze toleréieren an do muss e kloert Zeeche gesat gi fir dat an Zukunft sou gutt et geet ze ënnerbannen.
Wann d'Kand wärend dem Congé parental verstierft, huet ee maximal nach ee Mount befiert ee rëm schaffe goe muss. Wisou dierf een de Rescht net notze fir iwwer dee schwéiere Verloscht ewechzekommen?
De CCT SAS Kollektivvertrag tëscht der COPAS, der FEDAS, dem DLJ an dem OGBL a LCGB leet d’Reegele fir d’Salariéen am Santéssekteur fest. Sou muss laut Kollektivvertrag eng Persoun mat Diplom als Auxiliaire de vie ënnert enger C3 Karriär agestallt ginn. ☝🏻 piraten.lu/fro-lu-auxiliaire-de-vie/
Ginn, wéi bei normale Beschäftegten, och Faahrtebicher fir d’Autoe vum Fuerpark “Voitures de Service au Garage de Gouvernement” gefouert? Wann nee, wéi musse Ministeren hir Faarten da steierlech deklaréieren?
Eis gouf zougedroen, dass vill Infirmieren an Infirmière speziell Formatioune maachen, fir sech op bestëmmte medezinesch Felder ze spezialiséieren. Dacks schaffe si herno awer net an deene Beräicher, an deenen si dës speziell Formatioune gemaach hunn. 👩🏼⚕️👨🏻⚕️ piraten.lu/spezialisatioun-vun-infirmieren-an-infirmieren/
Ëmmer nees héiert ee Kloen doriwwer, dass vill Zich bei der CFL onpünktlech sinn oder Zich carrement ganz ausfalen. Och Feeler innerhalb vun der Mobilitéitsapp goufen eis zougedroen, zum Beispill, dass en Zuch géif ausfale fir dann awer ze fueren. 🚄🤷🏻♂️
Opgelëscht pro Mount fir d’Joer 2022, no den eenzelen Zuch – oder Buslinnen an no der Dauer vun de Retarden, wéi dacks koum en Zuch oder Bus mindestens 3 Minutt ze spéit?
Plangt d’Regierung en kompletten Ausstieg vu Lëtzebuerg aus dem Gas? Wa jo, zënter wéini lafen dës Pläng genau a wéi sollen dës ëmgesat ginn? Wa nee, firwat net a soll sech do eppes a noer Zukunft änneren?
Eis ass zougedroe ginn, dass zu Déifferdeng an engem Wunngebai vum Fonds de logement säit dem 11ten November kee waarmt Waasser méi do ass a keng Heizung méi funktionéiert‼️
An engem Wunngebai vum Fonds de Logement, also dem Staat, ginn Leit vum Fonds de Logement an der Keelt sëtze gelooss an net informéiert wéini Hëllef soll kommen. D'Piraten hunn probéiert urgent beim Minister z'intervenéieren mee d'Chamber huet d'Urgence net zougelooss. 😠
An der Äntwert op dës Question parlementaire steet, dass de Präis fir en Medikament muss vun der INAMI publizéiert gi sinn, fir dass hei zu Lëtzebuerg de Präis ka festgeluecht ginn. 💊💶
Firwat gouf nach kee bilateraalt Ofkommes iwwert d’Präisser vu Medikamenter mam belsche Wirtschaftsministère ofgeschloss, fir d’Verfügbarkeet vun de Medikamenter hei zu Lëtzebuerg ze beschleunegen?
Den Gemengeconseiller François Benoy huet op Twitter e Video vun enger Foussgängerluucht gepost, déi grad mol e puer Sekonne fir gréng ass. 🚦⏳ Ginn et fest Krittären, wéi laang eng Foussgängerluucht fir Foussgänger muss gréng sinn? Wann nee, firwat net? piraten.lu/foussgangerluuchten/
Scho viru Méint hu mir an de passenden Kommissiounen mat esou engem Szenerio „gerechnet“ an et wäert net zu enger Eskalatioun vun der Situatioun feieren. NATO souwei déi eenzel Regierungen sinn sech der Situatioun bewosst an och wei d‘Folge kinnte sinn.
Eng Persoun déi am Apprentissage adulte säin DAP gepackt huet, kann och nach den Diplome vum Technicien maachen. Do muss een am Normalfall op Deuxième ufänken. Angeblech kann d’Deuxième awer iwwerspronge ginn, wann een d’Mentioun “excellent” erreecht huet. piraten.lu/apprentissage-adulte/
Um SWR gouf driwwer bericht, dass bei Lidl an Däitschland Fleesch vun Hénger verkaaft gouf, dat vun Déiere staamt, déi an hirem Mastbetrib ënner grausame Konditioune gehale goufen. 🐓😔
Gouf och hei zu Lëtzebuerg Fleesch aus dem concernéierte Betrib aus Niedersachsen verkaaft? Falls jo, gëtt dat Fleesch aktuell nach ëmmer an lëtzebuerger Supermarchéë verkaf?
Am Gesetz ass virgesinn, dass en Elterendeel am Fall vum Doud vun engem Kand wärend dem Congé parental maximal e Mount Zäit huet, fir nees schaffen ze goen. piraten.lu/conge-parental-doudesfall-kand/@gomarc777
D’Regierung wëll zum Kaf vu lëtzebuerger Produiten animéieren. An der fräier Vente, z.B. beim Metzler, erkennt de Konsument awer dacks net, wou d’Fleesch hir kënnt. Plangt d’Regierung eng obligatoresch Kennzeechnung fir d’Fleesch? Wa nee, firwat net? piraten.lu/kennzechnung-vum-fleesch/
D'Wierkung vun homeopathesche Mëttel gëtt wëssenschaftlech oft staark ëmstridden. 💊🤔 Iwwerhëlt d’CNS aktuell Traitementer mat homeopathesche Mëttel? piraten.lu/homeopathesch-mettel/
En hollänneschen Aarbechter huet viru Geriicht Schuedenersatz Recht kritt, well en onrechtméisseg entlooss gouf, wéinst Verweigerung wärend dem ganzen Aarbechtsdag seng Webcam unzehunn. 💻👀
RTL: ”De Xavier Bettel hätt op alle Fall nach Motivatioun an Energie, fir weider fir d’Bierger ze schaffen. Dofir hätt hien och schonn eng Rei Poste refuséiert, déi him offréiert gi wieren." Wat fir Poste krut de Premier an deene leschte 5 Joer offréiert? piraten.lu/wei-eng-poste-krut-de-premier-offreiert/
Wäert d’Inneministesch hei d’Justiz aschalte wéinst méiglechem Verstouss géint d’Artikelen 192 an 193bis vum Walgesetz déi méiglech Strofe vu bis zu 5’000€ an engem Joer Prisong virgesinn?
Leit vum CGDIS sinn oft op Brancarden ugewisen. Si mussen d’Leit drop hiewen a se an d'Gefier lueden. 🚑 Béides ass mat vill Kraaftopwand verbonnen. Zu de klassesche Brancarde gëtt et mëttlerweil och elektresch Alternativen, respektiv elektresch Hëllefen. piraten.lu/elektresch-brancarden-tragbahren/
Wéini wäerten déi nächst Rettungsween viraussiichtlech bestallt ginn? Wäert hei gekuckt ginn, fir Ween ze bestellen, déi mat esou elektresche Systemer equipéiert, respektiv kompatibel wieren?
Gëschter war de Mathis Godefroid, Spriecher vun de @JonkPiraten a Kandidat fir d'Piraten, bei der table ronde am Lycée Nic-Biever dobäi fir iwwer Themen ze diskutéieren déi d'Schüler sech erausgesicht hunn.
Dës gi vum “Centre de Langue et de Culture Chinoises du Luxembourg” organiséiert. De CLCCL ass vun dem Chineeseschen Educatiounsministère unerkannt a schafft mat der Shanghai Normal University zesummen.
Kann de Minister soe wéi hei séchergestallt gëtt, dass d’Coursen déi vun der CLCCL ugebuede ginn, onofhängeg vun de Positioune vun der Chineesescher Regierung sinn?
Qatar Airways huet um Findel méi Fräiheete wéi déi meeschten auslännesch Fluchgesellschaften. Duerch eng Level 5 Loftfräiheet kënnen si Departe vum Findel aus maachen, déi an Drëttstaaten ginn amplaz nëmmen an de Qatar ze fléien. 🛫
Zënter dem 16te September sinn op mannst 215 Mënschen, dorënner 27 Kanner, vun der iranescher Regierung ëmbruecht ginn. D’Sittenpolizei am Iran geet mat extremer Gewalt géint Fraen vir, déi sech net un den islamaeschen Dresscode halen.
An eiser parlamentarescher Fro Nummer 4938 vu September 2021 hat ech d’Madamm Ministesch op verschidde potentiell Dysfonctionementer um 112 higewisen. Laut mengen Informatioune soll sech d’Situatioun um 112 net verbessert hunn. 🚒🤷🏻♂️
D’Ruptures de stock kënnen dozou féieren, dass Dokteren hire Patienten Alternative musse verschreiwen. Alternativen, déi se de Patiente jo an enger éischter Phase net wollten als Behandlungsmethod virschloen. 💊😕
An engem Gesetz vum 13te Juni 2017 ass virgesinn, dass all Persoun hei am Land e sougenannte Compte de paiement de base kann opmaache fir seng finanziell Situatioun ze geréieren.
D’Situatioun fir d’Déieren hei am Land ass iwwert déi lescht Joren net besser ginn an d’Piraten hunn an de leschte Jore vill an oft op d’Situatioun opmierksam gemaach a Verbesserunge gefuerdert a virgeschloen. @gomarc777@FreresInfo@StarskyFlor
Och hu mir nach eng Kéier op d’Situatioun vun de Muffelen am Oste vum Land opmierksam gemaach, déi an eisen Ae musse viru Kugele gerett ginn. Ugesiichts vum kommende Mantelsonndeg fuerdere mir endlech ee Verkafsverbuet vu Pelz!
Eise Steiersystem gëtt de Proprietären d'Chance d'Zënse vun de Stéieren ofzesetzen. Mir Piraten hunn an der Chamber gefuerdert, dass d'Regierung d’Méiglechkeet ausschafft, fir de Loyer bis zu engem bestëmmte Plaffong kënne vun der Akommessteier ofzesetzen. piraten.lu/de-loyer-vun-der-akommessteier-ofsetzen/
Dëse Weekend ass erëm Mantelsonndeg. Mir Pirate bleiwe weiderhin kloer der Meenung, dass Echtpelz näischt am Verkaf verluer huet an a Lëtzebuerg verbuede misst ginn! @gomarc777
An engem Artikel vu @reporter_lu geet et ëm d’Madamm Wickler, déi 2021 an de Verwaltungsrot vu Cargolux genannt gouf, mat der Begrënnung, dass d’Madamm Wickler eng “dynamesch Geschäftsfra” wier mat enger „wirtschaftlecher Erfarung, déi extrem grouss ass“. piraten.lu/nominatioun-vun-der-madame-wickler/
D'Woch vum 10te bis de 16ten Oktober steet am Zeeche vun der mentaler Gesondheet. Mir Pirate wënschen eis eng Gesondheetsversuergung, an der jiddereen eng Plaz huet an déi passend Behandlung ka kréien.
Et ass absolut net akzeptabel, dass d'Séance bei engem Psycholog nach ëmmer net rembourséiert ginn. An eisen Ae muss d'Regierung hei handelen. Wann de System fir d'Nomenklatur auszehandelen net méi funktionéiert, muss en reforméiert ginn. Et kann net esou weider goen!
An enger fréierer Fro hu mir eis zu de Steiererklärunge vu Privatpersounen informéiert. Et ass awer och intressant ze wëssen, wou d’Steierverwaltung drun ass, wat d’Entreprisen ugeet. 👀 piraten.lu/schold-steierverwaltung-entreprisen/
D’Zuehle u Covid-19-Infektiounen sinn de Moment erëm am Gaange mat klammen. War d’Inzidenz de 5te beim Beim leschte Rapport vum 25. September waren et 201 op 100’000 Awunner. 16,3% vun de Neiinfizéierten waren dann iwwer 60 Joer al. 👴🏼🧓🏼 piraten.lu/covid-19-an-altersheemer-oktober-2022/
Am Moment leeft de Projet vun der Couverture universelle, mat dem et jiddwerengem hei am Land soll méiglech sinn, bei den Dokter ze goen, och wann hien duerch eng prekär Situatioun net bei der Sécurité sociale ofgeséchert ass. 👨🏻⚕️👩🏼⚕️
Fir kënne beim Fonds de logement oder dem SNHBM eng Wunneng ze lounen, muss ee Krittären erfëllen an et gëtt een no Punktesystem op eng Waardelëscht gesat. Wann een dann eng kritt, gëtt de Loyer, op Grond vum Revenu net disponible gerechent. 💶 piraten.lu/loyer-bei-der-snhbm/
Ass de Minister der Meenung, dass bei der Rechnung fir de Loyer social z’ermëttelen, nieft dem Revenu net disponible, och d’dépenses à long terme, wéi zum Beispill eng Saisie, eng Steierschold oder eng Pension alimentaire, misste berécksiichtegt ginn? Firwat gëtt dat net gemaach?
Den 23 Abrëll 2021 gouf de Comité interministériel “devoir de diligence” gegrënnt, fir, ënnert anerem, eng Positioun zum Projet vun der EU-Kommissioun a Punkto Liwwerkettengesetz auszeschaffen.
Et koum raus, dass den Undeel un E-Autoe bei Neiumellungen zwar eropgeet, mee mol nach net d’Hallschent ausmécht. 🚗🔋 Wéi steet de Minister zur Behaaptung, dass nach ni esou vill Autoen mat Verbrennungsmotor hei am Land ënnerwee waren, wéi am Joer 2022? piraten.lu/verbrenner-2022/
E Méinde war d'Petitioun um Programm, déi sech dofir asetzt, dass d'Kapazitéiten vum aktuellen Onkologiezenter an der Kannerklinik erweidert ginn. @gomarc777
"Mir mussen als Piraten och soen, dass e Präisdeckel eng zimmlech effikass Léisung ass: zumindest mam Zil d'Inflatioun ze bekämpfen, mee awer och fir d'Kafkraaft ze erhalen." @svnee
Mir invitéieren häerzlech op eisen nächste Bezierkskongress vum Bezierk Zentrum, deen de Mëttwoch, den 12. Oktober 2022, ab 18h30 zu Itzig, an der Salle « Am Duerf » stattfënnt. 💜 D’Adress ass 3 Rue de Hesperange L-5959 Itzig. All weider Infoen: piraten.lu/bezierkskongress-zentrum-2022/
Den Dënnsten hunn 13 Memberstaaten un d'EU Kommissioun ee Bréif geriicht fir ee Gaspräisdeckel. Lëtzebuerg huet de Bréif net mat ënnerschriwwen. Mir Piraten hunn d'Regierung an der Chamber gefrot, fir de Bréif awer z'ënnerstëtzen.
Wann s du politesch interesséiert bass an dech fir deng Gemeng engagéiere wëlls, da komm an eis nei Equipe fir d'Gemengewalen 2023. Bei de Pirate kanns du deng Iddien a Virschléi abréngen an se zesumme mat der ganzer Equipe ausschaffen. 💪🏻💜
D’Ministesch erkläert, dass de Cannabis-Ueleg nach net un d’Patiente verdeelt gouf. Laut hir sollte fir d’éischt Analyse gemaach ginn, déi viraussiichtlech am August ofgeschloss sollte sinn. De CHL confirméiert, et gëtt nach ëmmer keen Ueleg distribuéiert. piraten.lu/fro-lu-cannabis-ueleg-nofro/
"Et war de Piraten-Deputéierte Sven Clement, deen dës Froen an enger parlamentarescher Fro un d'Ministere Sam Tanson an Henri Kox opgeworf hat." www.rtl.lu/news/national/a/1968614.html
Mir freeën eis, dass d'Urteel den Dateschutz an Europa stäerkt mee Vorratsdatespäicherung zu Lëtzebuerg ass nach ëmmer a Kraaft! Mir ruffen dofir d'Regierung haut op een neits op, fir d'Gesetz zur Vorratsdatespäicherung ze sträichen. Nee zum gliesene Bierger, Jo zum Dateschutz!
Duerch den Energiedësch gouf d’Allocatioun de vie chère erhéicht an et koum eng Energieprimm dobäi. Bis den 31ten Oktober kann een dës Primm nach ufroen. ☝🏻
Wéi vill Leit hunn d’Energieprimm ugefrot? Wéi vill Demandë goufen zougelooss?
D'Pirate wënschen all de Schüler, vu kléng bis grouss, eng gutt Rentrée an en erfollegräicht Schouljoer 2022/23. 💪🏻🎓 Gitt iech gutt drun an hutt natierlech och Spaass! 😁
Am Fall vun engem sougenannten “Blackout” gëtt séier drun geschafft, fir d’Netz erëm un d’Lafen ze kréien. 💡🚫 Gläichzäiteg muss awer och fir d’Sécherheet vun de Biergerinnen a Bierger wärend engem Blackout gesuergt ginn.
Mëttlerweil ginn et 8 SuperChargy-Statiounen um Kierchbierg an zu Jonglënster a 6 op den Aires de Berchem a Capellen. 88 dëser Statioune si bis 2023 geplangt. 🚘🔋
Wéi vill Kilowattstonne goufen op de 6 Tankstelle bis ewell getankt?
Den Tanktourismus kascht de Staat all Joer 3,5 Milliarden Euro, bei Recettë vun 2,1 Milliarden.📉 Am Abrëll ass dunn den Tankrabatt vu 7,5 Cents a Kraaft getrueden. Mat dem Tankrabatt, wéi vill huet den Tanktourismus de Staat aktuell pro Mount kascht? piraten.lu/den-impakt-vum-tankrabatt-op-dstaatsfinanzen/
Am medezinesche Beräich sinn Dokteren op d’Hëllef vun technesche Geräter ugewisen. Dozou zielen och Ultraschallgeräter, mat deenen vill Diagnose kenne gestallt ginn. Dofir ass et vu gréisster Wichtegkeet, dass dës och um medezinesch neiste Stand sinn‼️ piraten.lu/fro-lu-alter-vun-ultraschallgerater/
An engem Artikel am Paperjam vum 7ten September geet riets vun enger Aart schwaarzer Lëscht vu Patienten am CHL, déi do just nach an urgente Fäll behandelt gi, sech soss awer un en anert Spidol musse wenden. 📄🧐
D’Recetten aus der CO2-Steier vum leschte Joer sollen och fir Klimaschutzmoossnamen an eng Energiewend genotzt ginn.👀 Mir befannen eis aktuell an enger Energiekris mat héije Präisser. Wat genau ass mat de Recette vun der CO2-Steier bis elo gemaach ginn?🤷🏻♂️ piraten.lu/recette-vun-der-co2-steier/
"Faudrait-il alors introduire d'autres formats de combinaisons de chiffres et de lettres que ceux actuellement connus?, se demande le député Pirate Marc Georgen." 🚘
"Eine Senkung der luxemburgischen Mehrwertsteuer beim Kauf einer Solaranlage. In der Anfrage der Piraten ist mehrfach von einer angekündigten Senkung von 17 auf drei Prozent die Rede, in der schriftlichen Antwort wird darauf jedoch gar nicht eingegangen." www.wort.lu/de/business/wie-steht-es-um-die-senkung-der-m…
Vir dass Persoune mat ageschränkter Mobilitéit a Séikraaft dës Bankomater kënnen benotze, mussen se verschidde Features hunn.🗣 Eisen Informatiounen no ginn et Bankomater hei am Land, déi dës Sproochausgaben net fir d’Cliente maachen.❌ @svnee
Goufen ënnert dem Premierminister Bettel senge Regierungen zënter 2013 Politiker (Deputéierten, Gemengerotsmemberen, Leit mat Parteiämter, Kandidate fir d’Walen) ofgelauschtert, iwwerwaacht oder verfollegt? 🔍
• all d’Parkingen zu Lëtzebuerg mat Photovoltaikanlagen iwwerdaacht ginn • all d’Residencë mat Photovoltaik equipéiert ginn* • all d’ëffentlech Gebaier mat Photovoltaikanlagen equipéiert ginn. Déi 4% déi mir laut dem Minister Turmes bis elo hei erreecht hunn sinn eng Schan.
piraten.lu/dateklau-bei-encevo-bankkonten/ Den 22te Juli gouf et eng Cyberattack op den Energiekonzern Encevo, bei deem leider vill perséinlech Donnéeë vu Clientë geklaut goufen. Et ass wichteg, dass d'Clienten elo viru Bankbedruch gewarnt ginn! @svnee
Déi franséisch Regierung huet eng Sondererlabnis fir 5 Atomkraaftwierker ginn, déi et de Kraaftwierker erlaabt, méi waarmt Killwaasser zeréck an d’Flëss ze leeden.💦🔥 Besteet d’Méiglechkeet, dass och Cattenom méi waarm Ofwaasser an d’Musel kéint pomplen? piraten.lu/cattenom-drechent/
“Passagiere sind es leid, den Airlines zinslose Kredite zu geben, bei abgesagten Flügen auf den Kosten sitzen zu bleiben oder im schlimmsten Fall das Risiko einer Insolvenz tragen zu müssen.” - Verbraucherzentrale Deutschland
Rieds geet an engem RTL Artikel vun iwwerfëlltenen Déierenasyler ronderëm d’Land 🐶🐱😕 Wéi wäert de Minister de Bedierfnisser vun den Déiereschutzorganisatiounen entgéint kommen an ass de Minister bereet, dofir déi néideg Suen an de Grapp ze huelen?
Ab haut kënnt dir rëm bei Iech op d'Gemeng fir ee Referendum zu den Verfassungsännerungen ënnerschreiwe goen.✍🏻 Alles wat dir dofir musst mathuelen ass är carte d'identité oder äre Pass. Mat ärer Ënnerschrëft frot dir een Referendum zu dësen Ännerungen: www.chd.lu/wps/wcm/connect/public/63e886fa-ae75-4df6-9553…
Mir ass e Fall zougedroe ginn, laut deem de President vun enger Asbl doheem vun der Police opgesicht gouf an an de Policebüro convoquéiert gouf, well d’Bénéficairen net kommunizéiert gi waren. 🚓
Um Sprengplatz vun der Berliner Police war ee Feier ausgebrach. Dat explosiivt Material, wéi Bomen a Feierwierkskierper ass dobäi a Brand geroden an explodéiert. 🔥💥 Wat fir Schrëtt si virgesinn, sollt esou een Dépôt a Flame geroden? piraten.lu/secherheet-depote-armei/
Mir hu 5 Services de Psychiatrie hei am Land. 🏥 Wéi vill Persoune schaffen aktuell an de Psychiatrien hei am Land? Wéi vill dovunner si fest an deenen eenzelne Psychiatrien agestallt? piraten.lu/encadrement-psychiatrien/
Bei verschidde Baute vun der SNHBM ginn et schlëmm Defekter. Rieds ass vu Schimmel, Infiltratiounen, enger schlechter Ventilatioun, déi fir stéckëg Wunnenge suergt, a geschréipste Fënsteren. Wéi gëtt d’Qualitéit vun de staatleche Wunnengen séchergestallt? piraten.lu/baupfusch-bei-der-snhbm/
Et existéiere wéineg ëffentlech Informatioun zum Fonctionnement an de Psychiatrien, wat et schwéier mécht, fir vu baussen novollzéien ze kënnen, ob ëmmer am Interessi vun de Patiente gehandelt gëtt. 🤔
Den 22ten Juli huet ee Koalitiounspartner ugekënnegt, dass eng Reduktioun vun der TVA op d’Photovoltaik kënnt. Eisen Infos no ginn et Clienten, déi Zweiwel un hirer Commande hunn a léiwer waarden, bis d’TVA-Reduktioun do ass, fir hir Anlag ze kréien. ⏳ piraten.lu/tva-reduktioun-op-photovoltaik/
Zu Lëtzebuerg ass et méiglech, fir een Oppräis eng personaliséiert Plackennummer ze kréien. Laut eisen Informatioune kann een déi Placken awer just bei enger Neiumeldung vum Auto mat umelle loossen. ✍🏻
Wéi de Minister op dem Marc Goergen seng virrecht Fro erkläert huet, ginn et eng Réi verschidden Autosplacken, déi zu Lëtzebuerg nach am Ëmlaf sinn. Dës solle lues awer sécher aus dem Verkéier gezu ginn, wéi de Minister schreift. De Risk besteet, dass domat “Handel bedriwwe gëtt”
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°6214 huet de Minister geäntwert, dass d’Verwaltung fir ëffentlech Bauten an och Wunngebaier vun der ëffentlecher Hand nach zu groussen Deeler mat Gasheizungen equipéiert goufen.
Virun allem d’Mënschen, déi op der Strooss liewen, si wärend den héijen Dagestemperaturen enger grousser Gefor ausgesat. Si hunn dobaussen net vill Méiglechkeeten sech virun der Hëtzt ze schützen an sech genuch ofzekillen an ze hydratéieren. 🥵☀️
D’Piraten fuerderen dowéinst vehement, dass d’Wanteraktioun duerch eng “Summeraktioun” ergänzt gëtt! De Grondgedanken ass änlech wéi bei der Wanteraktioun: d’Leit gi virum extreme Wieder geschützt.
Dem Chef d’Etat Major no, solle 700 Leit an dëse Batailloun kommen. Lëtzebuerg soll d’Hallschent, also 350 Zaldoten stellen. Dës 350 Zaldote missten net zousätzlech rekrutéiert ginn, well ee schonn 250 Zaldoten huet, déi fir d’NATO disponibel sinn. piraten.lu/bataillonlube/
Ass bei deene genannten Zuele vun 100 zousätzlechen Zaldoten och den aktuelle Personalmangel matagerechent? Falls net, wéi vill Zaldote mussen zousätzlech zum Batailloun nach agestallt ginn?
D’Iddi vum Congé parental ass et jo, dass en Elterendeel méi Zäit an d’Erzéiung vu senge Kanner investéieren a gläichzäiteg op ee reegelméissegt Akommes ziele kann. 🥵💶
Eis si Fäll bekannt, wou Persoune wéinst der aktueller Präisdeierecht, den Zënserhéijungen op den Immobiliëprêten a wéinst der Plafonnéierung vun den Indemnitéite finanziell net méi iwwert d’Ronne kommen a dowéinst erëm komplett wëlle schaffen.
Bei Dréchenten am Summer kënnt et vir, dass d’Leit opgeruff ginn, Waasser ze spueren.🥵 Och Entreprisen a Gemengen solle sech dorun halen. Gläichzäiteg gesäit een op verschiddene Plazen am Land awer, dass riseg Fussballfelder Owes stonnelaang genat ginn.💦 piraten.lu/waasser-summer/
D’CFL huet am klénggedréckten Text stoen, dass d’Plaz fir de Vëlo am Zuch zesumme mat de Poussetten a Rollstill gedeelt gëtt. Am Fall wou een Zuch oder Bus ausgelaascht ass, wéi eng Passagéier kréien d’Prioritéit? Muss een den Zuch/Bus da verloossen? piraten.lu/velosummer-2022/
Braderie zu Diddeleng a Larochette. ☀️ Et ass ëmmer rëm intressant iech kennenzeléieren, erëmzegesinn an einfach mat iech ze schwätzen. 😁🤝 Elo dëse Samschdes, den 30. Juli si mir natierlech och op der Braderie zu Péiteng. 👍🏻 Kommt also gären och do erëm laanscht. 💜
Dat neit erkläerten Zil vum Minister soll et sinn, dass bis 2030 d’Hallschent (50%) vum nationale Fuerpark Elektroautoe sinn. Dat wieren, op d’Zuele vun haut gekuckt, ronn 300000 E-Autoen. 🚗🔋 piraten.lu/aktuelle-stand-vun-der-elektromobiliteit/
D’Mandy Arendt, selwer Sozialpedagogin mat Erfarungen an enger Maison relais, mécht ee ganz niichtere Bilan vun der neier Hausaufgabenhëllef déi vum Claude Meisch fir d'Rentrée agefouert gëtt.
"Renforcés par les résultats des récents sondages, Sven Clement et Marc Goergen, les deux députés du Piratepartei, ont, une nouvelle fois, tiré à boulets rouges sur la majorité à l’occasion de leur bilan parlementaire estival." @Paperjam_lu
D'EU Parlament huet haut d'Chance verpasst, fir d'Propos vun der EU Kommissioun, Gas an Atom als nohalteg Investissementer unzegesinn, ze stoppen. D'Pirate sti weider géint Atomkraaft a géint ee grénge Label fir Gas. Dat ass Greenwashing 👎🏻 #atomkraaftneemerci
Am September 2021 goufen d’Analysen zur Aktioun SuperDreckskëscht vu „Muller&Associés“ virgestallt. 👀 Wéi an der Presentatioun vum Audit ze liesen ass, huet den Auditeuren den Accès zu wichtege finanziellen Informatioune vun OSL gefeelt.
Mir ënnerstetzen d’Ombudsfra an hiren Aufgaben. Mir hunn bei der Presentatioun vum Rapport vun 2020 vun der Madamm Monti d’Chamber opgefuerdert, fir d’Recommandatioun 51 esou séier wéi méiglech ëmzesetzen. Eis Resolutioun ass an d’Kommissioun verwise ginn. piraten.lu/aktiviteitsbericht-2020-vum-ombudsman/
Laut engem Avis juridique dee vun eis an Optrag ginn ass (piraten.lu/dossiersdk/), ass de Vertrag tëscht dem Staat an OSL, der Firma hannert der Aktioun SuperDrecksKëscht illegal. 🙅🏻♂️
Dofir hunn mir de 16ten Juni an der Chamber gefuerdert, de Kontrakt vum 2. Januar 2018 tëschent dem Ëmweltministère an der Firma OSL opzeléisen an nach dëst Joer eng nei ëffentlech Ausschreiwung fir d’Aktioun SuperDrecksKëscht ze maachen.
Fir déi Autosplacken, déi no 2003 ugefrot gi sinn, muss d’Konditioun erfëllt sinn, dass 5 Chifferen oder 2 Buschtawen a 4 Chifferen drop stinn. D’SNCA Dokument präziséiert net, wéi mat deene Placken ëmgaange gëtt, déi net op der Lëscht stinn. 🤷🏻♂️🚗 piraten.lu/autosplacken/
De 16. Juni ass op Demande vun de Piraten hin iwwert d'Propos vun der EU Kommissioun diskutéiert ginn, laut der all Bild, Video, Message a Sproochnoriicht aus Chats soll op kannerpornographesch Inhalter gescannt ginn. Dh keen digitaalt Bréifgeheimnis méi. piraten.lu/protektioun-vum-dateschutz-chatcontrol/
Mir Piraten hunn dofir gefuerdert, dass d'Regierung sech zum digitale Bréifgeheimnis bekennt an sech am EU Conseil dofir asëtzt, dass de Screening vu Biller, Videoen, Messagen a Sproochnoriichten, d.h. déi sougenannte Chatcontrol, aus der Propos entfält.
Wenig überzeugt zeigte sich auch Marc Goergen von den Piraten. „Wenn wir eine Milliarde investieren würden, um energieautark zu werden, hätten wir mehr erreicht“, meinte Goergen.
D'Pirate wënsche jidderengem e schéinen Nationalfeierdag! 🇱🇺😁 An eisem Land wunne vill wonnerbar Mënschen aus ville Kulturen. Dat mecht eist Land esou besonnesch an ass ee Grond vu villen eist Land ze feieren. 🥳
Den 11. Juni huet eis Fussball-Nationalequipe e Match géint d’Tierkei gespillt. Dobäi ass de Sport selwer leider des Ëfteren an den Hannergrond geréckelt. Wéi eng konkret Mesurë wäerten an Zukunft geholl ginn, fir d’Sécherheet am Stadion ze garantéieren?
The EU is planning to allow messenger and e-mail providers to indiscriminately scan and detect all private communication for suspicious content that might indicate child pornography or grooming.
This so-called 'chatcontrol' violates fundamental rights and threatens secure communication channels, thus especially affecting the victims of sexual abuse!
Viru 35 Joer gouf zu Schengen op der Marie-Astrid de Schengen Accord vu Lëtzebuerg, der Belsch, Frankräich, Holland an Däitschland ënnerschriwwen. ✍🏻 E steet fir europäesch Integratioun an d'fräi Beweegung vu Wueren, Geld a Mënschen an ass haut net méi aus ewech ze denken.
Mir Pirate stinn zu Europa, zum Schengen Accord an zu oppene Grenzen. De Schengen Accord muss no de Pandemiejoere gestäerkt ginn, dass mir an eis europäesch Noperen ni méi zoue Grenzen mussen erliewen!
Wéi vill Policebeamten a Leit vum CGDIS waren op der Plaz, fir de Marathon ofzesécheren? Wéi héich sinn d'Käschte fir de Staat a wat iwwerhëllt den Organisateur?
Kafkraaftverloscht an Inflatioun. Dat bedeit, dass du mam aktuellen Akommes dir nach manner kafe kanns, wéi virun e puer Méint. Fir dat ze verhënneren, hu mir hei am Land ee gutt Gesetz: den Index! Lauschter dir dem @gomarc777 seng Meenung dozou hei un: piraten.lu/de-marc-goergen-bei-rtl-an-der-frai-politesche…